“Eis Lëtzebuerger Sprooch”: den Alex Bodry ass “Zu Gast” am “Land”

An der neister Editioun vum Lëtzebuerger Land befaasst den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry sech an engem (dräisproochegen) Zu Gast-Bäitrag mat der Lëtzebuerger Sprooch.


 

Eis Lëtzebuerger Sprooch

 

Eis Sprooch gehéiert eis all. Si gehéiert kénger Persoun, Partei oder Associatioun. All wësse mir wat mir un hier hunn, a kee wëllt, dass se u Bedeitung verléiert. D’Lëtzebuergescht bleift eis Haaptkommunikatiounsmëttel an dësem Land. An eisem Alldag ass et net ewech ze denken. D’Lëtzebuerger Sprooch huet déi leschte Joerzéngten u Bedeitung gewonnen, net verluer. Haut schwätzen a versti méi Leit eis Sprooch wéi jee virdrun. Nach ni goufen esouvill Sproochecourse besicht, nach nie esouvill op Lëtzebuergesch geschriwwe, besonnesch iwwer Internet oder SMS. Fir Lëtzebuerger ze ginn oder bei verschidden Astellunge bei Staat oder Gemengen si Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen Viraussetzung.

Allerdéngs gëtt et – dat beweist déi rezent Petitioun – en eescht ze huelende Malaise am Zesummenhang mam Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch.

All Gesetzer, Reglementer an Direktiven op Lëtzebuergesch ze iwwersetze, bréngt eis do net weider. Deen Opwand steet a kengem gesonde Verhältnis zu deem wat et eis bréngt. D’Problemer, wat de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag ugeet, mussen allerdéngs verstäerkt a konsequent ugaange ginn. Am Alldag muss d’Lëtzebuerger Sprooch hire Stellewäert behalen. Doru musse mär zesumme schaffen.

Duerfir si weider Efforten néideg, besonnesch wat de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen a Geschäfter, beim Dokter oder am Sozialwiese ubelaangt. Och un der Politik ass et hei, méi a besser ze informéieren an zousätzlech Moossnamen ze ergräife fir d’Léieren vun eiser Sprooch nach méi attraktiv ze maachen.

« La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande ».

Si notre Constitution actuelle ne mentionne d’aucune façon la langue luxembourgeoise, le projet de Constitution de 2015 en relève l’importance comme il place le luxembourgeois dans le cadre particulier du multilinguisme qui caractérise notre identité. La langue luxembourgeoise fait partie de notre identité nationale tout comme l’emploi des langues allemande et française dans le domaine de l’administration et de la justice ont imprégné notre culture et forgé notre identité. Il faut préserver ce système de langues si caractéristique du Grand-Duché qui lui a permis de se développer et de prospérer. La maîtrise de plusieurs langues reste un atout précieux.
Le Luxembourg en tant que siège d’institutions internationales et centre économique et financier est inimaginable sans une ouverture du pays vers d’autres langues et d’autres cultures.

Wir Luxemburger sind heute in der privilegierten Lage, dass wir die Sprachen unserer Nachbarn verstehen und sprechen. Dies zeichnet uns aus und gibt uns einen der wenigen Standortvorteile gegenüber anderen Nationen.

Mehrsprachigkeit ist anstrengend. Sie ist auch kompliziert. Mehrsprachigkeit erleichtert jedoch den Zugang zur Welt, sie baut Brücken zwischen Ländern und Menschen, sie ist vor allem auch eine wertvolle persönliche Erfahrung.

Man sehe sich nur die Sprachenvielfalt in unseren Zeitungen und Zeitschriften, in der Medienwelt insgesamt an. Wer möchte auf diesen außergewöhnlichen Reichtum verzichten?

Die Luxemburger Sprache muss weiter gepflegt werden, insbesondere als erste Kommunikationssprache dieses Landes. Dazu müssen zusätzliche Anreize und Hilfsmittel geschaffen werden. Die Förderung des luxemburgischen darf jedoch nicht aus Kosten der anderen Landessprachen geschehen. Das wäre kein Fortschritt, sondern ein folgenschwerer Rückschritt!

Facebook
Twitter