“De Populismus, eng Gefor fir eis Demokratie?” – Tribune libre vum Alex Bodry

“Fir eis Sozialiste bedeit dat en Asaz vun all Dag, fir ze iwwerzeege fir eng oppen a gerecht Gesellschaft anzetriede fir dass de gesonde Mënscheverstand, den Optimismus an d’Fakten sech duerchsetzen, a net d’Angscht virun der Zukunft an d’Ofleenung vun all Friemer oder Afrostelle vum demokratesche Pluralismus.” Dat seet den Alex Bodry an der Conclusioun vu senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “De Populismus, eng Gefor fir eis Demokratie?”.

Hei dem LSAP-Fraktiounspresident säi Bäitrag fir nozeliesen a fir nozelauschteren.

 


 

De Populismus, eng Gefor fir eis Demokratie ?

 

An den éischte Woche vu senger Amtszäit ass de neien amerikanesche President am gaang Kapitel fir Kapitel vum Handbuch vum Populismus praktesch ëmzesetzen.

Ech si gewielt, also sinn ech d’Vollék, ech eleng wees wât d’Vollék wëll….an all déi ânescht denken, mech kritiséieren, sin géint d’Vollék, jo sie gehéiren nët méi zum Vollék.

Wéi huet ët den Donald Trump an enge vu senge berühmt berüchtegen Tweete geschriwwen: d’Press, eng bestëmmte Press ass nët mäin Feind, si ass dem Vollék säi Feind!

Ähnlech Téin kennt ee scho vun aneren Demagogen a Populisten, den Här Orbán aus Ungarn oder den Här Kaczynski aus Polen.

Och si, obwuel alles anescht wéi eestëmmeg gewielt, behaapten eleng am Numm vum eenzege Vollek ze schwätzen an ze handelen. All aner si Volleksverréider!

Och si dulde keng fräi a kritesch Press, déi bekanntlech just falsch Noriichte verbreet. Och si dulde keng onofhängeg Justiz, déi hir, dat heescht dem Vollek seng Decisiounen a Fro stellt.

Wat an all Demokratie, déi natierlech pluralistesch ass, als Géigepouvoir zum majoritäre politesche Pouvoir muss fonctionnéieren, d’Justiz an d’Press, dat gesi populistesch, autoritär Politiker als Géigner, als Camp vun der Oppositioun zum Vollekswëllen, deen si eleng vertrieden.

Dofir gëtt als alleréischt déi onofhängeg Press geschwächt an ageschüchtert, als nächst kommen dann d’Riichteren dann.

Och an der Türkei vum Här Erdogan gëtt dat zur Zäit virexercéiert.

E Bléck a Latäinamerika weist eis och, dass et de Populismus a senger anti-demokratescher Form net nëmmen op der rietser Säit vum politesche Spektrum gëtt, mee och op der lénker Säit.

Erschreckend ass, dass populistesch Politiker a Bewegunge schéinge méi Zousproch ze kréie besonnesch och an eisen Nopeschlänner: e Front National a Frankräich, eng NVA a Flanderen oder eng AFD an Däitschland benotzen ähnlech Themen a Verhalensmuster.

Et ass d’Aufgab vun den demokratesche Parteien, déi Theesen ze bekämpfen, Géigenargumenter zu ginn, den negative Gefiller positiv Gefiller entgéint ze stellen.

Net Ausgrenzung a moralesch Lektiounen, vun uewen erof, ass déi richteg Äntwert op populistesch Iddeen, mee eng Diskussioun mat Fakten an Iwwerzeegungen.

Mat Häerz, mat Begeeschterung a sozialer Sensibilitéit kann ee villes bewegen, wéi d’Beispill vun der SPD mam Martin Schulz haut weist.

Et gëllt gemeinsam Weeër ze fannen, eisem System vu der representativer Demokratie ze verbesseren an ze revitaliséieren, déi déif sozial Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft méi kleng ze maachen.

Do bléift nach vill ze maachen.

Näischt bréngt et, de Populisten an hiren nationalisteschen an autoritären Iddeen nozelafen an ze imitéieren.

An der Saach duerf et kéng Konzessioune ginn.

Dës populistesch Pulsiounen, déi wéi d’Geschicht weist, zu Konfrontatiounen an Exklusioune kënne féieren, si kéng Banalitéit.

Si weise kloer, dass eis Fräiheeten net selbstverständlech sinn, de Fridden och net.

Fir eis Sozialiste bedeit dat en Asaz vun all Dag, fir ze iwwerzeegen fir eng oppen a gerecht Gesellschaft anzetriede fir dass de gesonde Mënscheverstand, den Optimismus an d’Fakten sech duerchsetzen, a net d’Angscht virun der Zukunft an d’Ofleenung vun all Friemer oder Afrostelle vum demokratesche Pluralismus.

De Populismus däerf net gewannen!


 

Audio Fräi Tribün Alex Bodry

 

Facebook
Twitter