Dan Kersch “Besser Aarbechtszäiten”

 

Dan Kersch: “Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,
Wéi 2020 a Finnland driwwer diskutéiert ginn ass eng 4 Deeg-Woch bei engem 6 Stonnen-Aarbechtsdag anzeféieren, war d’Opreegung grouss.
«Die spinnen , die Finnen» ! konnt e liesen, mee duerch des Diskussioun, ass eis erëm bewosst ginn, dass mir eigentlech vill, ganz vill vun eiser Liewenszäit op der Aarbecht verbréngen.
D’LSAP hat schonn 2018 eng allgemeng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit op 38 Stonnen an der Woch virgeschloen, ouni Lounverloscht selbstverständlech, esou wéi dat iwwregens och zu Lëtzebuerg a verschiddene Sektore schonns de Fall ass.

D’Regierungsbedeelegung vun der LSAP huet dann dozou gefouert, dass de Mindestcongé em 1 Dag gehéicht ginn ass an mam 9.Mee als Europadag een zousätzleche Feierdag geschaaft gouf.
Dësen absolut positive Fortschrëtt bei der Reduzéierung vun der allgemenger Aarbechtszäit, sollt eis awer net dovun ofhalen, weider iwwer hier Neigestaltung nozedenken. Allerdéngs net esou, ewéi dat elo bei eisen Noperen an der Belsch soll geschéie – iwwregens ouni Diskussioun mat de Sozialpartner. Aus 5×8, mach 4×10- Ich mach mir die Welt, wie sie mir gefällt – ass fir d’Sozialiste keng Optioun. Zwar sinn d’Belsch wat d’Gesamtaarbechtszaït ugeet schonn e Schrëtt weider wéi mir zu Lëtzebuerg, mee déi aktuell Neireegelung vun enger einfacher Ëmverdeelung vun den Aarbechtsstonnen op manner Deeg, ass einfach ze kuerz geduecht !

Zemools wann dann och nach eng Rei Reegelungen dobäi kommen déi den allgemengen Aarbechtsschutz ënnergruewen. Dat wäert mat de Sozialisten net ze maache si – an et ass dofir gutt, dass weider e Sozialist Aarbechtsminister ass.

Zwar, an dat muss een zouginn, hätt esou eng Reegelung op den 1. Bléck och e puer Virdeeler : eng Rei Mobilitéitsproblemer kéinten entlaascht a plazeweis CO2 agespuert ginn.
Mee ouni Zweiwel iwwerweien d’Nodeeler !

Wann aus dem haut maximal méiglechen 10 Stonnen-Dag de Reegelfall gëtt, heescht dat fir d’Betriber net méi, mee éischter manner Flexibilitéit.
Oder denkt éier am Eescht een drun d’Leit bei engem 10 Stonnen-Dag och nach Iwwerstonnen drummen ze loossen, éier mir se dann op e laangen Heemwee schécken?
Am Fall vun 10 Stonne Regelaarbechtszaït missten och vill Salariéë Lounverloschter a Kaf huelen, well dat, wat haut als Iwwerstonn gëllt, dann an Zukunft als normal Aarbechtsstonn géing remuneréiert ginn.

Dann héiere mir ëmmer méi vun zounehmenden Drock op der Aarbecht, vu Leit déi krank gi well se dem Tempo net méi nokommen, vu Burn-out’en, jo vu Suiciden op der Aarbecht.
An da solle mir zeréck an Zäite vun engem verallgemengerten 10- Stonnen-Dag ? D’Äntwert op déi Fro ass e kloren Nee !
De Schlëssel léit dofir, esou wéi d’Sozialisten et zanter jeehier soen, net an enger Ëmverdeelung, mee an enger Reduzéierung vun den Aarbechtszäiten.
E kloert Erofsetze vun der Wochenaarbechtszaït ass d’Virbedéngung fir iwwer méi flexibel Méiglechkeete fir ze schaffen nozedenken.

Wann fréier an enger Famill, meeschtens eleng de Familljepapp 40 Stonne geschafft huet, a mat sengem Verdéngscht d’Famill gelieft huet, schaffen haut an deene meeschte Famille Mamm a Papp. An dat ass gutt esou, well et de Grondstee vun enger wierklech gläichberechtegter Gesellschaft ass.

Trotzdeem bleift, dass haut déi nämmlecht Famill 80 Stonnen, also dat Duebelt, un Aarbecht fir d’Gesellschaft leescht– a meeschtens huet se och guer keen anere Choix, wann se net an d’Aarmut wëll verfalen.

Et ass dofir méi ewéi legitim, déi méi héich Produktivitéit vun der Aarbecht, och zumindest zum Deel, un déi zeréck ze gi, déi d’Aarbecht leeschten.
Eng substanziell Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit wier dofir net nëmmen een Akt vun elementarer Gerechtegkeet, mee géif virun allem eise Famillen, eise Kanner an domat der gesamter Gesellschaft zegutt kommen.”

Dan Kersch

LSAP-Deputéierten

Facebook
Twitter