Amir Vesali: „Women – Life – Freedom” Eng nei iranesch Revolutioun?

Viru knapps 2 Méint koum et am Iran zu engem trageschen Doud vun enger jonker Fra „Mahsa Amini”, déi vun der Moralpolice festgeholl gouf an do an Untersuchungshaft ëm d’Liewe komm ass… dorops si massiv Protester lassgaangen. De Moment hei kéint duerchaus e Wendepunkt fir d’Zukunft vum Land duerstellen. Dës Manifestatioune si bemierkenswäert, well d’Fraerechter am Mëttelpunkt stinn. En neie Moment am Noen Osten.

D’Frae ginn am Iran zënter der Islamescher Revolutioun vun 1979 systematesch ënnerdréckt. Ënnert dem totalitäre Regime gouf direkt am Ufank vu senger Herrschaft d’Alterslimitt fir d’Bestietnes op 13 Joer erofgesat, dem Mann d‘exklusiv Recht gi fir d‘Scheedung unzefroen oder d’Sange de Frae verbueden. Net ze vergiessen, dass d’Frae gezwonge sinn sech un e Code vestimentaire ze halen, dee streng vun der Moralpolice kontrolléiert gëtt. Dat si just e puer Beispiller vu ville Ongerechtegkeete géigeniwwer dem weibleche Geschlecht.

Natierlech ass den Doud vum „Mahsa” net eleng d’Ursaach fir déi Protest-Aktiounen… mee dëst war awer den Ausléiser fir den Ufank vun enger Revolutioun, déi sech zënter laangem an de Käpp vu de Leit preparéiert huet. D’iranesch Populatioun ass immens jonk: den Altersduerchschnëtt läit bei knapps 31 Joer. Et sinn also déi jonk Leit, déi déi bedeitendst Roll fir d’Zukunft vun hirem Land spille wäerten.

Déi extrem konservativ Féierung vum iranesche Staat entsprécht net dem moderne „Lifestyle“ vun där neier Generatioun. Et besteet also e frappante Paradox tëschent den islamesche Gesetzer déi d’Regierung imposéiert an de Virstellunge vun de jonke Generatiounen, déi guer keng Perspektive méi hunn… an dat an engem Land mat enger héijer Inflatioun an Aarbechtslosegkeet. Dat ass erstaunlech… well den Iran zu deenen 10 Länner mat de meeschten natierleche Ressourcë gehéiert.

All dëst féiert zu enger genereller Onzefriddenheet, an déi rezent Evenementer hunn d’Faass elo zum Iwwerlafe bruecht. De Slogan „Women – Life – Freedom” huet e groussen Deel vun der iranescher Populatioun mobiliséiert a kritt och weltwäit ëmmer méi Opmierksamkeet. Dëse Slogan seet virun allem datt et ELO DUERGEET mat der Ënnerdréckung!

Am Iran goufen et scho vill Protester, mee dës Kéier si se awer aneschters…et geet net méi drëm fir ee Walresultat ze kontestéieren, mee et handelt sech ëm d’Verlaangen no Fräiheet an Demokratie! Dës Kéier sinn et net just d’Leit aus der Haaptstad, déi protestéieren oder déi aus der Mëttelschicht, déi op d’Strooss ginn… NEE… et si virun allem d’Fraen an déi Jonk, déi un der éischter Front stinn!

D’Europäesch Unioun muss lo kloer Wieder fannen a seng zeréckhalend Astellung vis-à-vis vum Iran iwwerdenken. Grad well den iranesche Regime kee vertrauenswierdege Partner ass a scho guer net eis demokratesch Valeuren deelt, déi mer eis grouss op de Fändel schreiwen.

Déi lescht Wochen hu bewisen, dass d’Approche vun der EU géigeniwwer dem Iran net méi ze droen ass a sech souguer als geféierlech erausstellt, wëll et ëmmer méi kloer gëtt, dass de Mullah-Regime net zéckt un engem Krich op dem europäesche Kontinent deelzehuelen, andeems se d’russesch Arméi an der Ukrain ënnerstëtzt.

Elo mussen eis politesch Acteure konkret Initiativen ergräifen, an den Drock op den Iran erhéijen. E wichtege Schrëtt wier d’iranesch Ënnerdrécker, virun allem d’Revolutiounsgarden a hier Ënner-Organisatiounen an Holdingen, op d’Sanktiounslëschten ze setzen. Ausserdeem misst den Iran direkt aus der Kommissioun vun de Fraerechter vun der UNO ausgeschloss ginn.

En demokrateschen iranesche Staat, deen de Rechtssystem an d’Mënscherechter respektéiert, wär net nëmme fir d’iranesch Bevëlkerung eng Beräicherung, mee och e Seegen fir Europa a seng Ziler de Mëttleren Osten ze stabiliséieren, d’Energiekris ofzefiederen a mat engem bedeitende Partner de Kampf géint de Klimawandel unzegoen.

Facebook
Twitter