“De Viktor Orbán, en zweiwelhaften Trendsetter” – Tribune libre vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch)  befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding mam Wahlgewënn vum Viktor Orbán an dem europawäitem Trend vu nationalem Egoismus a politesch instrumentaliséiertem Friemenhaass.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

De Viktor Orbán – en zweiwelhaften Trendsetter

 

De Viktor Orbán huet Wahlen an Ungarn kloer gewonnen. Säin nationalisteschen an oppen europakritesche Kurs gouf bestätegt.

Fir déi Europäesch Unioun kéint seng däitlech Victoire eng Zerräissprouf ginn. Wéi gedeelt Europa ass, weist sech un de Gléckwënsch un den Ungaresche Wahlgewënner. Et gouf Jubel vu Riets a Warnunge vu Lénks, woubäi dann och elo déi Konservativ hiert wierklecht Gesicht gewisen hunn, andeems d‘EVP – d‘Europäesch Vollekspartei der och CSV ugehéiert, dem Orbán felicitéiert hunn.

Lektioun vun Ungarn ass iergerlech wéi zur gläicher Zäit och deprimant. Den nationalen Egoismus an de politesch instrumentaliséierte Friemenhaass leien europawäit am Trend.

Natierlech hunn d’Leit d’Recht, hei déi ungaresch Wieler, d’Regierung ze wielen, déi si sech wënschen, ob dat elo de westlechen EU-Partner passt oder net. Mä mussen d’Partner dem Dauerregent dofir all nationalisteschen Ausfall an all schäinhelleg Attack géint EU duerchgoeloossen, vun dem Ungarn wéi kaum en 2. dovunner profitéiert? Neierdéngs gëtt haart driwwer nogeduecht, Payementer aus dem Bréisseler Dëppen an Zukunft dovunner ofhängeg ze maachen, ob an de jeeweilege Länner d’Reegele vun der Rechtsstaatlechkeet zielen, dozou gehéiert zb Mënscherechter oder Pressefräiheet. Dës Debatt musse mär dofir féieren. Wëll anescht loossen sech Politiker wéi den Orbán net zu engem Réckzuch beweegen.

Begréissenswäert sinn hei och d’Aussoe vun eisem Ausseminister Jean Asselborn, dee wéi keen aneren sech traut d’Kand beim Numm ze nennen + ëffentlech Kritik übt. Hi schwätzt vun enger „Wertetumeur“, déi et gëllt ze neutraliséieren. De sozialisteschen Ausseminister fuerdert den Orbán op, sech un déi europäesch Wäerter ze halen an deit op Konsequenzen hin.

Europa wär net opgebaut gi fir national Ideologien an de Regierunge gewäerden ze loossen. Et gëllt dësen heftege Kurs vun der Angschtmaacherei ze stoppen a fir eng EU vun de Mënscherechter, der Communautéit an dem Fridden anzestoen.

Am Ausland awer och vun der Oppositioun heiheem héiert een dacks d’Kritik, eisen Ausseminister géif sech ondiplomatesch ausdrécken an hien hätt besser, seng Meenung fir sech ze halen. Mee frot Ärch emol ëmgedréint: wann een an Europa net heiansdo d’Stëmm vum Lëtzebuerger Ausseminister géif héieren, wiem seng Stëmm géif een dann nach héieren?

Den europäeschen Integratiounsprozess huet et an deene leschte bal 70 Joer fäerdeg bruecht, dës geféierlech Logik vun der Dominanz a vun der Feindschaft tëscht de Vëlker ze briechen an duerch géigesäitege Respekt, Zesummenaarbecht a gemeinsam Wäerter z’ersetzen. Dat huet eisem Kontinent eng laang Period vu Fridden, Demokratie a Wuelstand verschaaft. Dat dierfe mär eis elo net vu Nationalisten a Populiste futti maache loossen.

An dofir ass fir mech ee wéi den Orbán keen Trendsetter, dee mat senge populisteschen a rietse Parollen, kënschtlecher Panikmaach a Prejugéë versicht d’Vollek hannert sech ze kréien.

Léisunge kann d’Sozialdemokratie liwweren, virausgesat si bréngt et fäerdeg, d’Mënsche vun hiren Iddien nees z’iwwerzeegen an se dofir ze begeeschteren. Et wär nämlech e Feeler ze mengen, sozialistesch a sozialdemokratesch Iddie wéi Gerechtegkeet, Solidaritéit an Toleranz hätten. ausgedéngt. Ganz am Géigendeel – si waren nach ni esou noutwenneg ewéi haut.

 

Facebook
Twitter