D’ Welt vun HIV/AIDS befreien ass méiglech!

Vum 8. bis den10. Juni huet zu New York eng wichteg Konferenz zur weltwäiter Bekämpfung vun HIV/AIDS stattfonnt. De Marc Angel, Ambassadeur vun der Campagne 90-90-90 vun UNAIDS, war dobäi vir säi laangjärege Kampf géint des Krankheet weiderzeféieren. D’Visioun ass kloer:

„Eng Welt, déi vun der Laascht vun HIV/AIDS befreit ass, bedeit eng méi gesond Bevëlkerung, en ekonomesche Benefice vir d’Gesellschaft an eng grouss Entlaaschtung vun de Gesondheetssystemer.“

D’Campagne 90-90-90 vun UNAIDS huet konkret zum Ziel, bis 2030

–          90% vun den Erkrankungen ze diagnostizéieren;

–          90% vun de Betraffen a Behandlung ze hunn, an

–          90% vun de Behandlungen sou wéit ze féieren, dass d’Leit net méi ustiechend sinn.

Dozou huet de Marc Angel a senger Ried gesot:

„Des Zieler si realistesch. D’Zieler, déi d’Welt sech bis 2015 am Programm „Treatment 2015“ gesat hat, konnte Méint virun der Deadline erreecht ginn. Dëst Resultat meescht ons Hoffnung, motivéiert, a gëtt eis all Grond, vir ëmsou méi ambitiéis un 90-90-90 Zieler erunzegoen.“

Déi gréissten Erausfuerderung wier et, genuch Gesondheetspersonal ze fannen an auszebilden, vir des Zieler ze erreechen, esou de Marc Angel weider. Virun allem d’Behandlung dohingéhend, dass betraffe Persounen net méi ustiechend sinn, erfuerdert spezialiséiert Personal a speziell equipéiert Laboratoiren. Nëmmen doduerch kann d’Krankheet laangfristeg besäitegt ginn.

Virun allem an den Entwécklungslänner spillen d’ “Community Health Workers“, d‘Leit op dem lokalen Niveau an d‘Organisatioune vun der Zivilgesellschaft, eng wichteg Roll. Si mussen net nëmmen entspriechend ausgebilt ginn a finanziell Ressourcen zur Verfügung hunn, mee och de rechtleche Kader muss ugepasst ginn, vir dass si en formale Status kréien a besser, wéi dat haut oft de Fall ass, an de nationale Gesondheetssystemer kennen integréiert ginn.

En besonnesche Fokus leet de Marc Angel och op d’Infektioune bei Kanner:

„Mer hunn grouss Fortschrëtter bei der Mamm-Kand Iwwerdroung vun HIV gemaach. Mee em déi Kanner, déi haut trotzdem nach infizéiert ginn, gouf sech bis elo net systematesch genuch gekëmmert. Mer hunn haut d’Moyene vir dat ze änneren an et ass héich Zäit, dat och ze maachen!“

Lëtzebuerg setzt sech dann och besonnesch vir dëse spezielle Programm vun UNAIDS an.

Schlussendlech huet sech de Marc Angel vir d’Ofschlosserklärung vun der Konferenz dofir staark gemaach, dass de gesellschaftspolitesche Volet net ze kuerz kennt. Leider gi vun HIV/AIDS besonnesch betraffe Gruppen nämlech a ville Gesellschaften nach ëmmer diskriminéiert an ausgegrenzt.

D’Ofschlosserklärung vun der Konferenz fannt Dir um Site vun UNAIDS:

http://www.unaids.org/

Facebook
Twitter