D’Educatioun – E Flichtfach fir d’LSAP

Newsletter

Zënter Ufank Dezember 2019 ass d’Francine Closener LSAP-Deputéiert. Di 50 Joer al Politikerin war laang Joren Journalistin, Chefredaktesch an dono Staatssekretärin: wat sinn hier politesch Prioritéiten , wat läit hier besonnesch um Häerz ? Mir hu mam mam Francine geschwat:

Fro: Francine, um politesche Plang kennt een dech bis lo als ganz aktiv Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, de Schratt an d´Politik hues de awer u sech wéinst engem aneren Dossier deemools gewot?

Francine: D´Educatioun louch mir schonn ëmmer um Häerz. Als Journalistin hunn ech dësen Dossier am Alldag verfollegt an als Mamm vun 2 Schoulkanner intresséiert e mech natierlech och ganz perséinlech. Et war dofir och ganz kloer d’Perspektiv, fir um Educatiounsdossier ze schaffen, déi den Ausschlag ginn huet, fir no menger politescher Paus mäin Deputéierte-Mandat unzehuelen. Ech wëll als parlamentaresch LSAP-Spriecherin d’Educatioun erëm an den Zentrum vun eise politeschen Iwwerleeunge bréngen. Och bäi menger Aarbecht am Wirtschaftsministère war d’Aus-an d’Fortbildung fir mech en wichtegt Uleies; mer kennen alleguerte deen enorme Defi vun der Formatioun fir de Mëttelstand, besonnesch fir d’Handwierk. Ech hunn kloer d’Ambitioun an d’Determinatioun fir sozialistesch Positioune zur Educatiounspolitik matzegestalten.

Fro: D’Elteren gesinn d’Schoul jo ëmmer och duerch e subjective Brëll.

Francine: Dat ass jo normal. D’Elteren sinn dagdeeglech mat der Realitéit an eise Schoulen confrontéiert. Mee natiirlech geet déi subjektiv Vue net duer – am Géigendeel: als Politiker muss een et fäerdeg bréngen, eng gewëssen Distanz tëscht sech an de jeweilege politesche Froen ze halen. Wéi gesot, schonn als Journalistin hunn ech den Educatiounsdossier enk suivéiert, virun allem dem Mady Delvaux seng Reformen fir e méi kompetenz-orientéierten an differenzéierten Enseignement. Doran, grad wéi och an aneren, méi rezenten Reforme ware vill gutt Usätz, mee vill vun deene Reformen sinn nach net um Terrain ukomm. Et ass net gutt, datt vill Enseignanten d’Impressioun hunn, eleng gelooss ze ginn. Dat ass ee vun de gréissten Defien vun eisem Schoulsystem, well mer wësse jo, dass d’Enseignanten d’Schlësselroll an deem System spillen. Et sinn d’Schoulmeeschteren, d’Léierinnen an d’Proffen, déi eis Kanner an hirem schouleschen Entwécklungsprozess guidéiere, motivéieren, encouragéieren, déi hinnen Loscht op d’Léieren maachen. Dofir musse mer alles dru setzen, fir dass den Enseignant a senger Aarbecht gutt encadréiert ass, fir datt hien engagéiert Schoul kann halen – dat ass d’Viraussetzung, fir dass eis Kanner gär léieren an deemno an hirem schoulesche Parcours gutt viru kommen.

Fro: Du hues elo vun denge perséinleche Motivatioune geschwat; wéi ee Stellewäert gesäis de fir d’LSAP an där Fro ?

Francine: En zentrale Stellewäert! Fir eng Partei, déi d’Gerechtegkeet an d’Chancëgläichheet als zentraalt Leitmotiv huet, ass d’Educatioun e Flichtfach. Mir brauche keng weider Etüde méi, fir festzestellen, dass d’Schoul kee sozialen Lift méi ass fir d’ Kanner aus sozial défavoriséierte Familjen.  Au Contraire: d’Ongerechtegkeet gëtt sou guer nach reproduzéiert, an dat schon vun der Primärschoul un. Wann een da nach no vir kuckt – Digitaliséierung, kënschtlech Intelligenz, Mediekompetenz, fir nëmmen dat ze nennen – da gesäit een wéi eng gewalteg, zousätzlech Aufgaben op eise Schoulsystem zoukommen. Standard-Äntwerten wéi ‘et war nach ëmmer esou’ oder ‘et ass historesch gewuess’ sinn definitiv net méi gutt genuch. Eist Schoulsystem a virun allem eist Schoulpersonal sollen d’Aufgab hunn, mee och d’Moyenen kréien, fir eis Kanner op eng ëmmer méi komplex Welt virzebereeden. An all Kand, egal wou et hierkënnt, soll déi selwecht Chance kréien. Wa mer dat net fäerdeg bréngen, ass all Geschwätz vun enger gerechter Gesellschaft hifälleg.

Fro: Du hues also grouss Virsätz fir d’Schoul. Wéi wëlls de déi Saach da konkret upaken?

Francine: An 3 Etappen. Bei där éischter geet et drëm nozelauschteren. Vill a gutt nolauschteren, fir sech e komplett Bild ze maachen. Et geet mir drëm, alleguerten d’Acteuren ze héieren, vun den Enseignants-Associatioune iwwer d’Studente-, Schüler- an Eltereverbänn bis hin zu den Experten wéi zum Beispill d’Uni-Chercheure vum LUCET ( Luxembourg Centre for Educational Testing). An engem 2. Schrëtt soll den zoustännegen LSAP-Aarbechtsgrupp op Basis vun all deenen Informatiounen Positiounen a Prioritéiten entwéckelen, déi duerno nach mat der ganzer Partei diskutéiert ginn. An der 3. Etapp gëtt dann déi eigentlech ëffentlech Aarbecht gemaach, wou mir mat konkrete Fuerderungen am Dossier Educatioun wëllen untrieden.

Fro: Hues de och schonn en Zäitplang am Kapp?

Francine: Dat soll scho relativ féx goen ! Sou wéi bei villen Themen gëtt et hei och eng Urgence a mir musse léieren, e wéineg méi séier virun ze kommen. Den Aarbechtsgrupp schafft fläisseg. Idealerweis si mer fir d’Schoul-Rentrée 2020 prett, fir an engem méi grousse Kader iwwert eis Iddien ze diskutéieren. Et geet drëm, mëttelfristeg nees zu DER Stëmm an der Educatioun ze ginn, fir och 2023 mat engem ambitiéisen Educatiounsprogramm an d´Walen ze goen. Mir brauchen eng komplett Visioun mat konkrete Virstellungen an dësem Dossier, deen fir eis Kanner a fir eis ganz Gesellschaft kruzial ass.

Fro: A wéi engen Themeberäicher bass du soss nach aktiv?

Francine: Ech sinn an enger ganzer Rei Kommissiounen a bekëmmeren mech nieft der Educatioun, nach ëm d’Ekonomie, d´Gläichstellung tëscht Fra a Mann, d´Gesondheet, de Sport an d´Integratioun.

Fro: E lescht Wuert just nach zum Ëmbroch, deen am Moment an der Partei geschitt. Wéi gesäis de dat?

Francine: Eng Rei Kollegen, déi d’Partei an d’national Politik an de leschte Joren wesentlech bestëmmt a gepräägt hunn, hu lo aner Weeër wéi d’national Politik ageschloen. Un eis ze beweisen, dass mer déi Lächer mat staarken Iddien an effikasser politescher Aarbecht kënnen opfëllen. Dat gëtt kee Spadséiergang, mee et ass awer och eng formidabel Chance fir eis Partei. Elo ass et un eis all, fir d’Äerm erop ze strëppen !