Den Aarbechtsmaart an der Kris

D’Situatioun um Aarbechtsmaart huet sech an deene leschte Wochen vill geännert. Eisen Aarbechtsminister Dan Kersch huet e klengen Interview zum aktuellen Thema ginn. 

Déi aktuell sanitär Kris hat gréisser Auswierkungen op den Aarbechtsmaart. Wéi huet d’Regierung an dësem Beräich direkt konnte reagéieren?

Dat wichtegst Instrument an dëser Kris war ouni Zweiwel de chômage partiel. Dëst huet eis erlaabt, de Betriber ze hëllefen an ze verhënneren, datt et nach wärend der Kris zu massiven Entloossunge koum. Dofir war et absolut richteg bei der Kuerzaarbecht eng Ouverture ze maache fir datt méi Salariéeën an dëser aussergewéinlecher Situatioun konnte vun dëser Mesure profitéieren.

Eng zweet wichteg Decisioun, déi d’Regierung och an deem Kontext geholl huet, war et ze soen, datt d’Indemnitéit, déi d’Leit wärend der Kuerzaarbecht ausbezuelt kréien, ënnert kengen Ëmstänn dierf ënnert dem Mindestloun leien an datt eng eventuell Differenz duerch de Beschäftegungsfong ausgeglach gëtt. Esou konnte mir verhënneren, datt déi souwisou scho komplizéiert Situatioun fir vill Beschäftegter nach méi prekär ginn ass.

Wat sinn d’Erausfuerderungen elo no der Kris?

Et ass kloer, an et gesäit een dat jo elo scho ganz däitlech, datt d’Kris hir Auswierkungen wäert op den Aarbechtsmaart hunn. De Chômage klëmmt den Ament dramatesch an op där anerer Säit geet d’Zuel vun de fräie Plazen, déi d’ADEM gemellt kritt, däitlech zeréck.

Et ass och ze fäerten, datt et zu enger zousätzlecher Hausse kënnt wann de chômage partiel bis ausleeft an och wann déi Leit, déi elo d’Schoul ofschléissen, sech bei der ADEM wäerten aschreiwen.

Besonnesch Suerge mécht mir grad dofir och déi dramatesch Hausse beim Jugendchômage an ech sinn der Meenung, datt ee virun allem déi Jonk an dëser Situatioun muss opfänken an hinnen déi néideg Ënnerstëtzung ginn.

D’ADEM ass a mengen Aen gutt opgestallt fir dëser Roll gerecht ze ginn. 32 Conseillere këmmere sech speziell ëm déi Jonk an all jonken Demandeur huet op mannst eemol de Mount e Rendezvous bei sengem Placeur fir iwwer seng Situatioun ze diskutéieren.

Donieft hëllefen eis Mesurë wéi d’Jugendgarantie oder och spezifesch Projete fir déi Jonk wéi z.B. de Projet P fir de Phänomen vum Jugendchômage, deen an d’Luucht geet, hoffentlech séier an de Grëff ze kréien.

Et geet drëms, deene Jonken eng konkret Perspektiv ze bidden a mat hinnen zesummen e laangfristegen, beruffleche Projet ze entwéckelen.

Am Kader vun der Kris gouf och vill iwwer alternativ Forme vun Aarbecht wéi z.B. dem Teletravail diskutéiert. Wéi gesäis du als Aarbechtsminister dës Entwécklung?

Den Teletravail war sécherlech ee Mëttel wat dozou bäigedroen huet, datt a ville Beräicher trotz der Kris konnt méi oder manner normal weidergeschafft ginn ouni datt ze vill Leit dobaussen op de Stroossen ënnerwee waren. Dat ass natierlech positiv an absolut ze begréissen. Et gëtt awer duerchaus och méi kriddeleg Aspekter, déi een net dierf vergiessen. Ech denken do z.B. un dee sougenannten droit à la déconnexion. Et muss eng kloer Trennung tëscht Beruffs- a Privatliewe ginn. An heifir brauche mir kloer Reegelen. Et stelle sech dofir och nach eng ganz Rëtsch aner Froen, op déi ech wëll zesumme mat de Sozialpartner Äntwerte fannen. Den Teletravail ass den Ament iwwer en interprofessionellen Accord tëscht dem Patronat an de Gewerkschafte gereegelt a mäi Wonsch wier et, datt all déi Froen, déi sech stellen, am Kader vun engem neien Accord beäntwert gi fir datt mir kloer a präzis Reegele fir den Teletravail kréien.

Facebook
Twitter