“D’Eropsetzen vum Pappecongé ass iwwerfälleg!” – Tribune libre vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “D’Eropsetzen vum Pappecongé ass iwwerfälleg!” befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding mat der Neistrukturéierung vun de “Congé extraordinaires”. Dozou gehéieren zum Beispill déi fräi Deeg, déi e Papp bei der Gebuert vu sengem Kand ze gutt huet. Aktuell sinn dat der 2. E Projet vun der Regierung gesäit vir, dëse Pappecongé op 5 Deeg eropzesetzen. D’Taina Bofferding werft an hirem Bäitrag d’Fro op, no engem Pappecongé vun 10 Deeg, esou wéi de Projet fir eng EU-Direktive et virgesäit.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

“D’Eropsetzen vum Pappecongé ass iwwerfälleg!”

 

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Eng modern Familljepolitik ass ee vun de Kärpunkten vun der aktueller Regierung. Eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Familljen, duerch eng besser finanziell Ofsécherung, a virun allem eng besser Vereenbarkeet vu Beruff a Privatliewen ass och en zentralt Uleies vun der LSAP.

An dësem Sënn, ass d’Chamber amgangen an der zoustänneger Kommissioun un engem Projet de loi ze schaffen, dee weider Reformen an der Familljepolitik virgesäit.

Dobäi geet et ëm d‘Neistrukturéierung vun de Congéeën „pour raisons familiales“ duerch e méi flexible System, den et Elteren erlabt, sech besser ëm hir Kanner am Krankheetsfall ze këmmeren.

Et geet awer och ëm d‘Verlängerung vum Congé Postnatal vun 8 op 12 Wochen an ëm d‘Neistrukturéierung vun de Congé extraordinaires. Dozou gehéieren zum Beispill, déi Fräideeg déi e Papp bei der Gebuert vu sengem Kand ze gutt huet. Aktuell sinn dat der 2.

De Projet vun der Regierung gesäit vir, dëse Pappecongé op 5 Deeg eropzesetzen. Selbstverständlech géif déi Neierung och fir gläichgeschlechtlech Koppelen a fir Elteren déi e Kand adoptéieren zielen.

Vereenzelt Punkten am Projet de loi, besonnesch technescher, sinn nach onkloer a mussen iwwerpreiwt ginn. Ganz kloer dogéint ass awer fir mech, datt mär bei deem sougenannte Pappecongé nach méi wäit sollte goe wéi déi 5 Deeg déi proposéiert ginn.

En Eropsetzen vum Pappecongé ass längst iwwerfälleg. Dass e frësch gebakene Papp genau esou vill Congé kritt, wéi wann een plënnert, ass eng archaiesch Regelung. Dëst staamt aus enger Zäit, wou dem Papp seng Haaptroll déi war, Sue fir seng Famill verdéngen ze goen.

Bei enger Gebuert huet, laut dësem Gesellschaftsbild, seng exklusiv Aufgab doranner bestanen, d’Kand op der Gemeng unzemellen, an an deene meeschte Fäll, duerno mat de Kollegen dës freedegen Evenement am Café ze feieren.

Eng modern Familljepolitik, esou wéi mär se verstinn, geet aanescht. Eng modern Familljepolitik steet fir Gläichberechtegung.

Gläichberechtegung mengt, dass datt déi 2 Elterendeeler gläich wäert sinn. Datt d’Pappen vun Ufank un eng gläichberechtegt Roll bei der Kannerbetreiung iwwerhuele kënnen. An datt virun allem an deenen éischten Deeg no der Gebuert, d‘Elteren d’Méigléchkeet kréien, sech zesummen ëm den Nowues ze këmmeren.

Aus dësem Grond plädéieren mär Sozialisten beim Pappecongé nach méi wäit ze goe wéi déi 5 Deeg, déi am Projet de loi proposéiert ginn. Gutt! 5 Deeg sinn ëmmerhinn 3 Deeg méi wéi haut e Papp ze gutt huet -mä dës dréit den Ufuerderungen awer nach net genuch Rechnung. Mär sollten eis däitlech vun deene verkrustete Regelungen distanzéieren an de Projet de loi nobesseren.

De sozialistëschen Aarbechtsminister huet nämlech och schon an enger Chamberskommissioun Diskussioun iwwert d’Méigléchkeet vun engem Pappecongé vun 10 Deeg ugestouss. Dës Propose entsprécht och engem Projet fir eng EU-Direktive.

Als Sozialiste maache mär eis dofir staark, dem Minister seng Iwwerleeung opzegräifen an de Pappen haut schonns méi Fräideeg ze ginn, an net nach Jore warde bis dës Directive irgendwann vläit a Kraaft trëtt. Elo ass e gudde Moment!


 

Tribune libre Taina Bofferding – Pappecongé – Audio

 

Facebook
Twitter