An d’Aarbecht investéieren, net an den Chômage!

Newsletter

An deene leschte Woche gouf de Lockdown lues a lues opgehuewen, mee d’Nowierkungen dovunner sinn nach däitlech ze spieren. Grad elo sinn Initiativen, déi der Aarbechtslosegkeet entgéintwierken an den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft stäerke méi wichteg wéi jee.

De Centre d’Initiative et de Gestion Local (CIGL) vun Esch an de Centre d’Initiative et de Gestion Régional (CIGR) vu Wooltz sinn esou Initiativen. De Francis Remackel, President vum CIGL Esch an de Frank Arndt, Buergermeeschter vu Wooltz stellen des Initiativen am Kader vun der sanitärer Kris an engem kuerzen Interview vir.

 

Stellt de CIGL bzw. de CIGR kuerz vir. Wéieng Initiativen a Projete gett et?

Francis Remackel: De Centre d’Initiative et de Gestion Local (CIGL) Esch, 1997 gegrënnt, kuckt elo schonn ob 23 Joer Aktivitéit zeréck an ass am Laf vun der Zäit gewuess an huet sech ëmmer weider entwéckelt.

Aktuell hu mir 6 Domäner an deene mer aktiv sinn a betreien am Ganzen 170 Leit.

Eis Aktivitéitsberäicher sinn de Jugend- an Kannerberäich mat eisen Crèchen an eiser Maison Relais an de Mobilitéitssecteur mat eisem Projet VËL’OK, wou mer e Vëlo à libre service ubidden.

Donieft si mer mat der Maison Rosati am Almhütten-Charme an der Brasserie Camping’s Stuff och am Tourismus aktiv. Hei bidde mer Restauratioun an Iwwernuechtungen un an et besteet d’Méiglechkeet Eventer ze plangen. Ausserdeem ënnerhale mer och d’Grénganlagen vun der Staat Esch an hëllefen bei Konstruktiounen oder an de Cités jardinières.

E weideren Aspekt vun eiser Aktivitéit ass eisen Escher Geméiseguart wou mer lokalt Bio-Geméis fir d’Escher Leit an d’Schoulkanner produzéieren. Mir sinn och an der Kreeslafwirtschaft aktiv an betreien den Projet KreaVert, dee fir méi sozial Inclusioun an der ganzer Groussregioun suerge soll.

Last but not least, si mer mat eisem Handkesselchen fir déi Escher Bierger do. Hei maache mer kleng Aarbechten fir eis Matbierger an hëllefe wou mer kennen.

Fränk Arndt: Am Joer 2000 hu Vertrieder vun de Gewerkschaften an de Politiker aus de Gemengen Wooltz a Wanseler sech zesummen gedoe fir eng Alternativ fir déi Leit ze fannen, déi sech net um éischten Aarbechtsmaart erëm fannen a Schwieregkeeten hunn. Mat gemeinsamen Ideeën an Wäerter, Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen ass de CIGR WILTZ PLUS ASBL, den 23/03/2000 gegrënnt ginn. Am Laf vun de Joren hu sech Gemengen (Wooltz, Wanseler, Bauschelt, Réiden, Rammerich, Esch-Sauer, Stauseegemeng, Géisdrëf, Kiischpelt, Saeul) aus de Kantonen Wooltz an Réiden ugeschloss. An der Tëschenzäit si mer e feste Bestanddeel vun der Solidarwirtschaft am Norden vum Land

Eis Projeten dréinen ëm 4 Haaptachsen: Employabilitéit an d’Integratioun um Aarbechtsmaart, Regional, Lokal a Nohalteg Entwécklung, Sozial- a Solidarwirtschaft an d’Mikro- a Kreeslafwirtschaft.

Aktuell Projete wéi Eise gudden Noper oder d’Botzkëscht ënnerstëtzen Leit ab 60 Joer a Persoune mat engem Handicap an hirem Alldag. D’Initiativ Mateneen Aktiv riicht sech un d’Leit aus der Gemeng a proposéiert eng Panoplie vu Fräizäitaktivitéiten, déi zum Beispill Konscht, Kultur a Sport ëmfaasst.

Wiem dat net duergeet, dee ka sech an der Veräinswierkstaat abréngen. Hei kann een deene lokale Veräiner an Associatiounen eng Hand upaken an am techneschen, logisteschen oder och kommunikative Volet hëllefen. An och de Projet KlimBim ass eppes fir déi technesch afin Leit. Hei gi Miwwelen oder aner gebrauchten Objeten erëm opgewäert an et gëtt en en zweet Liewe geschenkt. Des Idee vun der Kreeslafwirtschaft dominéiert och de Projet ReNaissance, dee sech mam Upcycling an nohaltegem Konsum beschäftegt.

Fir d’Naturliebhaber gëtt et de Réidener Gaart, wou d’Gemeng Réiden zesumme mam CIGR de Primärschoulkanner d’Natur an de Gaart méi no bréngen. Ausserdeem hunn eis Bierger d’Méiglechkeet eng Gardeparzell ze lounen.

Och am Beräich vum Tourismus huet de CIGR sech Ziler gesat fir déi lokal a regional Ekonomie ze stäerken. D’Base de Loisirs Kaul bitt e Camping mat Schwämm, e Bike-Park an eng Spillplaz. An de Projet Rent a Bike bitt am Kader vun der interregionaler Entwécklung an der « Mobilité Douce » Vëloe fir all Besoin un.

 

Wien hëlleft a wiem gëtt gehollef?

Fränk: De CIGR hëlleft bei der Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet andeems mer berufflech Weiderbildungen ubidden an d’Leit bei enger Re-Integratioun op den éischten Aarbechtsmaart ënnerstëtzen. Mir setzen eis fir d’Hierstellung an d’Verbesserung vu soziale Kontakter an a bedeelegen eis no Méiglechkeet un der allgemenger Erhéigung vun der Liewensqualitéit vun eise Bierger. Mir sinn dovun iwwerzeegt, dass d’Solidaritéit tëscht de Gemengen eng Plue Value fir déi ganz Regioun bréngt.

Ausserdeem wëlle mer déi lokal a regional Wirtschaft ënnerstëtzen an déi nohalteg Entwécklung fërderen.

Francis: All des Aktivitéiten realiséiere mer mat +-60 Encadrants (CDI) an +-170 Salariés en insertion (CDD op 2 Joër max.) oder Bénéficiaires, wéi mer se nennen. Dat sinn déi Leit, déi eis vun der ADEM geschéckt ginn an wou mer zesumme kucken fir se erëm an den Aarbechtsprozess eran ze kréien.

Eis Encadrants si Leit mat enger edukativer, technescher, sozialer oder administrativer Formatioun. An engem multidisziplinären Encadrement probéiere mer d’Bénéficiaires esou gutt wéi méiglech erëm an den Aarbechtsprozess ze integréieren. Dat geschitt iwer ganz vill Formatiounen, Stagen an Aarbechten bei eis am CIGL an deene verschiddenen Aktivitéitsfelder.

Mir setzen dës Leit an eisen villfältegen Aktivitéiten an, fir d’Chancen ob eng Reintegratioun an den Aarbechtsprozess esou grouss wéi méiglech ze maachen.

 

Wéi huet déi Sanitär Kris de CIGL/CIGR getraff?

Francis: Déi sanitär Kris huet eis getraff wéi déi normal Betriber. Mir hunn eis Aktivitéite missen erof fueren an hun nëmmen am service réduit funktionéiert. Mir konnte jo eist Geméis net futti goe loossen. Mir hunn och wa méiglech ob den Télétravail zeréck gegraff, mee allgemeng waren mer och am Lockdown.

Mir hunn eis Aktivitéiten och deels ëmgestallt an hunn eise service à la personne renforcéiert an hu fir eis eeler Matbierger Akeef iwwerholl oder hinnen bei hiren Aarbechten gehollef – natierlech am Respekt vun de sanitäre Reegelen.

Et war keng einfach Zäit. D’Leit déi bei eis geschafft hunn waren onsécher an hunn zum Deel gefaart, net eleng fir hier Sëcherheet mee och fir d’Sécherheet vun hire Kontaktpersounen.

„Navigation à vue“ war e bëssen de Motto an mir hunn all Dag bäigeléiert wie mer eis sollen an musse verhalen fir de Leit ze hëllefen mee och fir si an eis gläichzäiteg ze schützen.

Fränk: Wann ee sech als Responsabelen vum CIGR mat 140 Mataarbechter vun engem Dag op den aneren mat der Kris, mat der Gesondheet an der Sécherheet vun eiser Clientèle an dem ganze Personal auserneen ze setzen huet, da gëtt eengem bewosst wat sou e Virus wirklech fir eis Gesellschaft bedeit.

Eis d’Atelieren an d’Receptioun, souwéi den Re-Naissance Buttek waren ab dem 16. Mäerz zou. D’Leit waren an der Dispens well d’Servicer net méi hunn dierfen funktionéieren. An der Administratioun hunn ongeféier 80 Prozent vun eise Leit am Télétravail geschafft. Selbstverständlech war et vill méi Aarbecht alles am Schnelltempo ze organiséieren, fir d’Sécherheetsmoossnamen ëmzesetzen, Sécherheetsmaterial ze fannen, permanent Leit ze informéieren souwéi och den administrativen an techneschen Opwand ze leeschten.

Fir déi eeler, vulerabel a krank Leit hu mer e gratis-Service fir Akeef am Supermarché an an der Apdikt an d’Liewe geruff. Dëse Service ass an all eise Gemengen aktiv.

 

Aus där sanitärer Kris si vill ekonomesch a sozial Problemer entstaanen. Gëtt et Pläng wéi de CIGL de Leit hei op laang Siicht hëllefe kann?

Francis: Jo, d’Aarbechtslosegkeet wäert klammen an domadder och d’Erausfuerderungen fir eis als CIGL. Hei mussen d’Initiatives sociales aktiv mat agebonne ginn, fir déi Leit opzefänken, déi elo am Schlëmmste vun der Kris getraff gi sinn, dat heescht déi Leit, déi hier Aarbecht verluer hunn.

Konkret wären dat dës Virschléi:

  • D’Initiatives sociales aktiv abannen an d’Kampf géint de klammende Chômage untrieden, andeems mer d’Zuele vun den salariés en insertion eropsetzen.
  • Temporär d’Zäitrumm vun deene maximal 2 Joer, déi een an engem CIGL verbrénge kann eropsetzen
  • D‘mesures d’insertion pour chômage longue durée déi leider fir 2020 fir d’initiatives sociales ausgesat gouf, direkt erëm aféieren an domadder zemools deene Leit iwwert 50 Joer eng reell Chance ginn.

Mir kréien als CIGL ongeféier 1/3 vun eisen Leit déi mer encadreieren erëm ob den 1. Aarbechtsmaart. Dat ass engersäits vill, anerersäits awer och net, well 2/3 bleiwen ob der Stréck a falen erëm an de Chômage an dat ass net gutt. Déi 2 Joer bei eis am CIGL ginn oft net duer fir d’Leit sozial a professionnell esou ze forméieren, fir hinnen, um ëmmer méi komplexen an komplizéierten Aarbechtsmaart, eng reell Chance ze erméiglechen; do misst nogebessert ginn.

Meng Devise war ëmmer et ass besser d’Leit hunn eng Aarbecht, an wann et och temporär ass, wéi si sinn aarbechtslos. Mir mussen de Leit eng Perspektiv ginn an alles ass besser wéi de ganzen Dag doheem ze setzen an näischt mat senger Zäit ufänken ze wëssen. Aarbecht ass genuch do an d’CIGLen existéieren fir zesumme mat deene Leit, déi keng Aarbecht hunn, sënnvoll Aarbechten am Interêt vun der Allgemengheet ze leeschten.

Schlussendlech gëtt dat de Staat net méi deier wéi d’Bezuele vum Chômage. Am Géigendeel: Fir déi Differenz, déi de Staat dropleet kritt e 40 Stonnen Aarbecht pro Woch geleescht an et gëtt de Leit erëm Hoffnung an Perspektiven.