Tess Burton: “Global denken – Lokal akafen.”

 

Manner Randfleesch, manner Mëllech, méi Uebst a Geméis… Dat sinn net Recommandatioune fir eng méi vegetaresch oder méi gesond Ernärung, mä Fuerderungen, déi d’Gesellschaft un eis Landwirtschaft stellt. 

D’Véihaltung soll manner intensiv ginn, well dat besser fir de Klima- an den Ëmweltschutz ass. Kuerz Transportweeër fir Uebst- a Geméis spueren Energie a schiedlech Emissiounen. En zousätzleche Plus an deem Sënn bitt d’Biolandwirtschaft.  

D’Zuel vun de Bauere gëtt ëmmer méi kleng, an trotzdeem bewirtschaften si eng Fläch, déi d’Hallschent vum Lëtzebuerger Territoire ausmécht. Mir brauchen d’Baueren, an d’Bauere brauche realistesch Alternativen zu enger intensiver Déierenhaltung. Eng Diversifizéierung ass méiglech a sënnvoll, net nëmmen a Richtung Uebst- a Geméisbau. Mä all Form vu Produktioun verbrauch Ressourcen a produzéiert Emissiounen. Wat mir an all aner Wirtschaftssecteur als normal ugesinn, gëtt der Landwirtschaft zum Virworf gemaach. 

Natierlech sollen an eise landwirtschaftleche Betriber déi neisten Technologien a beschten Aarbechtsmethode genotzt ginn, fir sou nohalteg ze schaffen, wéi méiglech. Nohalteg bedeit awer och, dass de Bauer genuch Benefice mat sengem Betrib mécht, dass en dovu ka liewen. 

Ziel vun der Diversifizéierung muss et sinn, de Baueren en zousätzlecht ekonomescht Standbeen ze bidden. Dat reduzéiert hire Risiko, wann et an engem Secteur schlecht geet an et mécht se méi resilient an Zäite vu Krisen a Klimawandel. De Staat muss de Kader sou setzen, dass des Diversifizéierung net nëmme méiglech, mä laangfristeg rentabel ka sinn, fir dass sech doraus reell Perspektive fir jonk Baueren erginn. 

De Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt des Initiative mat finanziellen Hëllefe fir Start-upen, mat Installatiouns- an Investitiounsbäihëllefen an all méiglechen anere Primmen. Um Enn brauch d’Landwirtschaft awer wéi all anere Produktiounsbetrib Clienten, déi hir Produkter zu engem faire Präis kafen. Opgrond vun den Terrainspräisser an den héije Léin zu Lëtzebuerg ass dee faire Präis hei oft e Stéck méi deier, wéi am Ausland.  Et ass richteg, dass et och hei am Land vill Leit gëtt, déi musse spueren a knapps iwwert d’Ronne kommen. Dat ëmsou méi, wéi d’Präisser am Moment iwwerall an d’Luucht ginn. Et gëtt awer och genuch Leit, déi sech et ouni Problem leeschte kennen, e puer Euro méi fir nohalteg a lokal produzéiert Liewensmëttel auszeginn. Si mussen allerdéngs verstoen, firwat dat esou wichteg ass. 

Generell huet eis Bevëlkerung ganz wéineg Kontakt zur Landwirtschaft an oft eng onrealistesch Virstellung dovun, wéi eis Liewensmëttel hiergestallt ginn. Doraus erginn sech Erwaardungen a Fuerderungen, déi ganz einfach net ze erfëlle sinn. Direktvermaartung, Schoulkanner a Crèchen um Bauerenhaff, Wäistuffen a Vakanz um Bauerenhaff sinn Aktivitéiten, déi dëst Verständnis kënne verbesseren.  

D’Landwirtschaft ass am Wandel. Si muss sech upassen u verännert Klimabedéngungen a méi knapp Ressourcen a gläichzäiteg e Bäitrag zur Biodiversitéit an zum Déierewuel leeschten. Et gëtt jonk a manner jonk Baueren, déi Entrepreneursgeescht an innovativ Iddien hunn. Si brauche Perspektiven an enger Gesellschaft, déi hinne Verständnis an Unerkennung fir hir Aarbecht entgéint bréngt. 

Facebook
Twitter