“D’Simplification administrative gëtt endlech eescht geholl!” – Fräi Tribün vum Yves Cruchten.

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) befaasst den LSAP-Deputéierten  Yves Cruchten sech mat der “Simplification administrative“. Mat dem sougenannten Omnibus-Gesetz goufen d’lescht Woch an der Chamber direkt eng 11 Gesetzestexter, an net di mannst, vereinfacht. Zwee Gesetzestexter goufe kuerzerhand ofgeschaaft.

Hei dem LSAP-Generalsekretär säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren:

 


 

D’Simplification administrative gett endlech Eescht geholl!”

 

D’Bierger am Lëtzebuerger Land hunn e Recht op e gudden, e performanten, e frëndlechen an och e séieren Zerwiss Public.

Dëse kréien si och garantéiert vun enger moderner an effikasser Verwaltung a gutt forméierten a kompetente Fonctionnairen a Beamten.

Fir dëst och an Zukunft ze garantéieren hu mer zejoerts eis Fonction publique reforméiert.

Allerdéngs geet dat net duer.

Wann haut e Bierger sech beklot dass en ze laang muss dorobber waarden datt seng Demande oder säin Uleies traitéiert gëtt, da läit dat meeschtens net um gudde Wëlle vun der Verwaltung oder engem Beamten, mee ganz dacks u laangen, schwéierfällegen, jo heiansdo esouguer onsënnegen administrative Prozeduren.

Am Laf vun de Jorzéngten ass eis Gesetzgebung ëmmer méi komplex ginn, ëmmer méi komplizéiert och.

Et ass deemno net vu Muttwëlles dass mer eis Gesetzer iwwerpréiwen. Dass mer erausfannen wou villäicht Prozedure sinn déi onsënneg sinn, iwwerflësseg oder ze vill komplizéiert.

Mam Omnibusgesetz ginn direkt eng 11 Gesetzestexter, an net di mannst, vereinfacht. Zwee Gesetzestexter ginn kuerzerhand ofgeschaf.

Virun allem bei der Gemengenentwécklung, der Landesplanung, am Kommodosgesetz, am Naturschutz- am Waasser- an am Gemengegesetz ginn heimat sëlleche Vereinfachungen agefouert, déi engersäits wäerten d’Prozedure méi séier maachen, an anerersäits awer sollen dem Bierger seng Rechter stäerken.

Et ass allerdéngs net domadder gedoen. Di administrativ Vereinfachung muss e kontinuéierleche Prozess sinn an e stännegt Uleies.

De Staat, seng Verwaltungen, d’Gemengen an och d’Chamber mussen regelméisseg hir Prozeduren a Fro stellen an ëmmer erëm probéieren déi administrativ Belaaschtung vun de Bierger an de Betriber sou kleng wéi méiglech ze halen.

Zemools d’Digitaliséierung vun der Verwaltung gëtt eis do nei Méiglechkeeten fir besser a méi séier kënnen op d’Besoinen vun de Bierger ze reagéieren. Nach musse mer uecht ginn datt net dee soug. “digital Gap” also e Lach entsteet tëschent deenen Bierger déi “connectéiert” sinn an deenen déi et net oder nach net sinn.

Et ass also eng Chance an eng Erausfuerderung zugläich.

An de nächste Wochen wäert de Minister Dan Kersch och de Programm “Einfach Lëtzebuerg” virstellen an dem gutt 100 weider Vereinfachungen proposéiert ginn, fir de Bierger an dësem sengem Ëmgang mat de Verwaltungen.

Mat all dëse Moossnamen gëtt fir d’éischte Kéier hei am Land d’Simplification administrative wierklech Eescht geholl.

Wéi a villen aneren Dossieren z.B. dem Tram, der Trennung vu Kierch a Staat, der Reform vun de Gemengefinanzen, der Reform vun de Rettungsdéngschter, der Reform vun der Police fir nëmmen déi ze nennen, ginn endlech Neel mat Käpp gemaach.

Do wou virdrun jorelaang just gefréckelt a gewurschtelt gouf, huet dës Regierung, an zemools d’LSAP, de Courage, Décisiounen ze huelen.

Zum Wuel vun de Bierger an zum Wuel vun eisem Land!


 

Tribune libre Yves Cruchten_Audio

Facebook
Twitter