#ZESUMMEN

D'PARTEI - DAT ASS DENG LSAP!

D’LSAP ass DÉI Memberpartei.

Bei eis kann a soll jidderee matdiskutéieren a matbestëmmen.

#Zesummen setze mir eis fir eng méi sozial gerecht Gesellschaft an.

Sief et um lokale Plang an eise Sektiounen a Bezierker, an eisen Ënnerorganisatioune wéi de Jonksozialisten oder de Femmes socialistes, souwéi an eisen themateschen Aarbechtsgruppen.

Bei eis gëtt Participatioun grouss geschriwwen, an dat an direktem Kontakt mat eise Mandatairen. 

Gëff elo Member an dro Däin Deel zu enger staarker sozialer Demokratie bäi! 

PERSOUNEN – MIR SETZEN EIS FIR DECH AN!

Eis Vertrieder iwwerhuelen op lokalem, nationalen an europäeschem Niveau Verantwortung.

Eng staark Ekipp, déi en oppent Ouer fir déi aktuell Problemer a Suergen huet. 

POLITIK – DOFIR STI MIR!

Eisen Usproch ass et fir Gerechtegkeet an eiser Gesellschaft ze suergen, well nëmmen zesumme léise mir déi momentan Problemer.

  • Solidaritéit
  • Gerechtegkeet
  • Sécherheet
  • Nohaltegkeet
  • Fortschrëtt

 

Mat dëse Wäerter gi mir Mënschen de néidegen Halt an halen d’Gesellschaft zesummen. Eng staark sozial Demokratie gëtt et nëmme mat eis!

Mir wëllen eng gerecht Gesellschaft, haut a muer!