“Eng staark ëffentlech Schoul als eenzege Garant fir méi Chancëgerechtegkeet” – Eng fräi Tribün vum Francine Closener

Dreem weider- sou huet leschte Freideg een Teenager mir geäntwert, wéi ech him sot, et wier de Weltdag vun de Kannerrechter. De Jong, grad wéi vill vu senge Kolleege fillt sech komplett iwwergang, besonnesch elo an der Pandemie… di Jonk mengen, datt hier Suergen, Ängschten a Besoinen iwwerhaapt net wouer geholl ginn.

Dat Onglécklech-Si spigelt sech och an de Resultater erëm vun der Uni hirer Etüd “Covid-Kids”, déi wärend dem Lockdown am Fréijoer gemaach gouf. D’Zefriddenheet vun de Kanner a Jonke mat hirem Liewen ass deemno massiv zréckgaangen, d’Angscht viru Krankheet ass vill méi ausgepräägt wéi bei hiren Alterskolleegen an anere Länner, an d’Kanner aus sozio-ekonomesche schwaache Famillen hu vill méi Problemer mat der Pandemie eens ze ginn, wéi déi aus besser gestalte Milieuen.

Fir grad déi Kanner riskéiert d’Krise zu enger reegelrechter Menace fir di kierperlech a psychesch Entwécklung ze ginn.

An di grouss oppe Bildungsschéier, souwisou schonn een dramateschen Dauerbrenner zu Lëtzebuerg, riskéiert nach vill méi auserneen ze goen. Dat dierf net sinn an dat wäerte mir als LSAP net zouloossen.

Eng staark ëffentlech Schoul ass onentbierlech. Grad an engem Land, wou an Tëschenzäit 2 vun 3 Kanner, déi ageschoult ginn, doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, grad hei muss den Unterrecht an der ëffentlecher Schoul permanent ugepasst ginn a qualitativ héichwäerteg fir jidderee sinn.

D’Schoul ass déi Plaz, wou d’Stäerkte vun de Kanner musse gefërdert an d’Schwächten opgeschafft ginn. Duerfir setze mir eis derfir an, datt an der ëffentlecher Schoul endlech eng qualifizéiert a gratis Nohëllef agefouert gëtt, eng immens wichteg Moossnam fir méi Chancëgerechtegkeet. Mir halen drop, datt dat Verspriechen aus dem Koalitiounsaccord ageléist gëtt. Et ass bedauerlech, datt  de Ministère dee bis Februar geplangten Appui aus Krisegrënn ersatzlos fale gelooss huet.

Dee selwechte Koalitiounsaccord ernimmt och kloer den Engagement  vun der Regierung  zum Renforcement vun der ëffentlecher Schoul an hirer Bildungsoffer.

Dat geet awer nëmmen, wann mir d’Penurie u kompetenten Enseignanten an de Grëff kréien. De Beruff muss onbedengt nees méi attraktiv ginn.

Dat geet och nëmmen, wann d’Schoul sech konsequent un d’Realitéit vum 21. Joerhonnert upasst.

A mengen Ae ka just déi ëffentlech Schoul dës Aufgabe fir all d’Schüler iwwerhuelen. Mir brauchen eng Schoul, déi op déi individuell Besoinen, op d’Schwächten an op d’Stäerkte vun den eenzele Schüler ageet. Wat mir net brauchen, si privat Schoulen, déi dës Aufgab iwwerhuele wëllen, an dobäi fir d’éischt emol nom Portmonnie vun den Eltere kucken. Mir brauchen och keng Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul.

D’Sozialiste setzen sech zanter jeehier fir d’école publique an-  an dat wäert och sou bleiwen. Mir gleewen un den ëffentleche Bildungsoptrag.

D’Ängschte virun enger schläichender Privatiséierung vun eiser Schoul sinn awer grouss. Dat hu mir di lescht Wochen, am Kontext mat engem Gesetzprojet iwwer d’Direktere vu 4 Lycéeë gesinn. Vill Leit hate guer kee Versteesdemech fir sou e Gesetz an et ass gutt, datt den ëmstriddene Projet vum Programm vun der Chamber erof geholl ginn ass. Dee Protest ass Zeeche vun engem seriö’en Malaise.

De Wonsch no Austausch, no Gehéiert ginn, an Unerkennung ass nämlech net just bei de Schüler, mee och bei den aneren Acteuren an der Schoul offensichtlech.

Dreem weider, krut ech vum Teenager gesot. Jo, ech dreeme wieder – an ech sinn iwwerzeegt, dass et sech lount, sech z’engagéieren, datt wierklech all Kand zu sengem Recht op Bildung kennt.

Hei kënnt Dir d’Tribune libre nolauschteren.

Facebook
Twitter