Europa. Kloer. Anescht. LSAP-Manifest fir d’Europawahlen 2019

Neiegkeeten

Europa. Kloer. Anescht.

 

Europa ass Fridden, Demokratie a gemeinsam Wäerter, déi mer mat all eisen europäesche Matbierger deelen.

Europa, dat ass d’Fräiheet ze reesen an ze schaffen, wou ee well, ouni Kontrollen a Bedéngungen. Europa ass d’Méiglechkeet fir eis Jugendlech, iwwerall studéieren an Ausbildunge maachen ze kënnen, nei Kulturen a Mënsche kennen ze léieren.

Europa ass de weltgréisste Bannemaart, deen eisem Land wirtschaftleche Wuelstand séchert. Europa, dat ass eng gemeinsam, staark Währung.

Europa, dat sinn och sozial Mindestrechter fir all d’Mënschen an e gudde Schutz vun eise perséinlechen Daten am Zäitalter vun der Digitaliséierung. Europa, dat si méi Rechter fir d’Konsumenten.

Europa dat heescht, dass mir Lëtzebuerger op Aenhéicht a gläichberechtegt mat eisen europäesche Partner diskutéieren an décidéieren. Europa gëtt eiser Stëmm Gewiicht an der Welt.

Et gëtt keng Alternativ zu Europa.

Mee Europa ass ausser Otem. D’Solidaritéit tëscht den europäesche Länner ass ugeschloen. D’Austeritéitspolitik huet d’Ongläichheete verstäerkt an d’Vertraue vun den Europäer an d’Politik geschwächt.

Ze ville Mënsche geet et net gutt. Si sinn der Aarmut oder dem Aarmutsrisiko ausgesat a kréien d’Enner net méi zesummen. Ee vu véier europäesche Kanner ass direkt vun Aarmut betraff.

Fir grad déi Leit sinn och d’Ëmweltproblemer am gréissten. Si leiden am meeschten ënnert Loftverschmotzung, schlechtem Waasser an dem Klimawandel.

D’Onzefriddenheet vun de Mënschen, déi am aktuelle Wirtschaftssystem op der Streck bleiwen, stäerkt nationalistesch Populisten. Si féiert zu enger Kris vun der Demokratie an den europäesche Wäerter.

All dëst huet ee gemeinsamen Nenner: d’Ongerechtegkeet. D’sozial, d’ekologesch an déi demokratesch Kris sinn allen dräi den Ausdrock vu feelender Gerechtegkeet. Si mussen dofir zesumme geléist ginn.

Ëm sou méi well déi verschidde Krisen ee gemeinsamen Ausléiser hunn: e kuerzfristeg ausgeriichte Wirtschaftsmodell, dee wéineg Rücksicht op de Mënsch an nach manner op d’Ëmwelt hëlt.

Mir Sozialiste setzen eis fir e bessert Europa an. Fir eng europäesch Politik, déi de Mënsch, d’sozial Rechter, d’Ekologie an d’Wuel vun der Allgemengheet an den Zentrum stellt.

De 26. Mee d’Sozialiste wielen heescht en anert Europa wielen. E gerecht, solidarescht, erneierbaart, innovatiivt, demokratescht a friddlecht Europa.

 

Europa. Natierlech. Gerecht.

 

Ee soziaalt an e gerecht Europa ass nëmme méiglech, wa mir Ongläichheete reduzéieren an Ongerechtegkeet bekämpfen. Bierger, Konsumenten a Salariéeë mussen hir Rechter kënnen duerchsetzen.

D’Sozialiste wielen heescht:

– eng Fra/Mann-Gläichstellungsstrategie, déi all Form vun Diskriminatioun tëscht de Geschlechter op en Enn bréngt

– eng EU-Agenda fir de Kampf géint d’Aarmut. Dëst fir d’Zuel vun de Betraffene bis 2030 ëm 25 Milliounen, a bis 2050 ëm 50 Milliounen erofzedrécken

– en europäesche Mindestloun, deen op engem nationalen Index berechent gëtt an deen all EU-Bierger en anstännegt Liewen a sengem Land erméiglecht

– eng sozial Protektioun fir all déi Schaffend, besonnesch och déi, déi op den digitale Plattformen an an allen anere Secteure mam Risiko vu Schäinselbststännegkeet schaffen

– sécher a stabil Aarbechtsverhältnisser fir all schaffend Leit

– eng Verbesserung vun de Matbestëmmungsrechter vun de Salariéeën op europäeschem Niveau

– eng Europäesch Agence fir Aarbecht, déi dofir suergt, datt d’Aarbechtsrecht agehalen an de Sozialdumping verhënnert gëtt

– e Recht op Weider- a Fortbildung fir all déi, déi schaffen, fir se bei der grousser Transitioun an der Aarbechtswelt ze begleeden

– e verbindlechen Étiquetage vu Liewensmëttelen, deen Opschloss gëtt zum Nährwäert, der Hierkonft an och dem Impakt op d’Ëmwelt an de fairen Handel

– nei Konsumenterechter op den Online-Handelsplattformen: zu de Froe vu Livraisoun, dem Récktrëttsrecht, dem Rechtsschutz bei neie Forme vu Bedruch

– d’Méiglechkeet fir d’Konsumenten, europawäit Sammelkloen ze lancéieren, fir hir Rechter effikass anzefuerderen.

 

Europa. Bestëmmt. Solidaresch.

 

Europa ass a bleift och an der noer Zukunft dee gréisste Wirtschaftsraum op der Welt. Et läit also un eis, wéi mer eise Wirtschaftsmodell ausriichten. E Modell, deen eleng de kuerzfristege Profit ustrieft, muss der Vergaangenheet ugehéieren. De Mënsch an d’Ëmwelt sollen an den Zentrum vun eise Wirtschaftsiwwerleeunge réckelen. Den europäesche Wirtschaftsmodell soll nohalteg, sozial a fair sinn.

D’Sozialiste wielen heescht:

– en “EU-Nohaltegkeetspass” mat sozialen an ekologesche Critèren, deen den Zougang zum EU-Bannemaart fir d’Entreprise regelt

– EU-wäit sozial an ekologesch Critère fir d’Vergi vun ëffentlechen Opträg

– eng europawäit effektiv Kierperschaftssteier (impôt sur les sociétés) vu minimum 18%. Fir datt all d’Entreprisen hiren Deel vun der Steierlaascht droen, och d’multinational Entreprisen am digitale Beräich

– eng Finanztransaktiounssteier, déi der ekologescher an der digitaler Transitioun zeguttkënnt

– eng verbessert Kooperatioun tëscht den nationale Steierautoritéiten

– d’Eestëmmegkeet am Conseil soll a Steierfroen iwwerduecht ginn

– eng resolut europäesch Politik fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen am Allgemengen an den Entreprise vun der “économie sociale” am Speziellen. Europa soll attraktiv fir d‘Entrepreneuriat sinn

– d‘Stäerkung vun der europäescher Industrie, fir datt se kompetitiv an zukunftsorientéiert bleift, fir datt déi laang industriell Traditioun an Europa weider besteet.

 

Europa. Onbedéngt. Erneierbar.

 

D’Wëssenschaft léisst keen Zweiwel drun: de globale Klimawandel muss op 1,5 C° begrenzt bleiwen, wa mer eise Kanner an Enkelen e liewenswäerte Planéit hannerloosse wëllen. Fir aner ekologesch Froe wéi d’Biodiversitéit an d’Buedemfruchtbarkeet ass d’Urgence net manner grouss. Wéi all Ëmweltthema ass d’Klimafro eng fundamental Gerechtegkeetsfro, tëscht de Generatiounen an tëscht Aarm a Räich. Europa brauch eng sozial gerecht ekologesch Transitioun.

D’Sozialiste wielen heescht:

– eng wëssenschaftsbaséiert Klima- an Energie-Strategie fir 2050, déi d’sozial gerecht Transitioun voll integréiert a spezifesch Transitiounsprogrammer fir energieintensiv Secteure virgesäit

– eng europäesch Investitiounspolitik, déi virun allem d’Energietransitioun ustéisst

– eng europäesch Landwirtschaftspolitik, déi souwuel Klima- a Biodiversitéitsziler verfollegt wéi och de Bauere gerecht Präisser garantéiert, hir Roll an der Produktiouns- an Distributiounschâine vu gesonde Liewensmëttele valoriséiert a besonnesch jonke Baueren den Zougang zu landwirtschaftlechem Terrain erliichtert

– Budgetsregele fir d’Memberstaaten, déi nieft Schold- an Defizitcritère verbindlech sozial-ekologesch Objektiver verfollegt

– en neit Mandat fir d’Europäesch Zentralbank, fir datt hir Politik nieft der Präisstabilitéit och déi sozial-ekologesch Objektiver verfollegt

– eng Steierpolitik, déi de Faktor Pollutioun penaliséiert an de Faktor Aarbecht entlaascht

– verbindlech Mesuren zur Eliminatioun vun Eeweeplastik, zur Vermeidung vum Liewensmëttel-Gaspillage an zu der Liewensdauer vun elektronesche Produiten.

 

Europa. Absolut. Innovativ.

 

Déi 4. industriell Revolutioun ass am Gaang. Digitaliséierung, Robotiséierung a künstlesch Intelligenz bidde nei Méiglechkeeten an alle gesellschaftleche Beräicher. Déi Chance sollen alle Leit zeguttkommen. Kee soll zeréck bleiwen. Bildung a Weiderbildung fir jidderee sinn haut méi wichteg wéi jee. Gläichzäiteg gëllt et awer och, fundamental europäesch Wäerter an der digitaler Welt ze garantéieren: Meenungsfräiheet, perséinlech Sécherheet, Toleranz a géigesäitege Respekt solle weiderhi grouss geschriwwe ginn, genee wéi och de Schutz vun de Konsumenten.

D’Sozialiste wielen heescht:

– eng europäesch Investitiounspolitik, déi op Recherche an Développement ausgeluet ass an déi d’Innovatiounskraaft besonnesch vu klengen a mëttele Betriber verstäerkt

– en europäescht Recht op Weiderbildung an eng europäesch Job-Garantie fir Leit, deenen hir Aarbecht sech duerch d’Digitaliséierung oder d’Robotiséierung verännert oder déi se dowéinst riskéieren ze verléieren

– keng “upload filters” déi d’Meenungs- an Ausdrocksfräiheet beschränken. Responsibiliséierung vun de digitale Plattforme och bei der Rémunératioun vun de kreativ Schaffenden

– e weideren Ofbau vum sougenannte “geo-blocking”, fir dass de fräien Zougang zu Online-Offeren europawäit garantéiert ass

– eng efficace europäesch Zesummenaarbecht bei der Cybersecurity

 

Europa. Sécher. Demokratesch.

 

D’europäesch Demokratie ass a Gefor. Manipulatioun duerch nationalistesch a populistesch Kräften, mangelnd Transparenz vun den europäeschen Institutiounen, ongehemmten Afloss vun de Multinationalen an ongenügend Abannung vun den Acteuren aus der Zivilgesellschaft: alles Facteuren, déi zur Désillusioun vum Bierger vis-à-vis vun der europäescher Iddi bäidroen. Europa muss e neie Kontrakt mam Bierger schléissen, fir d’europäesch Demokratie nei ze beliewen.

D’Sozialiste wielen heescht:

– eng schnell Ëmsetzung vum verstäerkten Initiativrecht fir d’Bierger an d’Hamoniséierung vum EU-Wahlrecht, fir datt d’EU-Bierger iwwerall déiselwecht Rechter hunn

– méi transparent Entscheedungsprozesser, virun allem am Conseil

– eng verbessert parlamentaresch Kontroll vun allen Décisiounen, besonnesch och am Finanz- an am Wirtschaftsberäich

– en europawäite Schutz fir Whistleblower

– en neie Sozialdialog mat méi Rechter fir d‘Gewerkschaften an d‘Zivilgesellschaft an den europäesche legislative Prozeduren

– den Ausbau vum Recht op Kollektivverträg

Europa. Weider. Friddlech.

Déi fundamental Iddien an d’Weltbild op deenen d’Europäesch Unioun berout, ginn op internationalem Niveau ëmmer méi oft a Fro gestallt. Mee nëmme wa mer weiderhi Multilateralismus, Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter héich halen, ënnert eis an dobaussen an der Welt, bleift de Friddensprojet Europa um
Liewen. Europa brauch eng staark a selbstänneg Aussepolitik fir seng Bierger a Wäerter ze verdeedegen a fir mat enger Stëmm an der Welt ze schwätzen.
D’Sozialiste wielen heescht:

– d’Eestëmmegkeet am Conseil fir d’Aussepolitik ofschafen, fir eng efficace europäesch Aussepolitik ze garantéieren – alles drunzesetzen, fir den INF-Vertrag ze erhalen an nei, multilateral Verträg a Saache Rüstungskontroll auszeschaffen, mam laangfristegen Zil, atomar Waffe ganz ofzeschafen

– legal Kaderen opstellen, fir déidlech, autonom Waffen, Cyberwaffen an aner nei Waffesystemer ze reglementéieren oder ze verbidden

– en EU-Plang fir Entwécklungshëllef, deen op de 17 Ziler vum 2030-Agenda baséiert an all EU-Member dozou verflicht, mindestens 0.7% vu sengem RNB an Entwécklungshëllef ze investéieren

– sozial an ekologesch Standarden an Handelsofkommessen an aneren internationale Verträg verankeren, fir de Mënsch, d’Aarbecht an d’Ëmwelt ze schützen

– eng Reform vun der Dublin-Regulatioun, déi d’Laaschten a Saachen Asylpolitik duerch e solidaresche Verdeelungsmechanismus méi gerecht tëschent de Memberstaate verdeelt

– eng verbessert europäesch Regelung fir d’Integratioun vu Flüchtlingen.

 

Et gëtt keng Alternativ zu Europa. Mee et ginn Alternativen zur europäescher Politik. D’Sozialisten engagéiere sech fir en Europa, dat de Bierger an de Mëttelpunkt stellt. En Europa, dat méi gerecht ass, méi sozial a méi ekologesch. E solidarescht Europa, no baussen an no bannen. En Europa, dat no vir kuckt.

Europa. Kloer. Anescht.

Europawahlen2019 – Manifest PDF-Version