CETA: “E méiglëchst fräien Handel, mee net ouni Regelen!”

Am Numm vun de Regierungsfraktiounen huet um Dënschden de Mëtten den Alex Bodry eng Motioun am Zesummenhang mam CETA, dem “Comprehensive Economic and Trade Agreement”, dem Fräihandelsofkommes tëscht Kanada an der Europäescher Unioun, an der Chamber deponéiert.

Et wier wichteg a richteg zu dësem Moment politesch Stellung zum Accord ze huelen a rout Linne festzeleeën, déi net dierften iwwerschratt ginn, sot den LSAP-Fraktiounschef. Den Alex Bodry huet awer och ënnerstrach, dass Kanada vun der Envergure vun de wirtschaftleche Bezéiungen mat der EU net mat den d’USA ze vergläichen, an CETA net mam ëmstriddenen USA-EU-Fräihandelsofkommes TTIP gläichzesetze wier. D’Divergenze vun den inhaltleche Commentairen an dat deelweist Mësstrauen géintiwwer CETA wiere virun allem an zu Recht op déi ontransparent Verhandlungen zeréckzeféieren. Dofir wier et wichteg, dass déi politesch Debatten zu dësem Abléck net ofgebrach géifen. An der Motioun gëtt d’Regierung an dësem Sënn opgefuerdert géint all Propositioun ze stëmmen, déi den Accord ënnert déi exklusiv Kompetenz vun der EU géif stellen. D’Regierungsparteien fuerderen, dass op de sougenannte “Caractère mixte” vum Accord insistéiert gëtt, dass an anere Wieder déi national Parlamenter bei der Ratifikatioun e Wuert däerfe matschwätzen. Fir d’LSAP wier et inakzeptabel, wann duerch de festgehalenen Investorenschutz d’demokratesch Kompetenz vun de Nationalstaaten a Fro gestallt géif, esou den Alex Bodry.

Och invitéieren d’Fraktioune vun LSAP, DP an “déi gréng” d’Regierung am EU-Conseil all Demarche ze ënnerstëtzen, déi zu enger Kloerstellung vun de kontroversen juristesche Froen féieren. An der Motioun gëtt weider gefrot, dass de Vote am europäesche Parlament onbedéngt virun engem provisoreschen Akraafttrieden vu CETA muss stattfannen, d’Onofhängegkeet an d’Impartialitéit vun de Memberen vun de permanenten Investitiounstribunaler misst, zum Beispill duerch en Verhalenskodex, garantéiert sinn.

Den Alex Bodry huet ënnerstrach, dass et wichteg wier, dass Regierung a Chamber Hand an Hand schaffe géifen fir esou eng méiglechst grouss parlamentaresch Zoustëmmung ze erreechen. Esou soll virun all Decisioun am EU-Conseil d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung an der zoustänneger aussepolitescher Kommissioun diskutéiert ginn.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet sengersäits ënnerstrach, dass d’Regierung d’Suerge vun de Kritiker eescht hëlt, dass duerch de Fräihandelsaccord déi europäesch Standarden net opgeweecht ginn. Den LSAP-Minister huet an dem Kontext awer och ënnerstrach, dass Lëtzebuerg aktuell schonn 100 bilateral Accorden ofgeschloss huet an an allen schonn en Investoreschutz, esou ewéi en bei CETA kritiséiert gëtt, besteet. De Jean Asselborn huet erkläert, dass déi ëmstridde virgesinne Geriichter all Standarden a Saachen Onofhängegkeet vun internationale Geriichter erfëlle géifen a just a CETA betreffend Froen an net an EU-Froen tranchéiere kéinten.

Och de sougenannten “Vorsorgeprinzip” géif no EU-Muster bestoe bleiwen, well dësen am Traité vu Lissabon festgehale wier an deemno ausser Fro stéing. Den Ausseminister huet, genau ewéi den Alex Bodry, och op d’Mixitéit vum Accord insistéiert. Ofschléissend huet de Jean Asselborn drop higewisen, dass ronn 100.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg um internationalen Handel hänken an dass de Kanada, no den USA a China, den drëttgréissten Handelspartner vum Grand-Duché ass. Virun allem dierft een awer net vergiessen, esou de Jean Asselborn, dass CETA keen deguiséierten TTIP wier. Allerdéngs missten déi rout Linnen, déi bei CETA géife gëllen, – wann et dann zu engem TTIP-Accord kéim – och an dem Fall gëllen.

D’Motioun, déi den Alex Bodry abruecht huet, gouf schliisslech mat de Stëmmen vun de Regierungsfraktiounen, vun der CSV a vun der ADR ugeholl.

Motion CETA (07/06/2016)

Facebook
Twitter