E Recht op Congé no enger Feelgebuert

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

An Neiséiland huet d’Parlament eestëmmeg ee neit Gesetz gestëmmt, dat den Elteren no enger Feelgebuert d’Recht op 3 Deeg Congé gëtt, fir ëm de Verloscht vun hirem ongebuerene Kand ze traueren. Zu Lëtzebuerg gëtt et sou eng Zort Congé net, an dat obwuel, Estimatiounen no, 1 vun 6 Fraen an hirem Liewen eng fausse Couche erleit. Déi Mammen a Pappen kennen nëmme Zäit fir ze traueren kréien, wann se e Congé de Maladie kréien. Allerdéngs ass sou ee Verloscht keng Krankheet.

An deem Sënn erlaben ech mir des Froen un de Här Minister ze stellen :

  • Huet den Här Minister Kenntnis vun der neier gesetzlecher Reegelung an Neiséiland, déi weltwäit als besonnesch progressiv gëllt ?
  • Wat ass dem Minister seng Aschätzung zu deem Gesetz ?
  • Well de Minister sou eng Reegelung, déi an engems och d’Tabu-Thema Feelgebuert géif briechen, an déi Lëtzebuerger Gesetzgebung iwwerhuelen ?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener
Deputéiert

 

-> Hei d’Äntwert vum Minister:

Question parlementaire – Congé Feelgebuert

Facebook
Twitter