Eis Kandidaten fir d’Gemengewahlen 2017 – “Eng authentesch Ekipp fir eng dynamesch Entwécklung”

News, Wahlen 2017

Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,

Eng dynamesch a staark motivéiert LSAP-Ekipp trëtt un bei de Gemengewahle vum nächsten 8. Oktober.

Wéi an der Vergaangenheet, wou eis 4 Mandatairen am Schäffen- a Gemengerot hiert Bescht ginn hunn fir d’Interesse vun alle Matbierger aus eiser Gemeng ze vertrieden, esou si mir och bereet an deenen nächste Joren weider Verantwortung ze iwwerhuelen, wann de Wieler eis nees säi Vertraue schenkt.

D’Erausfuerderungen deene mir eis musse stellen, an enker Zesummenaarbecht mat Iech, léif Matbiergerinnen, léif Matbierger, bestinn doran, d’Liewensqualitéit ze erhalen a wa méiglech ze verbessere vun all deenen déi zu eiser multikultureller Gesellschaft gehéieren.

Eist prioritäert Uleies ass, aus Ettelbréck a Waarken eng Gemengeneenheet ze maachen déi sech auszeechent duerch Zougänglechkeet an Oppenheet.

Eis Gemeng huet eng Villzuel vun Entwécklungsméiglechkeeten déi et gëllt ze entdecken an ëmzesetzen! Mir maachen duerfir ee waarmen Appell un all Matbierger fir matzeschaffe bei der Konkretisatioun vun deenen interessanten a spannenden Opportunitéiten déi sech opdinn am Kader vun der Étude „Ettelbréck a seng Zukunftsvisiounen“. Des Strategie soll aus gemeinsamen Iwwerleeungen an duerch enk Zesummenaarbecht vum Bierger an de responsabele Politiker, déi konkret Ëmsetzung vu Projeten erméiglechen.

D’Kandidate vun der LSAP-Lëscht fir d’Kommunalwahlen si bereet sech anzesetzen fir eng konstruktiv an effizient Kollaboratioun mat allen interesséierte Matbierger mat dem Ziel, aus Ettelbréck eng Stad ze maachen déi wibbelt, déi sech ännert a sech positiv an nohalteg weider entwéckelt !