LU - FR - DE

Jean Asselborn

Curriculum vitae vum Jean Asselborn

27 Abrëll 1949

Gebuer zu Stengefort.

1967

Verléisst d’Schoul a fänkt säi Beruffsliewen als Schmelzaarbechter un, an engem Laboratoire vun Uniroyal zu Sténgefort.
Ass am Gewerkschaftsliewen aktiv a gëtt als Vertrieder vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband, dem Viirgänger vum heitegen OGBL, gewielt.

1968

Gemengenbeamten vun der Stad Lëtzebuerg

1969

Kënnt zréck op Stengefort, fir och do e Posten als Gemengebeamten (expéditionnaire) an der Administratioun z’iwwerhuelen.

1976

Mécht Owescouren a kritt säi Première’s-Diplom am Stater Kolléisch; gëtt Administrateur vum Stengeforter Spidol.

1980

Bestiet d‘Sylvie Huber.
Schreift sech op der Uni zu Nanzeg an.

Oktober 1981

Kritt seng Maîtrise am «Droit judiciaire privé» knapps dräi Deeg ier hien fir d’éischte Kéier op de Buergermeeschter-Poste vun der Gemeng Stengefort gewielt gëtt (1982 bis 2004).

1982

Gebuert vu senger éischter Duechter, dem Anne.

1984

Gëtt fir d’éischte Kéier an d’Chamber gewielt.
Ass zënterhier ëmmer rëm gewielt ginn.

1987

Gebuert vu senger zweeter Duechter, dem Julie.

1989

Gëtt President vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber.

1997

Gëtt Parteipresident vun der LSAP.

1999 bis 2004

Gëtt Vizepresident vun der Chamber; ass Member am «Comité des régions» (EU).

2000 - 2004

Iwwerhëlt d’Funktioun vum Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei (PSE).

31. Juli 2004

Gëtt Regierungsmember an iwwerhëlt de Poste vum Vizepremier, Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun.

2005

Presidéiert den aussepolitesche Conseil während der Lëtzebuerger EU-Presidence

Schwiereg Dossieren woren:

  • déi negativ Referenden iwwert d’EU-Verfassung a Frankräich an an Holland;
  • d’Debatt iwwert de Waffenembargo géigeniwwer China;
  • d’Weiderféiere vum No-Ost-Friddensprozess nom Doud vum Jasser Arafat;
  • den iraneschen Nuklear-Dossier

Positiv fir d’EU-Aussepolitik wor:

  • d’Irak-Konferenz zu Bréissel am Juni 2005, un där 80 Länner a Präsenz vum demolegen UNO-Generalsekretär, Kofi Annan, deelgeholl hunn an déi et erlaabt huet, d’Partenariat zwëschen den USA an der EU nei z’orientéieren;
  • datt een neit Partnerschaftsoofkommen zwësche Russland an der EU am wirtschaftlechen, kulturellen a sécherheetspolitesche Beräich konnt ofgeschloss ginn;
  • datt d’Relatioun mat Zentral- a Südamerika konnt nei ugekuerbelt ginn.

D’Haaptgewicht vum Lëtzebuerger Ausseminister senger Aktioun läit op der multilateraler Kooperatioun zwëschen den USA, der EU a Russland, fir esou déi grouss Froe vun der Aussepolitik unzegoen.

zurück