“D’Reform vun der Fleegeversécherung: Eng Reform fir nach besser Leeschtungen.” – Tribune libre vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “D’Reform vun der Fleegeversécherung: Eng Reform fir nach besser Leeschtungen.” befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding mat der Neiregelung vun der “Assurance-dépendance” an unhand vu konkrete Beispiller mat deene verschiddene Verbesserungen.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

“D’Reform vun der Fleegeversécherung: Eng Reform fir nach besser Leeschtungen.”

 

Eng nach besser Fleegeversécherung, ouni Leeschtungsverschlechterungen, ouni Personalofbau an och ouni Spuermesuren -léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, esou kann een d’Reform vun der Fleegeversécherung, déi dëse Mëttwoch an der Chamber zur Ofstëmmung kënnt, an engem Saz beschreiwen.

De Lëtzebuerger Modell vun der Fleegeversecherung huet sech bewährt: opgebaut op individuell Betreiungsmesuren, opgrond vun enger individueller Evaluatioun vun de Besoinen, an engem perséinlechen Fleegeplang.

Qualitativ héijwäerteg Sozialleeschtungen däerfe KEE Luxus sinn –dofir engagéiere mär Sozialistinnen a Sozialiste eis weiderhin.

Och mat der Reform bleiwt d’Grondausriichtung vun der Assurance Dependance bestoen, fir de Leit et esou laang wéi méiglech ze erlaaben, onofhängeg ze liewen.

Mä firwat dann eng Reform?

Et geet drëms d’Fleegeversécherung ze verbesseren: hire Fonctionnement, d’Organisatioun, d’Qualitéit vun der Prise en charge, an Transparenz.

Kee Sozialversécherungssystem ass statesch, mä evoluéiert permanent. Dofir ass et, 17 Joer no der Aféirung, Zäit eng Anayse ze maachen, an eenzel Elementer op de Leescht ze huelen.

Dës Reform bidd och d’Chance d’Fleegeversécherung un aktuell Ufuerderungen unzepassen, virun allem un den demografesche Wandel. A bitt och d’Geleeënheet fir zb nei Krankheetsbiller ze berücksichtegen, a weider Fleegeméiglechkeeten, a modern technesch Hëllefsmëttel ze adaptéieren.

Matt 9 Beispiller wëll ech erklären, firwat dës Reform e Gewënn ass, a wat se der fleegebedürfteger Persoun bréngt:

  • Patiente gi weiderhi individuell evaluéiert a kréien déi Fleeg déi se brauchen
  • d’Prozeduren gi vereinfacht a méi transparent
  • d‘Qualitéit gëtt ausgebaut duerch d‘Aféierung vu Qualitéitskritären an duerch en neie Kontrollsystem
  • déi ablacklech Evaluatiounscellule, déi wichteg Aarbecht bei der Kontroll leescht, kritt méi Moyen
  • de System gëtt duerch e Forfaitsmodell flexibiliséiert
  • d‘Nuetsgarde fir doheem gëtt agefouert
  • Tâche domestique, also Hëllef doheem beim Stoot geet op 3 Stonnen erop
  • duerch en Zousaz un individuellen Acten gëtt eng besser Prise en charge bei Demenzerkrankungen séchergestallt
  • de sougenannten Aidant informel kritt eng besser Ënnerstëtzung.

Dësen Aidant, also déi Persoun déi sech doheem ëm eng fleegebedürfteg Persoun gekëmmert, leescht e wichtegen, an onverzichtbare Bäitrag. Dofir ass e besseren Encadrement, an eng besser Formatioun fir si virgesinn. Dës Persoun muss déi néideg kierperlech Kapazitéiten hunn, an och disponibel si fir dat ze maachen.

D’Kärstéck vun der Reform ass d’Aféiere vun engem Forfaitesystem op 15 Niveauen. Dësen erméiglécht eng méi grouss Flexibilitéit, déi et erlabt, besser op d’Besoine vun de jeweilege Persounen, déi vun Dag zu Dag variéiere kënnen, ze reagéieren.

Fir d’LSAP ass wichteg, dass d’Patiente weider individuell evaluéiert ginn.

Dës Reform ass och kee Spuerpak, wéi emol gezielt ginn ass. Et gëtt néierens ofgebaut, weder bei de Leeschtungen nach beim Personal.

Et geet eenzeg an alleng drëms, d’Assurance Dependance ze adaptéieren, fir nach méi Qualitéit, a méi Flexibilitéit ze kréien.

D‘Weiderentwécklung vun der Fleegeversécherung ass e weesentleche Bausteen, fir och an Zukunft eng gutt Fleeg ze garantéieren. Wou et virun allem drëms geet, dass de Besoinen vun de concernéierte Persounen an hirer Situatioun, Rechnung gedroe gëtt.

Dass déi Leit déi Hëllef brauchen, se och kréien.

D‘Fleeg ass en „Droit inconditionnel“, e Recht op Leeschtung, onofhängeg vum Akommes – an daat muss och esou bleiwen!


 

Tribune libre Taina Bofferding – Fleegeversécherung – Audio

Facebook
Twitter