LSAP Wahlen 2009
JO ZU DE SOZIALISTEN
fir dat nationaalt an dat europäescht
Parlament. Et ass e besonnesch wichtege
Moment fir eist Land a seng Leit.
Dat gëllt ëmsou méi, wéi d'Zäiten och zu
Lëtzebuerg um wirtschaftleche Plang net
einfach sinn.
Mir wëllen de Bierger dofir e kloere Message
mat op de Wee ginn, e Message, deen hoffe
léisst, well mer d'Land als Sozialiste gutt
duerch d'Kris féieren an och d'Zäit duerno
optimal virbereden. De Message ass och
dofir kloer, well mir däitlech soen, op wat
et haut a muer ukënnt: sozial Sécherheet,
wirtschaftlech Kompetenz an eng besser
Qualifikatioun fir eis Leit. Nëmmen esou
kënne mir laangfristeg sécherstellen, datt
nei Aarbechtsplaze zu Lëtzebuerg geschafe
ginn, déi eis et erlaben, e performanten a
gerechte Sozialsystem ze erhalen. Nëmmen
esou kënne mer sécherstellen, datt de
sozialen Zesummenhalt hei am Land
garantéiert bleift.
Solidaritéit, Bildung, Verantwortung a
Kohesioun si fir eis d'Viraussetzunge
fir eng dynamesch, sozial an nohalteg
Entwécklung, déi eis och muer eng
gutt Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg an
an Europa erméiglecht.
Fir dëst Ziel ze erreechen, brauche mir
staark Sozialisten.
D'LSAP wielen
heescht nëtzlech wielen,
nëtzlech fir Lëtzebuerg a
nëtzlech fir Europa.
Lëtzebuerg brauch e Sozialstat
Lëtzebuerg brauch e Sozialstat, den aktiv, gerecht, verantwortlech, tolerant an oppen ass
en aktive Stat: Aktiv sinn 	heescht, der Wirtschaft eng nei Dynamik ginn an nei Aarbechtsplaze 	schafen. Aktiv sinn heescht awer och, fir Chancegläichheet suergen. 	Dofir wäerte mir jiddereen individuell förderen a senge 	spezifesche Kompetenze Rechnung droen. Bildung a Beschäftegung 	bleiwe fir d‘Sozialisten absolut Prioritéiten.
e gerechte Stat: Gerecht 	sinn heescht, um Lëtzebuerger Modell festhalen, solidaresch sinn, 	zesumme Verantwortung iwwerhuelen an am Dialog mat de Sozialpartner 	no Léisunge sichen, déi fir e sozialen Ausgläich suergen. Gerecht 	sinn heescht awer och, sozial Fairness op engem héijen Niveau 	weiderentwéckelen. D’Aarmut däerf zu Lëtzebuerg keng Fatalitéit 	sinn.
e verantwortleche Stat: Verantwortlech sinn heescht, déi künfteg Generatiounen am 	Bléck hunn an op eng konsequent Klimaschutzpolitik setzen. 	Verantwortung iwwerhuele bedeit awer och, fir en Equiliber tëschend 	de Statsrecetten an Depensën ze suergen an d’Statsverscholdung 	kontrolléieren, fir och an Zukunft genuch politeschen 	Handlungsspillraum ze behalen.
en tolerante Stat: Tolerant 	si baséiert op der Erkenntnis, datt d‘Lëtzebuerger Identitéit 	op Komplexitéit a Villfalt berout a keen ausgrenzende Charakter 	däerf hunn. Dat wäer fir eist Land an d’sozial Kohesioun fatal. 	Tolerant si bedeit, géigesäitege Respekt hunn an Diskriminatioun 	an all hire Forme konsequent bekämpfen. Tolerant ass e Stat nëmmen 	dann, wa jidder Eenzelnen dora seng Plaz fënnt.
en oppene Stat: Oppe sinn 	heescht, keng Barrieren opbauen. Lëtzebuerg wier ouni Europa an 	ouni déi vill Mënschen, déi aus dem Ausland bei eis kommen an zum 	Wuelstand bäidroen, wirtschaftlech gesinn net iwwerliewensfäheg. 	Eis Zukunft ass mat der Entwécklung an der EU enk verknäppt. Oppe 	sinn heescht dofir, op d‘Gemeinschaft setzen a solidaresch sinn.
Lëtzebuerg brauch d’Sozialisten als Garant fir sozial Gerechtegkeet!Wen d’Sozialisten an d’Regierung wëll, muss d’Sozialiste wielen a stärken!
Jo zum SozialstatJo zu de SozialistenMir paken et un
Nëmmen zesumme si mer staark
D´Gewerkschaften hunn e Samsdeg mat hirer staarker Mobiliséierung Geschlossenheet demonstréiert an e kloert Zeechen géint de Sozialofbau zu Lëtzebuerg gesat.
Geschlossenheet gewisen huet och d’Regierung mat hirer konsequenter Reaktion op den Ausbroch vun der Weltwirtschaftskris, déi och Lëtzebuerg schwéier getraff huet.
Geschlossen huet dës Regierung ugeschloe Banke gerett an domat de betraffene Salarieeën a Spuerer kloer de Réck gestäipt. Geschlossen huet si mat hire Moossnahme géint den Aarbechtsplazofbau reagéiert an d’Bedingunge fir Kuerzaarbecht hei zu Lëtzebuerg wesentlech verbessert. Si huet de Betriber mat staatlechen Hëllefen a Garantieleeschtungen ënnert d’Äerm gegraff ; si huet d’Kafkraaft vun de Leit erhalen a verbessert. Geschlossen  hu mer eis an der Regierung dorëms beméit, d’Economie duerch virgezunne staatlech Investitiounen an den Opbau vun neie Kompetenznischen ze relancéieren.
Geschlossenheet a Solidaritéit mat de Gewerkschafte weise mer och als Partei, well déi prinzipiell Fuerderungen vun de Gewerkschaften deckungsgläich mam Wahlprogramm vun de Sozialiste sinn. An eisem roude Fuedem, dee ganz kloer op d’gesellschaftlech Solidaritéit an d’sozial Kohäsioun setzt, maache mir eis géint de Sozialofbau staark. Aschnëtter bei den Ufanksgehälter vum Stat, wéi d’CSV se an hirem Wahlprogramm fuerdert, loosse sech nët vun uewen erof dekretéieren. An dësen Zäiten ass dat sécherlech e falscht Signal. Mir brauchen de Sozialdialog, fir sou schwiereg Froen ze diskutéieren. De Lëtzebuerger Modell huet sech an der Vergaangenheet ëmmer rëm bewäehrt an eis soziale Fridden zu Lëtzebuerg bruecht.
An eisem Wahlprogramm triede mäer kloer fir gerecht Léin, d’Erhale vun der Kafkraaft duerch Sozialtransferën an de Retablissement vum Index an. Mäer wäerten eise Sozialstat erhalen an ofsécheren, well de Sozialstat besonnesch a Krisenzäite e Garant vu sozialer Sécherheet a Kohäsioun ass. Mäer wäerten eis och weider dofir asetzen, datt d’Aarbechtsplazen erhale bleiwen an neier zu Lëtzebuerg geschafe ginn. D’LSAP steet fir e staarke Sozialstat, dee seng schützend Funktioun erfëlle kënne muss. E bankrotte Stat ass e schwaache Stat, dofir musse mer eis drëms beméien, verantwortungsvoll mat eise Ressourcen ëmzegoen an se geziilt do anzesetzen, wou se néideg sinn, fir aus dëser Kris rassuréiert ervir kënnen ze goen.
Lëtzebuerg brauch d’Sozialisten an der Kris an och no der Kris, well mäer d’Land an och d’Leit konsequent op d’Zukunft wëlle virbereeden.
Nëmmen zesumme si mer staark. Zesumme packe mer et, mat staarke Sozialisten.
Solidaritéit amplaz Provokatioun
De Peer Steinbrück huet de Lastik iwwerspaant, andeems e Lëtzebuerg, Eisträich an d’Schwäiz am Zesummenhang mat hirer Steierpolitik mam westafrikanesche Land Burkina Faso verglach huet. Sou Aussoe vun eisen däitsche Kollege fannen zu Lëtzebuerg kee Verständnis. Si si vun enger grousser Arroganz a loossen hei am Land däischter Erënnerungen opkommen.
Et huet hei zu Lëtzebuerg ganz laang Zäit gebraucht, fir no deem grousse Misère, deen d‘Naziregime an Europa an an der Welt ugeriicht huet, rëm Vertrauen zu eisem groussen Noper ze faassen. Sou eng onwierdeg Haltung vun däitsche Spëtzepolitiker ass a bleift fir eis inakzeptabel. Déi repetéiert verbal Ausrutscher vum Peer Steinbrück, dee virun enger Zäit d’Bekämpfung vu Steieroasen an Europa scho mat der Lutte vun der US-Kavallerie géint d’Indianer verglach hat, sinn erniddregend.
D’Europäesch Unioun brauch haut an dëser schwéierer Zäit méi wéi jee Solidaritéit an e respektvollen Ëmgang tëschent den EU-Memberstaten. De Peer Steinbrück weist eis hei ganz kloer de falsche Wee. Et muss een an deem Zesummenhang sécherlech och drun erënneren, datt d’partnerschaftlech Bezéiung zu eisem däitschen Noper an de vergaangene Joren exzellent war a sech duerch eng enk Kooperatioun tëschent den zwee Länner auszeechne konnt. Dovunner hu souwuel Lëtzebuerg wéi och Däitschland enorm profitéiert. Et däerf een an deem Kontext bei aller Steieroasen-Rhetorik sécherlech net déi vill däitsch Pendler vergiessen, déi alleguer hiert Brout hei am Land verdéngen, well se dat am Moment an hirem eegene Land net maache kënnen. Mäer si mat hinne solidaresch a si mat eis.
Europa huet eis an de vergaangene Jorzéngte gewisen, datt mer nëmmen zesumme weiderkommen. Datt mer nëmmen zesummen de Fridden an d’Stabilitéit um Kontinent kënnen erhalen a sou zum Wuelstand vun eis alleguer bäidroen. Mat provokativer Rhetorik an onhaltbare Vergläicher riskéiert e just dat futti ze maachen, wat wäitsiichteg Politiker a Leit hei an Europa virun eis opgebaut hunn.
Europäesch denken
De Besuch vum Frank-Walter Steinmeier zu Stengefort de 27. Abrëll fir den Optakt vun der LSAP-Wahlcampagne wor ee ganz besonnesche Moment, net nëmme fir mech perséinlech, mä fir d’Lëtzebuerger Sozialisten am Allgemengen.
Wéineg europäesch Politiker hunn esou eng kloer Virstellung vun der EU wéi de Steinmeier, wéineg Politiker sinn haut esou opriichteg europäesch wéi de Steinmeier. Aus sengem Discours wéilt ech just e puer Elementer ervirhiewen. Virun de Leit am Centre Roudemer sot de Frank-Walter, datt mer an der Sich no Äntwerten op d’Kris missten europäesch denken. Wat heescht dat? Dat heescht, datt d’Länner mussen agesinn, datt se ee gemeinsamt Schicksal deelen an datt eng Léisung nëmmen dann ze fannen ass, wa mir zesummen un engem Strang zéien. Mä europäesch denken, dat heescht och eis europäesch Wäerter an dëser Kris verteidegen. Dës Wäerter sinn ebe mol net déi, déi vun der anerer Säit vum Atlantik importéiert gi sinn an deene sech verschidde Parteien och hei bei eis verschriwwen hunn. Eis europäesch Wäerter sinn déi vun enger sozialer Maartwirtschaft, vu Solidaritéit, vun Nohaltegkeet. Keng aner Partei an Europa verteidegt déi Wäerter esou gutt wéi d’Sozialisten!
Europäesch denken, dat heescht awer och e gewëssenen Ëmgang matenee fleegen. Europäesch handelen, dat heescht kollegial sinn. Ech sinn dofir och frou, datt de Frank-Walter a senger Ried zu Stengefort d’Aussoe vu verschiddene vu senge Parteikollegen an dat d’richtegt Liicht gesat huet. Kollegialitéit schléisst Meenungsverschiddenheeten net aus! Mä d’Kollegialitéit verlaangt, datt mer Respekt ee fir deen aneren hunn an datt mer et vermeide mat populistesche Schlagwierder openee lasszegoen. De Steinmeier sot kloer, datt hie géif dofir suergen, datt an Zukunft op dësem sensibele Punkt vum Bankgeheimnis Rou an d’Spill géing kommen.
Hien huet an dësem Kontext drun erënnert, datt d’Lëtzebuerger Regierung am Mäerz déi richteg Entscheedung getraff huet, andeems se d’Bankgeheimnis nei definéiert huet. Als Sozialiste leeë mir vill Wäert drop, datt eng nei Hygiène an de Bankesecteur kënnt. Och dat ass Deel vun där moralescher Komponent, déi d’Politik haut sou dréngend brauch, an déi mir Sozialiste verkierperen.
Directoire vun deenen Groussen
An dach ginn ech dem Androck net lass, datt zanter hier d'Bezéiungen tëschent den europäesche Länner anescht gi sinn. Déi global Solidaritéit ass verschwonnen!
Besonnesch an de Relatioune mat den internationale Gremien ass dëst Phänomen offesichtlech ginn. Wann déi grouss europäesch Länner et zouloossen, datt um G-20-Sommet dräi vun hire Partner op d'gro Lëscht vun den net kooperative Finanzzentre gesat ginn, a Länner wéi China, mat Hong Kong, Brasilien, Indien oder verschidden US-Bundesstaten wéi den Delaware, net dropkommen, da muss ee sech scho Froe stellen.
A besonnesch kleng Länner stelle sech déi Froen ëmmer méi haart. Datt grouss Memberstaten an der Vergaangenheet d'Roll vun der Lokomotiv gespillt hunn, ass gewosst. Et wor dëst zum Wuel vum europäeschen Zuch. De Wee an d'Destinatioun hu gestëmmt. Mä dacks woren et déi mëttel a kleng Länner, déi de Wee fräigemeet hunn. Haut vermëttelen déi grouss Länner heiansdo den Androck, datt hinnen den europäeschen Zuch egal ass, an datt se déi aaner nëmme wëllen dohinner féieren, wou hier spezifesch Interessie sinn.
Et ass dëst eng Entwécklung, déi geféierlech ass, well doduerch "d'méthode intergouvernementale" zulaschte vun der "méthode communautaire" gefördert gëtt. D'Roll vun der Kommissioun an der Verdeedegung vu gemeinschaftlechen Interessien ass am héchste Mooss kritikabel. Si mécht just d'Spill vun all deenen, déi wëllen, dat d'EU näischt Aneres wéi ee grousse Marché gëtt!
Als Laboratoire vun der europäescher Iddi kënnen a musse sech z.B. d'Benelux-Staten iwwerleeën, wéi een erëm zu enger méi solidarescher Zesummenaarbecht kënnt. Besonnesch dëse Sonndeg, wou d'Benelux-Staten zu Veinen mat de baltesche Länner zesummekommen, gëtt dës Fro vun eiser Säit opgeworf.
De 7. Juni ass et sou wäit!
Léif Matbierger,
De 7. Juni ass et sou wäit! Dee Sonnde wielen d’Lëtzebuerger net nëmmen déi 60 Deputéiert, déi si an den nächste fënnef Joer an der Chamber wäerte representéieren, mä och sechs Europadeputéiert, déi eist Land am Parlament zu Stroossbuerg vertriede wäerten. Et ass an dësem ekonomesch schwierege Kontext eng Wahl, déi besonnesch wichteg gëtt. A mengen Aen handelt et sech souguer ëm déi wichtegst Wahl vun deene leschten 30 Joer, well et drëms geet, an enger komplizéierter Situatioun d’Weiche fir d’Zukunft ze stellen.
Déi Regierung, déi opgrond vun de Resultater vum 7. Juni ervirkomme wäert, kritt de schwieregen Optrag, eist Land duerch eng wirtschaftlech Kris ze manövréieren, wéi mir si nach net kannt hunn. D’Qualitéiten, déi dofir gefrot sinn, si Seriositéit, Fangerspëtzegefill a Kompetenz. Et ass dëst sécherlech keng Zäit fir gewoten Experimenter anzegoen oder mat populisteschen an onrealistesche Verspriechen d’Leit iirzeféieren. „La politique, c’est l’art du possible“ sot de Léon Gambetta. Wéi mir Sozialiste fir deen Challenge opgestallt sinn, kënnt Dir an eisem Wahlprogramm, deen elo a senger definitiver Versioun online ass, noliesen. Déi lescht Legislaturperiod huet iwwerdeems bewisen, datt eis Equipe – an der Chamber sou wéi an der Regierung – eng ganz gutt Aarbecht gemeet huet an datt si äert Vertraue verdéngt, fir d’Land aus der Kris erauszeféieren.
D’Wahlkampfperiod, déi elo ufänkt, ass ëmmer eng Zäit, an där d’Ëffentlechkeet besonnesch opmierksam ass op dat, wat Politiker soen a maachen. An dat ass och richteg esou. Déi rasant Entwécklung vun de sougenannten neien Technologien – iwwer 70% vun de Lëtzebuerger Stéit hunn haut Zougang zum Internet – erlaabt et haut dem Politiker seng Aktioun nach besser an nach méi séier un d’Leit ze bréngen. Dovunner soll ee profitéieren: an dëser Rubrik wäert ech mer an den nächste Wochen d’Zäit huelen, regelméisseg dat eent oder anert Thema aus der Aktualitéit ze kommentéieren.
Jang Asselborn