“Bezuelbart Wunnen, eng gemeinsam Erausfuerderung” – Fräi Tribün vum Alex Bodry.

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) zum Thema “Bezuelbart Wunnen, eng gemeinsam Erausfuerderung” befaasst sech den Alex Bodry mat neien Iddien a méiglechen Initiativë fir d’Logementsproblematik parteiiwwergräifend unzegoen.

Hei dem LSAP-Fraktiounschef säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

“Bezuelbart Wunnen, eng gemeinsam Erausfuerderung”

 

Zënter gudd 20 Joer klammen zu Lëtzebuerg Terrainspräisser, eng rasant Entwecklung, déi och d’Wunnengspräisser op beim Aal- oder Neibau explosiounsarteg eropgedriwwen hunn.

Sech eng Wunneng bei eis leeschten ze kennen, ass fir vill Leit en absoluten Luxus ginn a geet net ouni grouss Verschëldung.

D’Präisser vun de Wunnengen an och d’Loyers wuessen an der Regel baal doubel esou schnell wéi d’Akommes vun de Léit.

Et feelt un Sozialwunnengen an allgemeng un Wunnengen zu erschwénglesche Präisser, bei enger stârker Progressioun vun der Bevölkerung, déi lescht 5 Joêr!

All positiv Initative, besonnesch vun dëser Regierung fir iwer urbanistesch an steierlech Mesuren, wéi och iwer finanziell Bäihellefen dës Situatioun um Wunnengsmaart ze verbesseren, weisen kaum Wirkung.

D’Präisser gin weider an d’Luut, iwwerall!

Kucke mir nô, resignéire mir oder hu mir de Courage fir méi déifgräifend ze handelen?

Ouni eng massiv Mobiliséierung vum Bauland geet ët nët! Et muss méi dicht bebaut ginn, nei Quartiers, jo méi Uertschaften mussen entstoen (Belval ass e gudd Beispill).

Héi gét et nët drems, den klengen Terrain fir d’Kanner mordikus ze bebauen, mee bei den Terrainsbesëtzer vun Hektaren Land endlech en Emdenken ze erreechen: den Egoïsmus an de renge Privatinteresse dem allgemengen Interesse virzestellen. D’Spekulatioun op Terrains muss ophâlen.

Eegentum verpflicht, besonnesch wann mer no an no en Wunnengsnoutstand eranrutschen.

Als LSAP fuedere mir, dass d’Wunnengspolitik nët zum Spillball vun parteipoliteschem Klengkriich gëtt.

Et ass e groussen nationalen Problem, dén mir wa méiglech parteiiwwergräifend mussen léisen.

Dat ass eis verdammte Pflicht.

Dofir wärt en Baugebot a gewëssen Zonen agefouert ginn.

De néien Wunnengsbaupakt muss eng réel permanent Kooperatioun vun Staat a Gemengen, besonnesch beim Schâfen vun Sozialwunnengen zum Ziel hunn.

Op duerch vum Gesetz virgesinn Expropriatioun duerf nët vun vir eran verzicht ginn: esou eppes wär onverantwortlech och an den Aa vun der LSAP.

D’Bedingunge fir Subsiden beim Loyer, beim Kaaf an Embau vu Wunnengen mussen méi generéis définéiert ginn.

Eis Loyersgesetz muss op de Leescht geholl gin e.a. fir d’Klammen vun de Loyers ze bremsen.

Gemeinsam mat dem Privatinvestoren kann d’öffentlech Hand munches zousätzlech bewegen, wann mir eis nët selwer duerch Prozeduren Foussangele uléeen.

E Patentrezept fir d’Explosioun vun de Wunnengspräisser ze stoppen gett ët nët.

Keng Partei huet dat.

Mee, Iddien sinn do.

Losse mir doriwer diskutéieren a konsequent handelen.


Tribune libre Alex Bodry “Logementsproblematik” – AUDIO

Facebook
Twitter