D’LSAP Dippech an de Joeren

1981 

Ufanks vum Joer 1981 (Januar/Februar) ass déi eischten LSAP Sektioun „Gemeng Dippech“ gegrënnt ginn.
Den Initiator zur Vereenegung vun den Sozialisten war de Romain Meyer

Den 1. Comité huet sech wéi folgt zesumme gesat:
President: Romain MEYER
VizePresidentin: Lea SEILER
Sekretär : Romain KLOPP
Caissier : Josy FRETZ
Membren : Ed. BOHLER – Armand CLEENEWERCK – René HESS– Edmée MEYER-KURREK
Keesserevisoren: Tony PROTT – Raymond ZUANG
Beobachter: Yves MEUNIER

Am Grënnungsjoer 1981 huet Sektioun LSAP Dippech 35 Membren gezielt.

1983 huet de Romain MEYER säi Wunnsëtz an Stad Lëtzebuerg verluet an ass aus der Sektioun ausgetrueden. De René HESS huet beim Zrécktrieden vum Romain Meyer de Presidenteposten iwwerholl.
Vun 1983 bis 1989 ass d’Memberzuel konstant an d’Luucht gangen.
1989 sinn 3 LSAP Memberen bei de Gemengewalen ugetrueden: Rob ARNOLDY – Josy FRETZ – René HESS
Vun 1989 bis 1999 si keng Aktivitéiten vun der Sektioun Dippech bekannt.
Bis 1999 hunn awer nach verschidden Membren hir Cotisatioun un d’Partei vun der LSAP bezuelt.
1999 waren 63 470 LUF an der Kees

2000 

Am Joer 2000 ass eng nei Equipe ugetrueden fir d’LSAP erëm an der Gemeng Dippech opliewen zeloossen.
Den 23. Mäerz 2000 ass am Centre Culturel zu Betten un der Mess déi nei Equipe ugetrueden:
Ënnert dem Impuls vum Josy Thill (Buergermeeschter vu Käerjeng) an Norbert Greven President vum LSAP Südbezierk, huet sech de Comité LSAP Sektioun Dippech-Garnech ewéi folgt zesummegestallt: 

President: Rob MISCHO
Vizepresidentin : Lea SEILER
Sekretär: Claude JACOBY
Caissier : Evandro CIMETTA
Membren : Gast BRAUN – Luc GLESENER – Ferdinand SCHOLZEN – Armand COUTURIER

Déi nei gegrënnte LSAP Sektioun Dippech-Garnech huet vum Caissier Josy FRETZ (1981 bis 1999 ) déi ganz remarkabel Zomm vun 63 470 Frank iwwereecht kritt.
Folgend LSAP Sektiounen hunn der LSAP Sektioun Dippech/Garnech en Don gemaach:

2001 

Déi éischt Generalversammlung vun der LSAP Sektioun Dippech – Garnech war de 19. Mäerz 2001 am Päerdsstall beim Gast Braun zu Betten un der Mess.
Gaschtriedner war de Mars DI BARTOLOMEO

De Comité huet sech wéi folgt zesumme gesat:
President: Rob MISCHO
Vizepresident : Gast BRAUN
Sekretär: Claude JACOBY
Caissière: Lea SEILER
Membren : Evandro CIMETTA – Luc GLESENER – Ferdinand SCHOLZEN.
Den Evandro CIMETTA huet wéinst Zäitgrënn de Posten vum Caissier un d’Lea SEILER.

De 7. Mee 2001 sinn 2 nei Membren cooptéiert ginn: Marco ERPELDING an Daniel IGNITY
Den 11. November 2001 huet de Claude JACOBY säi Posten als Sekretär ofgeluet

2002 

Den 31. Mäerz 2002 war d’Generalversammlung am Centre Culturel zu Betten un der Mess.
Gaschtriedner war de Mars DI BARTOLOMEO

De Comité huet sech wéi folgt zesumme gesat:
President: Rob MISCHO
Vizepresident : Gast BRAUN – Marco ERPELDING
Sekretär: Rob MISCHO
Caissière : Lea SEILER
Membren : Luc GLESENER – Ferdinand SCHOLZEN – Evandro CIMETTA

Observatioun : Ady HAHN – Jean NILLES – Alphonse WITRY

Den 21. September 2002 Concours de Pétanque am Päerdsstall beim Gast zu Betten un der Mess

Iwert d’Hoer sin Dépliant’en zu folgenden Thema’en verdeelt gin:

  1. Wënsch fir dat neit Joer
  2. D’Siicht vun den Dippecher Sozialisten betreffend Circulatioun an der Gemeng Dippech.