-
10|02|2012 [LSAP News]
Ons Kanner haut: wie si se, wat sinn hir Problemer, wat ass hir Zukunft?
D'Fondation Robert Krieps organiséiert en ëffentlechen Debat zum Thema:
Ons Kanner haut: wie si se, wat sinn hir Problemer, wat ass hir Zukunft?
D'Diversitéit vun onsen iwwer 80 000 Kanner zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi grouss, um sproochlechen, sozialen, kulturellen an och reliéisen Plang. Kanner wuessen an neien Familjestrukturen op, sinn mat neie Medien- an Informatiounstechnologien confrontéiert, liewen an enger oft hektescher Ëmwelt a gesinn sech ëmmer méi, neien Erausfuerderungen ausgesat.
D'Idi vum Débat ass ët, z'ënnersichen, wéi een de Kanner haut hëllefen kann, dat alles ze meeschteren. D'Schoul spillt selbstverständlech eng grouss Roll dobei.
Dofir huelen um Debat Leit deel, déi op dem Plang schaffen a fuerschen, an zwar d'Léierinnen Fabienne Baldassi an Diane Marini, d'Fuerscher Prof.Dr. Romain Martin an Dr. Pascale Engel de Abreu, de Professer Henri Trauffler, Direkter vum Kolléisch vun Iechternach.
D'Moderatioun huet de Student Sammy Wagner.
Den Debat ass op Lëtzebuergesch a fënnt Donneschdes, de 16.Februar 2012 um 18.00 Auer an der Abtei Neimünster (CCRN) (Espace Klecker 2e étage) am Grond statt.
D'Entrée ass frai.













