Wie sinn d’JS?

D’Sozialiste gehéieren esou zu Esch, wéi de roude Buedem! A jidderee fänkt eemol jonk un…

 

JS Esch: dat si flott Aktiounen a Manifestatiounen zesumme mat enger sympathescher an aktiver Equipe!

 

 

Nëtzlech Informatiounen iwwert d’Escher Juso’en an hir Aktivitéiten fënns de op eiser Facebooksäit an op Instagram.

Nierft de soziale Medien, kanns du och iwwer E-mail (jonksozialistenesch@gmail.com) Kontakt mat eis ophuelen an esou aktive Member bei eis ginn. Oder och einfach lafend vun eis informéiert ginn iwwer eis Aktivitéiten.

Du bass där net sécher op d’JS eppes fir dech ass? Komm einfach emol an eng Versammlung oder op eng Aktivitéit luussen a maach där selwer e Bild.

Wie sinn d’Jongsozialisten?

D’Jeunesses Socialistes Luxembourgeoises (JSL) sinn d’Jugendorganisatioun vun der LSAP an déi gréisste lénk Jugendbeweegung zu Lëtzebuerg.

D’JSL funktionnéieren autonom par rapport zu der LSAP, andeems se hier eegen Iddien a Positiounen ausschaffen an no bausse vertrieden.

D’sozialistesch Jugend setzt sech fir eng fräi, gerecht an solidaresch Gesellschaft an.
Eng Gesellschaft an der keen wéinst senger Hierkonft, senger Relioun, senger Hautfuarf, sengem Geschlecht oder sengem soziale Milieu, benodeelegt duerf ginn. D’JSL vertrieden d’Opfassung, dass d’Problemer an eiser Gesellschaft nëmme geléist kenne gin, wann en zesummen, solidaresch als Gesellschaft, d’Problemer upéckt.

D’Grondwäerter vum Sozialismus : Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit bilden demno d‘Basis an d‘Ziel vun eisem politeschen Handelen.

Jonk. Rout. Progressiv.

Ënnert dem Slogan « Jonk. Rout. Progressiv. Mir paken et un! », setzen d’Jongsozialisten sech an fir e staarken Sozialstaat, deen d’Aarmut bekämpft, de sozialen Besetzstand verteidegt, all de Bierger gläich Méiglechkeeten op e selbstbestëmmt Liewen bitt, Participatioun am ëffentleche Liewen ënnerstëtzt a sozial Gerechtegkeet garantéiert.

Mär gleewen un d’Mateneen vun de Kulturen an d’Gläichstellung vu Fra a Mann. Eis Ënnerstëtzung huet nach ëmmer besonnesch, awer net exklusiv, deenen Schwaachen aus eiser Gesellschaft gegollten an deenen, déi selwer kee Matsproocherecht hunn. Mär stinn fir eng Gesellschaft wou all Mënsch déi nämmlecht Chancen kritt.