D’Elengerzéiend Elteren net vergiessen

Lauschter hei dem Simone Asselborn-Binz seng Tribune Libre zum Panorama Social:

 

Transcript

 

Léif Nolauschterer,

Lëschte Mëttwoch war an der Chamber eng Debatt iwwert d’Zuelen aus dem Panorama social. Dëst ass e wäertvollt Dokument dat d’Chambre des Salariés all Joers erausbréngt a wou ënnert anerem d’Evolutioun vum Aarmutsrisiko hei am Land ënnersicht gëtt.

Eng bestëmmten Donnée huet mech do awer staark interpelléiert. Laut dem Panorama social ass den Aarmutsrisiko fir elengerzéiend Elteren, an domadden och fir hir Kanner, säit 2005 ëm ganzer 25% an d’Luucht gaangen. Domadden erreecht hien den traureg héijen Niveau vun 41,3%.

Wéi kann dat doten sinn, an eisem dach räiche Lëtzebuerg?

Ween sech mat der Matière beschäftegt, fënnt an enger interessanter Etude vum lëtzebuergeschen Fuerschungsinstitut LISER eng Réi Äntwerten dorops. Wéi des Etude weist, riskéieren elengerzéiend Elteren vill éischter ënnert dem Phänomen vun den “working poor” ze falen.

De LISER huet eng Lëscht opgestallt, mat 17 sougenannten “Items”. Dobäi handelt et sech ëm Elementer, déi Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg normalerweis missten hunn.

Dat geet vun engem puer Schong, déi déi richteg Gréisst hunn, iwwert een Iessen pro Dag, wou och Proteinnen a Vitaminnen um Teller sinn, iwwert eemol d’Joer kënnen eng Vakanz maachen.

Wei de LISER awer leider erausfonnt huet, ass den Risiko, dat déi 17 Items net alleguerten do sinn, an elengerzéienden Familljen vill méi héich. An Zuelen ausgedréckt, ass de Risiko dat Kanner an elengerzéienden Familljen op mannst op 3 vun deene 17 Items verzichte mussen, zwee bis fënnef mol méi héich wéi an anere, vergläichbare Familljen.

D’Konklusioun déi Fuerscher vum LISER dorausser zéien, ass dat deen erhéichten Aarmutsrisiko, deem elengerzéiend Familljen ausgesat sinn, en zousätzleche Risiko ass. Et ass e Risiko deen um selwechte Niveau ass ewéi zum Beispill de Fakt keng Aarbecht ze hunn.

Hei gëllt et deemno ze handelen, fir datt aus dem Aarmutsrisiko, deem des Familljen ausgesat sinn, net tatsächlech eng Aarmutssituatioun gëtt. Iwwregens sinn, ëmmer nach laut dem LISER, elengerzéiend Elteren an 8 vun 10 Fäll Mammen.

Et ass elo awer net esou dass näischt an dem Domäne geschitt wier.

Ech denke do zum Beispill un eng Réi Mesuren, déi vun dëser Koalitioun ëmgesat gi sinn. Zum Beispill gratis Schoulbicher, eng Réi Stonnen gratis Kannerbetreiung oder och de gratis ëffentlechen Transport wat Familljen, déi all Euro mussen zweemol ëmdréinen, sécherlech hëllefe kann.

An dann natierlech och d’Steierreform vun 2017. Si hätt kënne méi wäit goen, mä op jiddefalls ass de Crédit d’Impôt monoparental staark eropgesat ginn ass.

Alles dat si Mesuren, fir déi sech d’LSAP staark gemaach huet.

Et bleift awer definitiv nach Handlungsbedarf. Selbstverständlech am Logementberäich, awer och am Steierberäich. Et ass jo esou, dat Haushalter an der Kategorie 1A, wou Elengerzéiender jo drënner falen, zu Deel méi héich besteiert ginn, wéi Koppelen mat Kanner, déi an der Kategorie 2 sinn.

Schonns an eisem Walprogramm 2018 hate mir als LSAP geschriwwen, datt d’Steierklass 1A méi no un d’Steierklass 2 komme soll. Laangfristeg, sou steet et weider an eisem Walprogramm, setzt sech d’LSAP fir eng Individualbesteierung an.

Dozou stinn mir weiderhin. Sou steet och am Koalitiounsaccord, dass solle weiderhin Efforten gemaach ginn, fir a Richtung vun enger individueller Besteierung ze goen.

Leider wësse mir awer och, dat dës Aarbechten laangwiereg an komplizéiert sinn. D’Coronakris huet net dozou bäigedroen dës ze beschleunegen. Mee mir sollten dat Zil net aus den Ae verléieren an d’Viraarbechten weider dreiwen, fir dat dee Wonsch, vun enger individueller Besteierung, an Zukunft och kann ëmgesat ginn.

Am Sënn vun den elengerzéiend Mammen a Pappen.

Mä virun allem och am Sënn vun hire Kanner.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

 

Facebook
Twitter