D’LSAP als Garant fir den Indexmechanismus

 

Warscheinlech erfält schonn de nächste Mount nees eng Indextranche, spéitstens awer am August. Et wier dann di 3. bannen 10 Méint, well d’Regierung hat jo decidéiert, datt di 2 Indextranchen vun Oktober ’21 an Abrëll ’22 voll ausbezuelt goufen. Domat sinn an engem Joer, an engem schwieregen internationale Kontext d’Brutto-Paien zu Lëtzebuerg em 5 % geklommen – eng wuel eemoleg Situatioun an Europa.

Bedéngt duerch eng onsécher Situatioun vu Krich, Liwwerengpäss, Spekulatioun galoppéiert d’Inflatioun awer weider. Ier dës 3. Indextranche also bannen kierzester Zäit hätt missten ausbezuelt ginn, huet d’Regierung mat 2 vun 3 representative Gewerkschaften an dem Patronat en Tripartite-Accord fonnt, deen ee fir d’LSAP net verhandelbaren Prinzip festhält, an zwar: Et fält keng Indextranche ewech!

Wat geschëlt ass, opgrond vun der Inflatioun, gëtt ausbezuelt, wann och mat enger zäitlecher Verzögerung vun 8 Méint. Domat ass garantéiert, datt mir enger ganzer Rei vu Betriber net d’Loft fir ze ootmen huelen an awer och och d’Kafkraaft vun de Leit am A behalen.

Esou eng Moossnam vun zäitlecher Verleeung, a souguer vun ersatzlosem Sträichen, Faaleloossen vun Indextranchen, goufen et an der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg, a schwéieren Zäit. Wat et awer nach ni gouf, ass d’Decisioun, datt déi Leit, déi net sou vill am Portemonnaie hunn, duerch staatlech Moossname kompenséiert gi fir di zäitlech Verzögerung.

Leit, déi manner wéi 5700 Euro brutto de Mount verdéngen, kréien duerch dëse Mechanismus am Prinzip souguer netto méi raus, wéi wann den Index normal elo ausbezuelt géif ginn. Et stëmmt och, datt déi, déi méi verdéngen, duerch dësen Accord manner kréien, wéi wann d’Indextranche direkt géif iwwerwisen ginn.

Fir d’LSAP ass dëst een solidaresche Kompromëss, am Sënn vun eiser ganzer Gesellschaft- fir d’Betriber a fir déi schaffend Leit.

An et war d’LSAP, déi wärend de ganzen Verhandlungen 3 Punkten kloer gemaach huet:

  1. Et dierf keng Indextranche einfach gestrach ginn an ewechfalen
  2. Den Indexsystem als solche muss erhale bleiwen
  3. Déi Leit, déi manner verdéngen, mussen gehollef kréien

 

Dofir begréisse mir, datt d’Chamberkommissioun, déi sech mam Gesetz zur Ëmsetzung vum Tripartite-Accord befaasst, festgehalen huet, datt sech elo mol op d’Situatioun bis Abrëll 2023 baséiert gëtt. Sollt virun Abrëll 2023 nach eng weider Indextranche erfalen, zum Beispill am Hierscht, da mussen d’Sozialpartner, a Form vun enger Tripartite, erëm zesumme kommen, fir no enger Léisung ze sichen.

Duerfir huet d’LSAP sech wéi keen aneren agesat; Sozialdialog ass fir eis kee Schlagwuert, mee Deel vun eiser DNA.

An en Vue vun dësen nächsten Tripartite-Diskussioune wëlle mir als LSAP e weidere Message virausschécken: Fir eis stellt de gedeckelten Index keng Léisung duer. De Mechanismus muss a senger Ganzheet erhale bleiwen. Well och d’Mëttelschicht kritt déi héich Energiepräisser an déi allgemeng Präisdeierecht, ëmmer méi ze spieren.

Hautzedaags schéngen sech d’Evenementer z’iwwerschloen. Nach weess kee wéini d’Pandemie richteg eriwwer wäert sinn. Et weess keen, wéini de Krich an der Ukrain op een Ënn kënnt. Et weess kee wéini Liwwerketten um Weltmaart erëm richteg funktionéiere wäerten. Wéi d’Situatioun 2023, geschweige dënn 2024 wäert sinn, ass haut quasi onméiglech virauszesoen. Dofir musse mir zäitno, zesumme mat de Sozialpartner, no Léisunge sichen fir d’Kafkraaft ze erhalen. Mee an dëser Onbestännegkeet, gëtt et awer eppes, wat sech net ännert. An dat ass den Asaz vun der LSAP fir den Index. Grad an onbestännegen Zäiten ass a bleift d’LSAP den Garant fir den Indexmechanismus.

 

Francine Closener & Dan Biancalana
Presidentin a President vun der LSAP

 

Facebook
Twitter