“E legale Kader fir den Teletravail am Interêt vun alle Betraffenen” – “Tribune libre” vum Claude Haagen

Wien hätt virun der Coronakris geduecht datt ee Virus d’Digitaliséierung an d’Flexibiliséierung vun der Aarbecht géif virundreiwen.

Den Trend zum Teletravail war virun der Pandemie wéineg verbreet hei zu Lëtzebuerg: Do wou 2019 20% vun de Beschäftegten heiansdo op den Teletravail zeréckgegraff hunn, huet op eemol eng ongewollte Flicht zu enger méi breeder an intensiver Notzung gefouert. Am éischte Lockdown hu bis zu 69% vun de Beschäftegen Teletravail misse maachen. “Missen”, mee an den Ae vu ville Leit endlech och “kënnen”.

Esou huet zënter engem Joer d’Pandemie d’Aarbechtswelt an d’Zukunft katapultéiert. Net nëmmen d’Aarbechtsweis, mee och eis Relatioun mat der Aarbecht huet sech radikal verännert.

Mee wéi soll et no der Kris ausgesinn? Een Zeréck zum ale Modell? Oder den Teletravail weider ausbauen?

Déi aktuell Kris huet gewisen datt den Teletravail net nëmmen eng Erhéijung vun der Liewensqualitéit bréngt, mee och datt d’Aarbecht méi flexibel kann organiséiert ginn, wärenddeem d’Produktivitéit bei de Salariéen trotzdeem bestoe bléift.
Mir hu bäigeléiert wat machbar ass, mee nieft der Euphorie vum Ufank sinn haut och eng Rei Erausfuerderungen ze erkennen: Et feelt beispillsweis um lockeren Austausch mat den Aarbechtskolleegen; et gëtt oft keng Grenz méi tëscht Aarbecht a Privatliewen; an dacks kënnt de perséinleche Feedback ze kuerz.

Als LSAP sti mir ganz kloer fir e Recht op Teletravail an deene Beräicher wou en méiglech ass.

Heibäi musse mir awer all Aspekter kucken, wéi d’Sozialversécherung a d’Finanzen, oder besonnesch och déi transnational Aspekter, wat d’Situatioun vu de Frontaliere betrëfft.

Dofir hunn mir eis als LSAP an der Aarbechtskommissioun vun der Chamber fir eng Sous-commissoun „Télétravail“ agesat. Et geet drëms dem Télétravail och no der Kris eng Chance, jo e legale Kader ze ginn. Esou soll eng grondsätzlech Analyse gemaach ginn, an där all d’Aspekter, déi ekonomesch, sozial, finanziell, steierlech a juristesch wäerte gekuckt gi fir duerno ee globale Rapport ze hunn. Nëmme wann een all d’Aspekter a Betruecht zitt kann een dës nei zukunftsorientéiert Aarbechtsmethod weiderdreiwen. Well wann et dat ass wat mir wëllen, da musse mir dem Homeoffice an eiser Aarbechtswelt laangfristeg eng Plaz ginn, an dëst am Interêt vun alle Betraffenen.

Wéi gesot, huet d’Coronakris d’Bezéiung vum Mënsch zur Aarbecht verännert: Haut si mir nach méi wéi jee mat Hyperconnection, digitaler Sucht a permanenter Disponibilitéit beschäftegt wéi virdrun. Wat ee Virdeel fir deen een, ka grad esou zu enger Laascht fir deen anere ginn. Hei denken ech un den Droit à la déconnexion. Och wat den Homeoffice ugeet, setzt d’LSAP sech aktiv fir d’Rechter vun de Salariéen an, sou datt et fir eis onëmgänglech ass datt hei legiferéiert muss ginn. Den Droit à la déconnexion muss ee gesetzleche Kader kréien, dat heescht, de Salarié muss net Dag a Nuecht accessibel sinn a muss och kënnen säin Handy ausschalten ouni Scholdgefiller ze hunn.

Mir schaffe fir kënnen ze liewen, an net ëmgedréit. E Recht op Homeoffice, e legale Kader fir den Teletravail soll dëst nach eemol verdäitlechen.

Ech soen Iech Merci.

D'”Tribune libre” kënnt Dir och hei nolauschteren.

Facebook
Twitter