Bei eis do uawe

Newsletter

D’Regioun Norde mat de 5 Kantone Clierf, Dikrech, Réiden, Veianen a Wolz ass esouwuel vun der Fläch wéi och vun der Unzuel vun de Gemengen dee gréisste Walbezierk am Land. A 35 Gemenge gëtt bei de Parlaments- a bei de Gemengewale gewielt. Bei de Gemengewale gëtt a 6 Gemenge nom Proporzsystem gewielt, bei deenen aneren ass et de Majorzsystem. Mat 16% vun de Stëmmen huet d’LSAP bei de leschte Chamberswalen 1 Sëtz kritt. A 5 Gemengen – Dikrech, Wolz, Veianen, Useldeng a Sëll – stinn LSAP-Leit an der Verantwortung.

Säit Mäerz 2019 ass d’Tina Koch vun Eselbuer an der Gemeng Clierf Presidentin vum LSAP Nordbezierk. Mir hunn eis mam Tina iwwert d’Aarbecht am Bezierk an och iwwert seng Iddie fir d’Gemeng Clierf ënnerhalen.

Fro: Tina, du bass als relativ Newcomerin Ufanks d’lescht Joer zur Bezierkspresidentin am Norde gewielt ginn. Has du am Virfeld eng Virstellung op wat du dech do géings aloossen?

Tina: Nee, net wierklech. Mee soll dat net och esou sinn ? Politik am wäite Sënn entwéckelt sech jo dauernd weider, d’Erausfuerderungen ännere sech, do ass et gutt wann ee net ze vill fest Virstellungen huet wat op een zoukënnt. Natierlech hunn ech mat enger Rei Leit geschwat ier ech kandidéiert hunn an déi Rotschléi hu mer am Ufank vill gehollef.  D’Méiglechkeeten an awer och d’Schwieregkeeten déi mat sou enger Roll verbonne sinn erfaasst een awer eréicht wann een an der Saach dran ass.

Fro: Komme mer zum Nordbezierk. U sech ass dat jo virun allem eng geografesch Andeelung fir d’Parlamentswalen, mee et entsprécht och enger Organisatiounsform vun der LSAP. Wéi eng Aarbecht maacht dir am Bezierkscomité?

Tina: Eist iwwergeuerdent Zil ass et d’LSAP am Norden ze stäerken, mat ze hëllefen d’Identitéit vun der LSAP am Norden ze schäerfen. Als Bezierkscomité hu mir keng eege politesch Agenda a mir mëschen eis net an d’Gemengepolitik an. Mir gesinn eis als eng Plattform wou déi verschidde Sektiounen sech austauschen, vun enee léieren an no gemeinsamen Äntwerten sichen zu Froen déi sech an der Regioun stellen. Ech géif eis Aarbecht als Gemengen-orientéiert bezeechnen, an deem Sënn dass mer prioritär déi Themen déi vun de Sektiounen op eise Niveau erop bruet ginn traitéieren. Dofir hu mir och am Bezierkscomité op d’mannst ee Member vun all Sektioun aus dem Norden, dëst erlaabt et eis eis Aarbechtsagenda aus de Propositiounen vun alleguerten de Sektiounen zesummen ze stellen.

Fro: Wéi organiséiert dir iech am Bezierk?

Tina: Mir hunn am Norde Partikularitéiten deene mer Rechnung mussen droen. Vu Réiden op Ëlwen sinn et méi wéi 60 km, do ass ee gären 1,5 Stonn ënnerwee wann een e bësse Verkéier huet. Mir dréinen dofir mat eise Sëtzungen vu Gemeng zu Gemeng, aus Fairness vis-à-vis vun de eenzelne Comitésmembere mee och well et eis erlaabt méi Leit mat anzebannen. Eis Bezierkscomité-Versammlunge si nämlech op fir d’Militanten aus de jeeweilege Gemengen an deene mir eis gesinn. Et geet eis bei allem drëm ze héiere wat vun der Basis un eis erugedroe gëtt an dann zesumme mat de Leit Léisungen auszeschaffen. Ech perséinlech sinn iwwerzeegt dass dat e villverspriechende Wee ass d’LSAP méi breet am Norden opzestellen.

Fro: À propos opstellen: bei de leschte Gemengewalen hate mer net an all Proporzgemengen am Norden eng Lëscht. Ass dat en Thema mat deem der iech beschäftegt?

Tina: Jo, absolut mir brauche sozialistesch a modern Gemengen an der Nordregioun. Net nëmmen a Proporzgemengen, och an de Gemenge wou nom Majorzsystem gewielt gëtt, wou et eenzel Leit sinn déi sech opstellen, hu mir wäiss Flecken. Clierf an Ëlwen sinn 2 Proporzgemengen an deene mir 2017 keng LSAP Lëscht opgestallt kritt haten. 2023 kënnt déi fusionéiert Gemeng Parc Housen als nei Proporzgemeng bäi. Mee et ass grad esou wichteg dass mer och an de méi klenge Gemenge Kandidaten a virun allem Conseilleren hunn déi kloer mat der LSAP associéiert sinn. Et si net ëmmer d’Sympathisante déi eis feelen, heiansdo ass et just de Schrëtt an d’aktiivt politescht Liewen dee nach aussteet. Ech gesinn eng wichteg Roll fir de Bezierkscomité an där Problematik ze handelen.

Fro: Wat heescht dat konkret?

Tina: Et geet an enger éischter Phas net drëms einfach nëmme Leit ze fanne fir eng Lëscht zesummen ze kréien. Et gëllt déi Basis iwwert déi nächst Jore bis 2023 opzebauen, andeems mer geziilt Leit aus deene Gemengen an eis Iwwerleeungen an eis Aarbecht mat abannen. Dat heescht och an déi Gemengen higoen a mat de Leit schwätze goen, physesch present sinn. Dat ass natierlech eng zousätzlech Belaaschtung fir déi déi elo schonn an hire respektive Sektiounen a Gemengen aktiv sinn. Et ass un eis, dem Bezierkscomité, fir dofir ze suergen dass deen Effort gutt organiséiert ass. Déi aner Schlësselroll fir de Bezierk an där Fro ass d’Ausschaffe vu politesche Prioritéite fir de Norden. Mir hate viru kuerzem en éischte Workshop vun deem neie Comité wou mer ugefaangen hunn regional iwwergräifend Themen z’identifizéieren zu deene mer Propositiounen ausschaffe wëllen a mat deene mer dann sou breet wéi méiglech erausgoe wëllen.

Fro: Kanns de eis schonn eppes zu deene Theme soen?

Tina: Mir si nach net fäerdeg mat eisen Iwwerleeungen, mee e puer Theme schiele sech schonn eraus. Et sinn u sech déi selwecht Themen déi och national dominéieren, mir kucke se staark duerch de spezifesche Brëll vum Norden. Zum Beispill ass de ganze Komplex Klima-, Energie- a Landwirtschaftspolitik en zentraalt Uleies fir eis. Mir ginn déi Theme guer net defensiv un, au contraire, mir sichen no Léisunge déi fir eis Regioun passen. Erneierbar Energien an de ländleche Raum, Promotioun vun de lokalen an regionale Produkter, d’Disponibilitéit vu landwirtschaftlechem Terrain vir Jongbauren an och déi traditionnell Betriber am Norden, energetesch Renovatioun a klengen Duerfhaiser déi bis elo nach erschwénglech sinn – dat si nëmmen e puer vun deene Punkten mat deene mir eis beschäftegen.

Fro: Et géif mech net wonneren wann d’Mobilitéit en anert vun ären Theme wier?

Tina: Absolut, d’Mobilitéit gehéiert och dozou. An domat verbonne d’Fro vun der wirtschaftlecher Aktivitéit am Norden déi staark op d’Landwirtschaft an d’Handwierk ausgeriicht ass, mee jiddereen deen net an deene Secteure schafft huet laang Weeër op d’Aarbecht. D’Nordstad ass eng super Saach, mee et dierf een net vergiessen dass no der Nordstad nach 50 Minutten Auto riit erop kommen.

A fir mech komme mer och net derlaanscht déi spezifesch Situatioun vun der Santé am Norden ze thematiséieren. Mam CGDIS huet sech d’Noutversuergung scho massiv verbessert, mee et bleiwe nach Santéschantieren, wéi zum Beispill d’Éischtversuergung, een zweete Samu am Norden an den Generaliste-Noutstand.

Fro: Zum Schluss nach eng Fro net un dech als Bezierkspresidentin mee als Parteimilitantin vu Clierf. Wéi gesäis du déi spezifesch Situatioun zu Clierf, och am Hibléck vun de Gemengewalen 2023?

Tina: Ee vun de Grënn firwat ech mech zousätzlech zu mengem gewerkschaftlechen Engagement och parteipolitesch agesat hunn ass dat exzellent Fonctionnement vun der Sektioun Kanton Clierf. Eis Sektioun deckt d’Aarbecht vun der Partei an den 3 Proporzgemenge Wëntger, Clierf, Ëlwen, der zukünfteger Proporzgemeng Parc Housen an der Majorzgemeng Wäiswampech of. Dat ass eng zimmlech Herkulesaufgab. D’Gemeng Wëntger alleng setzt sech aus méi wéi 20 Uertschaften zesummen. Dës kantonal Organisatioun mécht vill Sënn a sollt onbedéngt weidergefouert ginn. Fir d’parteipolitesch Visibilitéit an enger Proporzgemeng wéi zum Beispill Clierf huet déi Organisatioun awer Schwächten. Mir mussen et fäerdeg bréngen e gemengespezifesche Profil opzebauen, mir mussen zu Clierf als eng Partei erkannt ginn déi sech mat de lokale Problemer auskennt an Äntwerten drop huet. Ech mengen dass dat eng Viraussetzung ass dass mir zu Clierf eng schlagkräfteg Lëscht fir d’Gemengewalen 2023 opstelle kënnen. Dat ass eng vun den Aufgaben déi ech mir als LSAP-Militantin vu Cliärref gesat hunn.