“Fir e méi sozialt Europa: d’LSAP engagéiert sech!” – Fräi Tribün vum Marc Angel.

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) befaasst den Deputéierten an europa- an aussepoliteschen Spriecher vun der LSAP, de Marc Angel, sech mat de Froen, déi am Kader vun der ëffentlecher Consultatioun vun der EU-Kommissioun fir e méi soziaalt Europa opgeworf goufen a mat den entspriechende Virschléi vun der LSAP. Hei säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren:

 


 

“Fir e méi sozialt Europa: d’LSAP engagéiert sech!”

Gudde Mëtteg

D’LSAP ass eng Partei, an der vill an oft och ganz kontrovers diskutéiert gëtt.

Wann et awer dorëms geet, eis fundamental Wäerter ze verdeedegen an all Chance ze notzen, fir ons Gesellschaft e Stéck méi sozial a méi gerecht ze maachen, dann zéie mir all un engem Strang.

Ewéi d’Europäesch Kommissioun am Mäerz 2016 eng ëffentlech Konsultatioun doriwwer lancéiert huet, wéi een Pilier vu sozialen Rechter an der EU kéint ausgesinn an wéi d’Leit sech dee virstellen, war et fir eis als LSAP kloer, dass mir bei esou engem Projet aktiv mussen matschaffen.

D’LSAP huet dofir an hirem Aarbechtsgrupp zu EU-Froen mat allen intresséierte Memberen zesummen hier Äntwerten zu engem méi sozialen Europa ausgeschafft.

Eis Haaptfuerderung fir d’Zukunft vun der europäescher Politik ass dobäi, dass nei europäesch Gesetzer an allen Beräicher, di sozial Aspekter mussen stäerken.

Sie mussen dobäi esou ëmgesat ginn, dass eng Upassung oder Konvergenz no uewen kann stattfannen an sech di sozial Situatioun an alle Länner kann verbesseren. Een gutt Beispill sinn do die aktuell Diskussiounen iwwert d’Reform vum Détachement d.h. vun den Bestëmmungen, wann een Aarbechter vun senger Firma fir eng kuerz Zäit an een aanert EU-Land détachéiert gëtt.

De Grondsaz, dass all Aarbechter fir di nämmlecht Aarbecht op der nämmlechter Plaz och nämmlecht musse bezuelt ginn, muss duerch des Reform endlech Realitéit ginn.

An der Budget- an Haushaltspolitik, wou duerch dat Europäescht Semester momentan reng no ekonomeschen a finanziellen Critèren Sanktiounen verhaangen ginn, mussen elo och sozial Critèren definéiert ginn. Dës sozial Critèren mussen genau sou bindend sinn, wéi di budgetär.

D’Europäesch Kommissioun huet an der Konsultatioun schonn eng Rei Virschléi gemaach. Verschiddener dovun kennen mir Sozialisten voll a ganz ënnerstëtzen, esou wéi zum Beispill een Critère deen d‘égalité des chances um Aarbechtsmarché fuerdert.

Allerdéngs sinn eng Rei aner Virschléi vun der Kommissioun ze vague formuléiert, fir en reellen Impakt ze hunn, oder si ginn carrément an di falsch Richtung.

Wann d’Kommissioun zum Beispill eng Propose zu sécheren a flexibelen Aarbechtskontrakter mëscht, dann kennen mir di Propose esou net ënnerstëtzen.

An der Vergaangenheet gouf bei sou Proposen näämlech just d’Flexibilitéit duerchgesat, ma d ‘Sécherheet fir den Salarié blouf op der Streck.

Hei huet LSAP sech dofir staark gemaach, dass d’Flexibilitéit um Aarbechtsmarché esou muss encadréiert ginn, dass se net wie bis elo zu Abusen feiert, wou d’Leit keng fest Kontrakter méi kréien an sozial net oder nëmme schlecht ofgeséchert sinn.

D’Konsultatioun vun der EU Kommissioun ass elo eriwwer – am Mäerz wëll si hier definitiv Propositiounen op den Dësch leeën.

Mir als Sozialisten wäerten ons dofir asetzen, dass des Propositiounen zu engem reellen Changement an Europa féieren kennen.

Fir dass dat awer méiglech ass, brauchen mir an Europa och di politesch Majoritéiten, fir des Proposen ëmzesetzen, an dëst souwuel um lokalen, wie och um nationalen an um europäeschen Niveau.

An do, léif Nolauschterinnen a Nolauschterer, leit den Ball eben och bei Iech.

Wann och Dir haart an däitlech an ëmmer erëm méi e soziaalt Europa fuerdert, hu mir zesummen d‘Méiglechkeet um politesche Plang eppes an dëser Richtung ze bewegen.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.


 

Hei den Audio-Matschnëtt:

https://goo.gl/uAqEmK

Facebook
Twitter