Mot de la présidente

lsap_dud_logo_nom8

 „Duerch an duerch Diddeleng“ „Notre ville avec passion“ dat war eise Slogan fir den 8. Oktober.

D´Resultat vun den Wahlen léisst sech weisen. D´LSAP hutt d´absolut Majoritéit zu Diddeleng gehalen. Mat 10 vun 19 Sëtz wäerte mir weider fir Diddeleng an seng Awunner schaffen.

Dat ass d´Resultat vun der ganzer Equipe, enger gudder dynamescher Equipe an engem Bilan wou mer 90% ëmgesat hunn wat mer 2011 versprach haten.

Vun de Kandidaten, iwwert de Sektioun´s Comité, d´Femmes socialistes, d´Jeunesse Socialistes bis zu den Memberen hunn sie mat onermiddlechem Asatz dëst Resultat fäerdeg bruecht.

Mir hunn en kloren Optrag kritt vun eisen Wieler an Wielerinnen fir eise Programm fir Diddeleng ëmzesetzen.

Mir setzen alles drun, fir dass Diddeleng eng Stadt mat Zukunft bleift an där ee liewen an schaffen kann.

Well wéi schon gesot, jiddereen vun eis ass……

Duerch an duerch Diddelenger

Josiane Di Bartolomeo-Ries

Presidentin vun der Diddelenger LSAP-Sektioun