/// HOME / DOCUMENTS

LU | FR

  • 22|02|2012 [LSAP News - Propositions de loi]

    Virstellung vun der Proposition de loi Bodry iwwer d’Publikatioun vun Ëmfroen

    An enger Pressekonferenz huet den Deputéierten a President vun der LSAP, den Alex Bodry, seng Proposition de loi iwwer d'Publikatioun vun Ëmfroe virgestallt.

     

    Gesetzlech behandelt gi 'Sondagen am Ament just nëmmen am Wahlgesetz. Am zweeten Alinéa vum Artikel 97 ass festgehalen, dass d'Publikatioun, d'Diffusioun an de Commentaire vun all Sondage, deen am direkten oder indirekten Zesummenhang mat europäeschen, nationalen oder kommunale Wahle steet, ee Mount virun dëse Wahle verbueden ass. An aneren europäesche Länner gëtt et guer keng Limitatioun an deem Sënn, respektiv den Zäitraum, an deem d'Publikatioun vu Sondage verbueden ass, ass vill méi geréng.

     

    Zu Lëtzebuerg gëtt et en plus keng Regelungen iwwer Qualitéitscritèrë vun Ëmfroen oder iwwert d'Aart a Weis, wéi Resultater vu Sondage verbreet solle ginn.
    D'Proposition de loi vum Alex Bodry huet zwee Ziler:

     

    1) Transparenz schafen, andeems dass bei der Publikatioun vun de Resultater och iwwer aner wichteg Elementer vum Sondage informéiert muss ginn, zum Beispill iwwert den Zäitraum, wéini d'Daten erhuewe goufen, d'Methode déi benotzt gouf fir d'Daten ze erhiewen, de geneeën Text vun de Froen a vun den Äntwertméiglechkeeten, d'Methode wéi d'Stéchprouf zustan komm ass, d'statistesch Fiabilitéit vun de Resultater asw.

     

    Déi Informatiounen, déi bei der Publikatioun vun dëse Sondagen derbäi solle sinn, sollen dozou féieren, dass de Bierger déi néideg Hannergrondinformatioune kritt, fir sech selwer e bessert Bild iwwert déi publizéiert Chiffere maachen ze kënnen. Et soll fir de Lieser, Nolauschterer an Televisiounsspectateur méi novollzéibar ginn, wéi Resultater vun Ëmfroen entstan sinn, a wéi se anzeschätze sinn.

     

    2) De Prinzip vun der Meenungsfräiheet stäerken, andeems dass d'Zäitspan fir de Verbuet vun der Publikatioun vu Sondage vun engem Mount op 48 Stonne virun de Wahlen erofgesat gëtt. Domadder wier déi al Regelung, déi ouni Zweiwel der Europäescher Mënscherechtskonventioun widdersprécht, vum Dësch.

  • MORE
  • 16|02|2012 [LSAP News]

    Die Scharfmacher der Eurogruppe

    In einer Pressemitteilung kritisiert Robert Goebbels die Forderung der EU-Troika, den Mindestlohn in Griechenland um 22 Prozent auf 586 Euro monatlich zu kürzen.


  • MORE
  • 16|02|2012 [Famille et Intégration - Questions parlementaires]

    Je peux voter

    Virun de leschte Gemengewahlen gouf ënnert dem Motto « Je peux voter » eng grouss Campagne lancéiert, fir auslännesch Matbierger ze encouragéieren, sech fir d'Wahlen anzeschreiwen. Den LSAP-Deputéierten Marc Angel huet eng ganz Rei vu Froen, déi d'Organisatioun, den Oflaf an d'Finanzéierung vun dëser Campagne betreffen, un déi zoustänneg Ministesch gestalt.
  • MORE
  • 16|02|2012 [Entrevue]

    Groupe parlementaire LSAP / Femmes en détresse

    Violence domestique: éviter le rétropédalage

     

    Les amendements gouvernementaux au projet de loi 6181 réformant la loi sur la violence domestique ont fait l'objet d'une entrevue récente entre le groupe parlementaire LSAP et l'asbl Femmes en détresse (FED).

     

    Les représentantes de Femmes en détresse ont critiqué la nouvelle orientation du projet amendé qui, au lieu de renforcer les droits et la protection des victimes, fait preuve d'un parti pris pour les auteurs de violence. Le projet amendé va à l'encontre du projet de loi initial qui fut élaboré par un comité de pilotage mis en place par la Ministre de l'Egalité des Chances pour combler les lacunes de la loi en vigueur et constitué de représentants des ministères concernés ainsi que d'experts impliqués dans le domaine de la violence domestique. A part la prolongation de la mesure d'expulsion de 10 à 14 jours, l'asbl Femmes en détresse considère que les amendements constituent même une régression par rapport à la loi en vigueur.


  • MORE
  • 13|02|2012 [Congrès - LSAP News]

    LSAP-Südbezirk fordert nationalen Beschäftigungsgipfel

    Am Samstag, den 11. Februar fand in Düdlingen der ordentliche Südbezirkskongress statt.


  • MORE
  • 11|02|2012 [Congrès]

    Sozialdialog muss erhalten bleiben

    LSAP-Kongress des Nordbezirks in Eschdorf: LSAP-Präsident Alex Bodry lobte hervorragende Arbeit der Sozialisten im Norden


  • MORE
  • 10|02|2012 [LSAP News]

    Ons Kanner haut: wie si se, wat sinn hir Problemer, wat ass hir Zukunft?

    D'Fondation Robert Krieps organiséiert en ëffentlechen Debat zum Thema:

     

    Ons Kanner haut: wie si se, wat sinn hir Problemer, wat ass hir Zukunft?

  • MORE
  • 10|02|2012 [Développement durable et des Infrastructures - Questions parlementaires]

    CFL: Automaten ersetzen net de perséinlechen Accueil

    Virun engem Joër gouf d'Decisioun, eng Rei vun CFL-Guichets zou ze man, no Kritik enner anerem och vun der LSAP, verréckelt. De Roger Negri erënnert dorun, dass den zoustännege Minister deemols versprach hat, dës Decisioun am Kader vun engem Gesamtkonzept ze iwwerdenken, deen den Accueil an den Service um Client sollt verbesseren. Den LSAP-Deputéierten stellt dem Minister eng Rei Froen zu dësem Konzept.
  • MORE
  • 10|02|2012 [LSAP News]

    Parlament soll Trambahn bekräftigen

    Es bleibt dabei: 2014 werden die Bauarbeiten für eine Tram durch die Stadt Luxemburg beginnen, 2017 soll der erste Streckenabschnitt vom Bahnhof auf den Kirchberg fertiggestellt sein. Die LSAP-Fraktion begrüβt, dass sowohl die Regierung als auch der Schöffenrat der Stadt Luxemburg sich klar zu dem Projekt und zum Konzept „Mobil 2020" von 2007 bekannt haben. Die LSAP bedauert, dass eine ganze Legislaturperiode verstreicht, ehe mit dem Bau der Trambahn begonnen werden kann, obwohl dieses Projekt für die Regierung unangefochten auf der Prioritätenliste steht. Völlig überflüssig erscheinen der LSAP in diesem Kontext rezente Einwürfe des Budgetministers Luc Frieden, der den Eindruck erweckte, die Regierung habe eine zögerliche Haltung zur Tram. Solche missverständlichen Aussagen sind der Sache kaum dienlich.
  • MORE
  • 07|02|2012 [Enseignement Supérieur et Recherche - Questions parlementaires]

    Reorganisatioun am Secteur vun der Recherche

    Déi ëffentlech Recherche ass am Moment zu Lëtzebuerg op verschidden Institutiounen opgedeelt. Eng Reorganisatioun vun deem Secteur ass geplangt. Den LSAP-Deputéierten Ben Fayot huet eng Rei vu Froen zur interner Organisatioun, zum Personal an zu de finanzielle Moyensen vun deenen Institutiounen un den zoustännege Minister gestalt, fir déi bestehend Strukturen besser kenne mateneen ze vergläichen.
  • MORE