Artifiziell Intelligenz – eng Chance fir d’Inclusioun an der Schoul?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun a Fuerschung weiderzeleeden.

Laut der WHO ass weltwäit 1 vun 59 Kanner vun Autismus betraff. Den Autismussyndrom ass virun allem eng Stéierung vun der Wahrnehmungsveraarbechtung. D’Zil soll sinn, dës Kanner, déi dacks Problemer hunn sech richteg auszedrécken oder d’Emotioune vun Aneren ze verstoen, sou gutt wéi méiglech  an der Gesellschaft an och an der Schoul mat an ze bezeien. Inclusioun ass hei d’Stéchwuert. Dësem Thema huet sech och eng Spin-off, déi aus der Uni.lu ervirgeet ugeholl an den QTrobot entwéckelt. E Roboter, deen déi emotional a sozial Kompetenzen vu Kanner mat Autismus soll fërderen. Kanner mat Autismus sollen ëm 165% méi opmierksam sinn, wann dëse klenge Roboter an hirer Bildung benotzt gëtt.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Minister fir Educatioun a Fuerschung dës Froe stellen:

  • Gëtt de QTRobot schonn an der Lëtzebuerger Schoul oder an de Kompetenz Zentren agesat? Wann jo, wou a wat sinn déi éischt Erfarungen?
  • Kann de Minister sech virstellen, dëse klenge Roboter landeswäit Schoulen zur Verfügung ze stellen fir dass d’Inklusioun sou gutt wéi méiglech gelénge kann?
  • Kéint de QTRobot net och eng wichteg Ënnerstëtzung beim Homeschooling vu betraffene Kanner sinn? Wann jo, a wei wäit kéint de jeeweilegen Elteren finanziell ënnert d’Äerm gegraff ginn?
  • A wei wäit wäert déi artifiziell Intelligenz d’Schoul, notamment a punkto Inclusioun, vu muer mat gestalten? Ginn et hei weider Projeten un deenen den Educatiouns-, a Fuerschungsministère schafft?

Mat déiwem Respekt,

Simone Asselborn-Bintz

Deputéiert

 

-> Hei d’Äntwert vum Minister:

Question parlementaire – Inclusion_IA

Facebook
Twitter