D’Jeunesses Socialistes Luxembourgeoises (JSL) sin d’Jugendorganisatioun vun der LSAP an déi gréisste lénk Jugendbeweegung zu Letzebuerg.
D’JSL funktionnéiren autonom par rapport zu der LSAP, andeems se hier eegen Iddien a Positiounen ausschaffen an no baußen vertrieden.
D’sozialistesch Jugend setzt sech fir eng fräi, eng gerecht an eng solidaresch Gesellschaft an.
Eng Gesellschaft an der keen wéinst senger Hierkonft, senger Relioun, senger Hautfuarw, sengem Geschlecht oder sengem sozialen Milieu, benodeelegt duerf gin. D’JSL vertrieden d’Opfassung, dass d’Problemer an eiser Gesellschaft nemme geléist kenne gin, wann en zesummen, solidaresch als Gesellschaft, d’Problemer upäckt.
D’Grondwerter vum Sozialismus Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit bilden demno d‘Basis an d‘Ziel vun eisem politeschen Handlen.
Jonk. Rout. Progressiv.
Mat dem Slogan "Jonk. Rout. Progressiv. Mir paken et un !", gin d’Jonksozialisten mat 11 Juso-Kandidaten an d’Rennen fir Législativwahlen.
Mir setzen eis fir e staarken Sozialstaat an, deen d’Armut bekämpft, de Bierger gläich Méiglechkeeten op e selbstbestemmtend Liewen bidd, Partizipatioun am öffentleche Liewen ënnerstetzt a sozial Gerechtegkeet garantéiert.
Mir gleewen un d’Mateneen vun de Kulturen an d’Gläichstellung vu Fra a Mann. Eis Enersetzung huet nach emmer besonneg, awer net exclusiv, deenen Schwaachen aus eiser Gesellschaft gegollen an deenen, déi selwer kee Matsprocherecht hunn.
Mir stin fir eng Gesellschaft wou all Mensch déi nemlecht Chancen kritt!
BUREAU NATIONAL 2009
JSL EXECUTIVE
MEMBRES
Adler Joël |
Antony Max |
Bertoli Loïc |
Burton Tess |
Caudron Steve |
Derkum Laurent |
Distave Denis |
Erpelding Monique |
Frantzen Luc |
Gurschke Laurent |
Hansen Mike |
Kill Sven |
Pizzaferri Joelle |
COMMISSION DE CONTRÔLE DES JSL
Espen Jean-Paul - Hansen Steven - Hoeijmakers Birgit

Zeréck