Attraktivitéit vum Beruff vum Enseignant

[vc_row][vc_column][vc_video link=”https://vimeo.com/571736508″][vc_column_text]

D’Wuelbefannen vun de Kanner gehéiert an de Mëttelpunkt vun eiser Politik. Ma och dem Enseignant säin bien-être dierf net vergiess ginn; et ass un der Zäit och emol d’Enseignanten ze froen, wéi et hinnen eigentlech geet!?Wéi wichteg et ass, e gutt qualifizéierten Enseignant virun de Kanner stoen ze hunn, huet déi lescht Zäit androcksvoll bewisen. Den Enseignant vun haut, muss op d’SchülerInne kënnen agoen, hir Stäerkte fërderen an hir Schwächen probéieren ze iwwerwannen.

Doriwwer eraus mussen eis Enseignanten vun haut, op d’Erausfuerderunge vu Muer preparéiert ginn; an der Gesellschaft souwéi an der Aarbechtswelt kënnt et ëmmer méi op “sozial Kompetenzen” a d’Kompetenzen vum 21.Joerhonnert un.

Den Enseignant dierf awer net aus administrative Grënn a bürokrateschem Opwand dësen Aufgaben net kënnen nokommen.

Dofir wëlle mir als LSAP, d’Enseignanten op dëse Punkten entlaaschten, andeems engersäits permanent Educateuren an der Schoul kënnen intervenéieren, andeems awer och Infirmieren a Psychologen all Schoul sollen zur Säit stoen an zu all Abléck kënnen agräifen.

[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]

Facebook
Twitter