“E Recht op Wunnen” – Eng Tribune libre vum Yves Cruchten

Dir wäert mer bestëmmt Recht ginn: Dee wuel gréissten an dréngendste soziale Problem an eisem Land ass de Manktem un erschwénglechem Wunnraum. Néierens sinn d’Ongläichheeten sou grouss wéi am Logement.

An et ass ze fäerten datt en ëmmer méi grousse Rass duerch eis Gesellschaft geet.

E Rass tëscht deenen déi haut besëtzen, an deenen déi villäicht ni wäerten an de Genoss vun enger eegener Wunneng kommen, wann d’Logementspräisser weiderhi méi séier wuesse wéi d’Akommes vun de Leit.

Och wann uechtert di ganz europäesch Unioun d’Logementspräisser wuessen an d’Wunnenge knapps ginn, ass de Problem bäi eis allerdéngs nach vill méi grouss an d’Äntwerte ginn absolut dréngend erwaart.

Fir d’LSAP ass et kloer, dass et net eng eenzeg a keng einfach Äntwert op e de Logementsprobleem gëtt; keen huet hei d’Zauberformel.

Wat mer brauchen ass en Ensembel vu ville verschiddene Moossnamen an e kollektiven nationalen Effort, vun allen Acteuren, sief et Staat, Gemengen oder d’Privatinitiativen.

D’Regierung huet hei well éischt Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach.

Mam Wunnengsbau Fong deen zejoert op Initiative vun der LSAP geschaaft gouf, gëtt sech de Staat endlech d’Moyenen fir u Bauland ze kommen a méi Wunnengsprojeten ze realiséieren.

Dofir brauche mir d’Mathëllef vun de Gemengen. Et ass ze hoffen, datt sech souvill wéi méiglech, jo am beschten alleguer d’Gemengen um Pacte Logement 2.0. bedeelegen.

D’Gemengen an deenen d’LSAP Verantwortung dréit wäerten hei un der Spëtzt stoen, dat kann ech haut scho garantéieren!

D’Offer an d’Luucht ze setzen, ass onëmgänglech fir eis an eise Kanner nach en doheem zu Lëtzebuerg bidden ze kënnen.

Do dernieft, muss awer och eppes op der Säit vun der Demande geschéien an ech schwätzen hei ganz kloer déi spekulativ Demande un. Wunnengen a Bauland duerfe mer net zu renge Finanzproduite verkomme loossen.

Et ass wichteg, dass Finanzinstrumenter an deene Wunnenge geparkt ginn, an Zukunft gerecht besteiert ginn wéi zB déi ominéis Fonds d’Investissements spécialisés.

D’Regierung péckt dat elo un. Domat gëtt eng weider Fuerderung vun der LSAP ëmgesat a méi Gerechtegkeet geschaf.

Och aner Instrumenter wéi den Amortissement accéléré, déi an éischter Linn der Steiervermeidung déngen awer net onbedéngt dem Wunnengsbau, gehéieren op de Leescht geholl.

Fir d’LSAP geet dat alles nach net duer.

Et dierf, op d’mannst an eisen Aen net sinn, dass d’Präisser op eisem nationale Wunnengsmaart an d’Luucht gedriwwe ginn, well Investisseuren aus 3. Staaten sech hei eng gëllen Nues wëlle verdéngen.

Investisseuren déi am Fong näischt mat eis ze dinn hunn. Eng normal Famill déi eng Wunneng sicht, huet op eisem Marché keng Chance géint déi grouss Investisseuren aus 3. Staaten ewéi Russland oder dem Qatar.

Eng Lex Koller wéi an der Schwäiz kéint do Remedur schafen.

Weider Outilen, un deenen am Moment d’Inneministesch Taina Bofferding schafft, sinn d’Reform vun der Grondsteier, de Baulandvertrag an de Remembrement ministériel.

Dës Instrumenter brauche mer fir endlech d’Spekulatioun mam Bauland ze bekämpfen.

Fir d’LSAP ass eng Wunneng ganz kloer eng Platz wou eng Famille, zesummen lieft, sech doheem fillt, mee et ass keng Schlofplaz fir iwwerschëssegt Kapital ze parken an der Hoffnung datt et sech multiplizéiert.

An deem Sënn steet d’LSAP kloer fir d’Recht op d’Wunnen a wäert sech heifir staark maachen. An der Regierung, an der Chamber an an eise Gemengen!

Hei dem Yves Cruchten seng Tribune libre fir nozelauschteren.

Facebook
Twitter