Eng besser Verfassung fir haut a fir muer

 

Transcript

D‘Verfassung ass definitiv dat wichtegst vun eise Gesetzer. Sie ass awer an der Tëschenzäit iwwer 150 Joer al an eng ganz Réi vun Artikelen entspriechen net méi eisen heitegen Realitéiten.

Dofir huet d‘Institutiounekommissioun vun der Chamber viru bal 20 Joer e Reformprozess ageleet, den elo kuerz virum Ofschloss ass.

An deene leschte Woche gouf méi iwwert d‘Form vun der Decisioun iwwert di Upassungen vun eiser Verfassung diskutéiert a gestridde wéi iwwer Inhalter.

D’LSAP stoung a steet zu der Moderniséierung vun eisem Grondgesetz a war ëmmer beméit d’Leit ronderëm eis Constitutioun zesummenzebréngen a net auserneenzedividéieren.

Déi Verfassungsrevisiounen, déi elo prett sinn, wëllen dat erhalen, wat sech bewäert huet an dat upassen, wat an enger parlamentarescher Demokratie, enger konstitutioneller Monarchie, wei eiser, noutwenneg ass.

Dat ass net am stëlle Kämmerlein oder an enger Hexe-Kiche geschitt, net iwwert d’Käpp vu de Leit ewech mee no engem 1. Referendum 2015 dem säi Resultat integral respektéiert gëtt a no enger Réi vu weidere Consultatiounen.

A wann een sech elo d’Fro no dem Pro a Contra vun den Upassungen stellt, dann ass et sécher nëtzlech fir genau ze kucke wat sech am Text ännert a wat et eis bréngt.

Dozou just e puer Beispiller: d’Recht op eng dezent Wunneng gëtt als Prioritéit vun eisem Staat an eisem Grondgesetz unerkannt.

Grad wéi d’Recht op eng gesond Ëmwelt a Klimaschutz, d’Recht op Kultur, d’Fräiheet vun der Fuerschung, an den Dateschutz. Doniewent ginn d’Rechter vun de Kanner, an der Famille gestäerkt, de Sozialdialog muss laut Verfassung gefërdert ginn, an d’Beruffschamberen zéien an (den Text an). Och den Déiereschutz kritt méi en héije Stellewäert.

Eis zukünfteg Verfassung insistéiert op d’Onofhängegkeet vun der Justiz, stäerkt d’Rechter vun de Leit viru Geriicht an d’Onscholdsvermutung a räsonabel Delai’en kommen an d‘Verfassung.

Eis Lëtzebuerger Sprooch kritt hiir Plaaz an der Verfassung an eis Méisproochegkeet gëtt bestätegt, grad wei de routwäissbloe Fändel an eis „Heemecht“ op d’Visitekard vun eisem Land kommen.

D’Roll vun eisem Grand-Duc als moderne Staatschef an als Deel vun der Exekutiv gëtt präziséiert an der Regierung hir politesch Roll an der Exekutiv grad wei eis Chamber an hire Kontrollrechter gi gestäerkt.

D’Relatiounen tëscht dem Staat an de Relioune ginn an der Verfassung festgehalen, d’Trennung bestätegt.

Schliisslech kënnt d’Recht vun de Bierger ënner kloren Konditioune, Gesetzesinitiativen anzebréngen iwwer déi Chamber da muss decidéieren.

Dir gesitt, d’Verfassung an hir Neierunge kann een net an engem „Tweet“ resuméiere mee et ass wichteg datt ee bestoend Texter mat de néie Virschléi vergläicht. Mär wäerten dofir all Efforen maachen fir dem interesséierte Bierger all Informatioun zougänglech ze maachen.

D’LSAP steet mat Iwwerzegung zu de Revisiounen a mir wäerten eis deenen an de Wee stellen déi di vill a gutt Aarbecht futti maache wëllen.

 

Mars Di Bartolomeo, Deputéierten

Facebook
Twitter