• 11|05|2012

    Schoulverweis fir schwaach Schüler?

    Schwaach Lycée-Schüler, déi wéineg Chancen hunn d'Schouljoer ze packen, kennen vum Conseil de classe gerode kréien, am Laf vum Joer d'Klasse ze wiesselen an en anere Bildungswee anzeschloen. D'LSAP-Deputéierten Claudia Dall'Agnol wëllt vun der Educatiounsministesch wëssen, ob Schüler iwwert esou en Avis d'orientation och kennen recommandéiert kréien, Stagen ze maachen oder schaffen ze goen. D'LSAP-Deputéierten freet, ob de Schüler trotz esou engem Avis nach kann an der Schoul bleiwen, wann hien dat wëllt? Am anere Fall kéim jo sou eng "Orientéierung" engem Schoulverweis gläich, obwuel et sech just ëm schwaach Leeschtungen an net ëm eng Fro vun Disziplin dréit.
  • MORE
  • 02|05|2012

    Informatiounen iwwert Webcams

    Et gëtt ëmmer méi selbstverständlech, dass een iwwert den Internet zu all Moment an ouni Zäitverzögerung Informatiounen kritt. Webcams sinn dofir ganz beléift an och de Staat an d'Gemengen notzen sou Kameraen. Den LSAP-Deputéierten Claude Haagen wëllt an enger parlamentarescher Fro wëssen, wéi vill sou Webcams et zu Lëtzebuerg am ëffentleche Raum gëtt a wéi vill Gemengen dovu Gebrauch maachen. Hien wëllt sech och iwwert rechtlech Froen an deem Kontext informéieren.
  • MORE
  • 02|05|2012

    Elektrizitéit: bëlleg a gut?

    An engem liberaliséierten Stroummaart huet net nëmmen de Bierger, mä och de Staat d'Méiglechkeet, Stroum do ze kafen, wou en am bëllegsten ass. D'Verwaltung fir ëffentlech Bauten wëllt en zentraliséierten appel d'offres erausginn fir Stroum fir ëffentlech Gebaier ze liwweren. Den LSAP-Deputéierten Claude Haagen stellt dem zoustännege Minister eng Rei Froen dozou. Hien interesséiert sech net nëmme fir de Präis vum Stroum, mä virun allem fir d'Konditiounen an d'Critèren, déi bei der Offer gëllen. Hien wëllt wëssen, wat d'Risiken vun sou enger Ausschreiwung sin an op en negativen Impakt op lëtzebuerger Entreprisen an op eis Economie ze erwaarden ass.
  • MORE
  • 27|04|2012

    Arbeitsbedingungen der Justizbehörden in Diekirch

    In zwei parlamentarischen Anfragen beschäftigt sich der LSAP-Abgeordnete und Diekircher Bürgermeister Claude Haagen mit den Arbeitsbedingungen der Justizbehörden in Diekirch. An den Justizminister gerichtet, möchte Claude Haagen wissen, ob es angesichts des steigenden Arbeitsvolumens des Beziksgerichts nicht angebracht wäre, die Zahl der Magistraten zu erhöhen. Vom Infrastrukturminister möchte Claude Haagen wissen, ob die zusätzlichen Räumlichkeiten, die die Diekircher Justiz seit nunmehr fast drei Jahren in Aussicht gestellt bekommt, inzwischen zur Verfügung stehen oder nicht.
  • MORE
  • 29|03|2012

    Kee Vëlo um Trottoir

    D'Campagnen, déi d'Leit sollen encouragéieren, méi oft mam Vëlo ze fueren a fir kuerz Strecken den Auto stoen ze loossen, hu vill Succès. Leider gesäit een awer och ëmmer méi oft Vëlofuerer, déi net op der Strooss, mä um Trottoir fueren. Den LSAP-Deputéierten Ben Fayot mécht dorop opmierksam, dass dat net nëmmen verbueden, mä och geféierlech fir d'Foussgänger ass. Hien freet den zoustännege Minister, op een d'Vëlofuerer net sollt verstäerkt op d'Verkéiersregelen an op Secherheetsrisiken opmierksam maachen.
  • MORE