|
Hei e puer Sachen, déi engem allt sou opfalen
-
Allez, macht nach en Effort nach Stroossen ze reprofiléiren, well et sinn nach vill an engem schlechten Zoustand .
-
Am Zentrum vun Péiteng an op der Rodanger Gare geet an den Spëtzestonnen guer néischt méi am Verkéier. Mee dat as eeben esou, mer mussen domadder Liewen .
-
Dialog mam Bierger léist ze wënschen iwerreg, Birger ginn ni am Virfeld vun engem Projet gefrot .
-
Weou bleiwt den Citybus mat Stonnentakt, an wann de Besoin ass, och méi offt, deen och an Quartieen fiirt?

-
Wéini bauen mer nei Gemengenatelieren........... Dat as anscheinden net wichteg genuch. Déi momentan Atelieen sinn leider keen Aushängescheld vun der Gemeng Péiteng. Och eis Produktivitéit vun de Betrieber wär bestëmmt besser, wann all Servicer op enger Plaz wieren, oder virwat machen déi aner Gemengen dat?
- Millen zu Péiteng...........Virwat kafen mer net dat Haus um Eck an bannen et mat an de Projet an?

-
Wéini kréien Péitenger Veräiner en Veräinshaus, wat allen Péitenger Veräiner en Ennderdag géif bidden?
-
Ganz Frou sinn mer dat de Scheffenrot festgestallt huet, dat Spillplazen an der Gemeng missten an Stand gesaat ginn, tjo an virwaat sinn se net all déi Joren virdrunn a Stand gehall ginn?
-
Flott wir et, wann Péitenger Jugendhaus kinnt vergréissert ginn, hei as et mat den Joren ze kleng ginn. Renovatioun begréissen mer natirlech.
-
En ugepassten Terrain fir eis Lichtathleten mat Laafpist wär net zevill verlangt. Hoffentlech as deen regionalen Projet ze réaliséieren.
-
Wéi steet et mat der Gewerbezone "Grand Bis" zu Rodange, hei geschitt séit Joren néischt.
-
Sozialen Wounengsbau vun der Gemeng, séit Joren veloossen mer eis hei op de Fonds de Logements, geet dat duer?
-
Wivill Awunner wellen mer an der Gemeng. Hei missten Bierger emol gefrot gin.
A.S.W.
|