“D’Leeschtunge vu ville Fraen gi nach ëmmer net gewierdegt an unerkannt!” – Eng fräi Tribün vum Maxime Miltgen

“Obwuel d’Gläichberechtegung gesetzlech verankert ass, si vill Fraen a Männer sech net bewosst, dass vill Aarbechten obwuel se als selbstverständlech ugesi ginn a virun allem onentbierlech fir eis Zesummeliewe sinn, net unerkannt ginn.” Dat seet d’Maxime Miltgen a senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL an um Radio 100,7. D’Presidentin vun de “Femmes socialistes” kuckt nom “Fraestreik” an dem Weltfraendag, den 8. Mee, an hirer Interventioun nach eng Kéier op dës Evenementer zeréck an erënnert nach eng Kéier drun, dass eis Gesellschaft nach wäit vun enger Gläichstellung vun de Geschlechter ewech ass, an dass een sech do dogéint all Dag vum Joer muss asetzen.

Hei dem Maxime Miltgen säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

All Dag am Déngscht vun der Gesellschaft:

Trotzdeem ginn d’Leeschtunge vu ville Fraen net gewierdegt an unerkannt!

 

 

En vue vum Internationalen Dag vun de Fraen, goufen déi lescht Woche vill Veranstaltunge fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer organiséiert. D‘Fraen hu sech selwer mam Fraestreik eng Tribün geschaaft fir dass d’Gesellschaft hinnen nolauschtert.

Dëse Streik huet sech un d’Gesellschaft geriicht, d’Gesellschaft déi de Patron fir déi oft net bezuelten, net unerkannten an net valoriséiert Aarbecht vun de Fraen am Alldag ass!?

Obwuel d’Gläichberechtegung gesetzlech verankert ass, si vill Fraen a Männer sech net bewosst, dass vill Aarbechten obwuel se als selbstverständlech ugesi ginn a virun allem onentbierlech fir eis Zesummeliewe sinn, net unerkannt ginn.

Mat dëser Iwwerleeung riichten ech mech un all d’Männer mee virun allem un d‘Fraen: Oft si si sech nämlech net bewosst wat si all Dag leeschten am Déngscht vun der Allgemengheet an dass d’Gläichstellung „kee Selbstläufer“ ass.

Et ass net well sech villes scho verbessert huet an d’Ongläichheeten net méi sou gräifbar sinn, dass se net méi bestinn.

Virun allem jonk staark Frae kennen sech net méi mam Konzept vum Feminismus identifizéieren.

Mir ass et allerdéngs net anescht gaangen. Ech kommen aus enger Famill wou d’Geschlecht keng Roll an der Erzéiung gespillt huet. Ech ka mech gutt duerchsetzen a krut och ëmmer dat firwat ech mech agesat hunn. Virun allem konnt ech bis ech 20 Joer al war ëmmer behaapten, dass ech net wéinst mengem Geschlecht diskriminéiert gouf.

Iergendwann ass mer du bewosst ginn, dass ech misst ophale vu mir op anerer Fraen ze schléissen, ech sinn nu mol kee representatiivt Beispill fir all d‘Fraen. Ech kommen aus engem privilegiéieren Ëmfeld. Ech hunn eng gutt Educatioun genoss, meng Eltere konnte Beruffs- a Familljeliewe gutt a gerecht opdeelen an ech konnt ëmmer mäi Wee fräi wielen.

Ech hunn och zu deene Mënsche gehéiert, déi sech géint Quoten ausgeschwat hunn, well ech geduecht hunn, dass all Mënsch dee genuch schafft, et am Liewe packe kann. Mëttlerweil weess ech et awer besser. An enger sozial gerechter Gesellschaft kann een net einfach dovun ausgoen, dass all Mënsch nëmmen duerch seng Aarbecht a Motivatioun déi selwecht Chancen huet.

Ech sinn zum Schluss komm, dass och wann et mir gutt geet a virun allem dowéinst, et zu menger Flicht gehéiert mech géint Ongerechtegkeeten anzesetzen.

Eng vun de groussen Ongerechtegkeeten ass de “Gender Pay Gap“, also d’Tatsaach, dass Männer a Fraen a ville Fäll fir déi selwecht Aarbecht net d‘selwëcht bezuelt ginn. Dës Problematik solle mer mat enger kompletter Lountransparenz ugoen, no engem Modell deen et engem autonome Gremium erlaabt d’Léin anzegesinn an se ze analyséieren no objektive Krittären.

D’Incompatibilitéit vum Privat- a Beruffsliewe sollt verbessert gi mat enger progressiver Reduktioun vun der Aarbechtszäit ouni Lounverloscht, an enger Augmentatioun vum Minimum vum “Temps de repos” vun 11 op 13 Stonnen, fir dass och d’Mënschen déi Schichte schaffen hiert Privat a Beruffsliewe kombinéiert kréien.

Zum Schluss wéilt ech nach gär e klengt Zitat vum Sophie Passmann iwert den Sascha Lobo lass ginn: „Sascha Lobo hat keine Angst, dass Frauen ihm etwas wegnehmen, er hat auch keine Angst zuzugeben, dass Teile seines Erfolges mit seinem Dasein als Mann und nicht mit seinem Können zu tun haben. Das Vertrauen in die eigenen Fähigkeiten schmälert die Angst vor Gleichberechtigung. Je mehr du kannst, desto weniger bist du auf deine Privilegien angewiesen.”

 

Facebook
Twitter