| Date: 2010-07-30
Auteur: MUTSCH Lydia |
|
D’ LSAP Deputéiert Lydia Mutsch huet an der Chamber den 29. Juni am Numm vun der LSAP-Fraktioun den Accord fir e Gesetz ginn, dat et erlaabt, d’Héichiewen um Site Belval a Stand ze setzen an ze erhalen. De Projet vun engem nationalen Zentrum fir Industriekultur, den ursprénglech an dem Gesetzprojet mat virgesi war, gëtt méi spéit realiséiert. Här President, Ech wéilt als éischt ech dem Rapporteur Merci soen fir säin gudden an ausféierleche Rapport. Doduerch dass heen as am Detail ob den Historique vum Projet vun den Héichiewen a vum Centre national de la culture industrielle agaang as konnte mer eis bewosst gin, wéi lang schon un desem Projet geschafft get, a wéivill geschitt as, nodem 1997 de leschten Héichuewen op Belval ofgeschalt gouf. D'Reconversioun vun enger Friche wéi dem Belval as eng enorm Erausfuederung, zumols wann doraus e Modell-Projet fir d'ganzt Land soll entstoen. Do as et logesch a normal, dass een an Etappe viergoe muss an déi verschidde Projeten net all gläichzäiteg realiséiere kann. Genee su wichteg a normal as et awer, dass een vun Ufank un e Gesamtkonzept huet, un dem ee festhällt. Bei dem Projet, iwert dee mer haut diskutéieren, gët dat besonnesch gut däitlech. Ganz fréih gouf et e Konsens, fir d'Héichiewen ze erhalen, déi zesumme mat engem nationalen Zentrum fir Industriekultur den historesche Charakter vum Site solle prägen. Eis éischt Suerg war a bleiwt, dass d'Héichiewen an engem gudden Zoustand erhale bleiwen an eventuell Secherheetsrisiken écartéiert gin, onofhängeg dovun, wéi wäit mer mam Projet vum nationalen Industriekulturzentrum komm sin. A genau der Logik hu mer am Oktober 2003 en éischt Gesetz gestemmt, an an dem Senn stemme mer haut och iwert di zweet Etappe vum Projet of. An denen leschte 7 Joer as vill driwer diskutéiert, an heiansdo och gestridde gin, a wat fir enger Form d'Héichiewen sollten erhale bleiwen. D'Meenungen dozou sin zum Deel wäit ausernee gangen. Dofir war et emsu méi wichteg fir eng Léisung ze fannen, déi de juste Milieu teschent zwou extreme Positiounen trefft. Den een Extrem, den doranner besteet, fir alles ofzerappen, wier fir eis inacceptablel gewiecht. D'Stolindustrie as an esou engem Mooss mat der Entwecklung vun eisem Land a mat dem Liewen vu ganze Generatiounen verbonnen, dass et ondenkbar gewiecht wier, di wichtegst Zeien aus där Zäit ze zerstéieren an der nächster Generatioun näischt méi dovun ze hannerloossen an ze vermettelen. Den aneren Extrem, den doranner betsteet, fir alles ze erhalen, war genausou wéineg akzeptabel. Schon eleng um technesche Plang as d'Erhale vun engem Héichuewen eng heikel Saach, well sou eng Anlag net fir d'Eiwegkeet gemach as. Héichiewen, déi a Betrieb sin, hun eng begrenzte Liewensdauer, a wa se net méi genotzt gin, verfaale se schnell, wann een se sech selwer iwerléisst. Dat war jo och de Grond, vierwat mer 2003 hu misse schnell e Finanzéierungsgesetz fir d'Stabiliséierungsarbechten stemmen, a vierwat mer och mat dem Projet de loi, den haut vierläit net mi warde kennen. Et war demno weder machbar nach finanzéierbar, fir alles ze erhalen, wat nach 1997 um Site stoung. Wichteg as et och an dem Zesummenhang, ervirzesträichen, dass mär grat NET nom Modell vum « kontrollierter Verfall » zu Lëtzebuerg welle schaffen, wéi dat zum gréiβten Deel an Däitschland de Fall as. Um Enn bedeit dat jo awer, dass d'Héichiewen géife verfaalen a verschwannen, wat net d'Ziel vun der Operatioun as. D'Regierung hat uersprünglech dräi verschidden Szenarien ausgeschafft, wéi d'Héichiewen kéinten erhale bleiwen. Als bescht Léisung gouf zreckbehalen, dass den Héichuewen A integral an den Héichuewe B als Silhuette géif bestoe bleiwen. Dat war e Kompromis, deen eis haut nach emmer ganz raisonabel schengt an den och vum finanzielle Standpunkt aus vertriedbar as. Denkmalschutz hin oder hier : D'Fro vun de Käschten as a bleiwt e wichtege Facteur, a besonnesch an desen Zäiten, wou mer vun alle Leit Efforten verlangen, fir erem aus der Kris erauzekommen. Och fir den Denkmalschutz kann an dierf een d'Suen net mat vollen Hänn ausgin. Emmerhin hu mer schon 2003 ronn 14 Milliounen Euro fir dese Projet gestemmt an ausgin a werten elo fir déi zweet Etappe iwer 38 Milliounen fräistellen. Dat sin ganz beachtlech Sommen. Niewebäi bemierkt halen ech och d'Aussoen vun eenzelne Leit, dass ee fir vill manner Suen quasi alles hätt kennen astandsetzen an erhalen, fir net ganz fundéiert. Trotzdem hun d'Regierung an d'Parlament sech zesummen mat ville bedeelegten Acteuren Zäit geholl, fir sech mat den Doléancen vu verschiddenen Interessegruppen ausernaner ze setzen. Ech begréissen dobäi ganz besonnesch d'Efforten vun der Regierung, fir sech mat den dynameschen Amis des Hauts-fourneaux zesummen ze setzen, denen hier Erfahrung a Sachkenntnis e wichtege Bäitrag fir dese Projet sin. Här President, Mir schwätzen haut iwert e Finanzéierungsgesetz, dat et erlabe wert, d'Héichiewen zu Esch um Site Belval ze erhalen. Ech well awer betounen, dass d'Héichiewen an de geplangte Centre National de la Culture Industrielle ontrennbar mateneen verbonne sin a bleiwe mussen, och wa mir den ursprüngleche Projet de loi an zwee gedeelt hun. Wa mer dat nët sou géife gesin, géife mer all dene Recht gin, déi soen d'Héichiewen wieren « doudeg » Zäitzeien. Eng eesäiteg « museal » Conceptioun wier reckwärts geriicht a géif sech aleng un der Vergangenheet orientéieren. Mir wellen awer eng innovativ Approche, mir wellen dass d'Héichiewen an den CNCI sëch an e neie Quartier integréieren, de no fir an an d'Zukunft geriicht as, mat engem interaktive Konzept, dat och jonk Leit usprecht. Et kéint ee kritiséieren, dass de Konzept vum CNCI net am Detail um Desch loung. Dat wier awer schued fir déi vill gut Arbecht, déi hei geleescht gouf a fir déi mär Leit wéi dem Antoinette Lorang, dem Denis Scuto, dem Jean Goedert a villen aneren, déi sech an dem Groupe de Travail engagéiert hun e grousse Merci sollte soen. D'Iddi as déi, dass den Zentrum vun der nationaler Industriekultur nët nemme soll dokumentéieren, wéi et fréiher um Site Belval ausgesin huet a wéi d'Héichiewe fonctionnéiert hun. Niewt themateschen a kulturelle Veranstaltungen, déi mam Sujet zesummen hänken, as virun allem e wichtegen interaktive Volet mat viergesin, wou d'Uni, d'Centres de recherche an Experten vu baussen Aktivitéiten proposéieren, bei denen d'Participantsen kenne léieren, expérimentéieren a konzeptuell schaffen. Domat soll e kloere Lien zu eiser Zäit an zur zukünfteger Entwecklung am Land hiergestalt gin. Gläichzäiteg erlabt dat eis den Innovatiounsgeescht, den iwer Joerzengten d'Stolindustrie hei am Land geprägt huet, a weider prägt, an en neien Zäitalter mat eriwer ze huelen. Den Drang an d'Bereetschaft, fir emmer erem nei Arbechtsmethoden an nei Technologien ze entwecklen, huet de Succès an de Räichtum bruecht, vun dem eist ganzt Land profitéiert huet. Des Charakteristik soll och an Zukunft den Site Belval ausman a genee dat sollen, Hand an Hand, d'Uni an d'Centres de recherche, an och de CNCI vermëttelen. Wé de Rapporteur et vierdru scho gesot huet, sti mer, wat d'Erhale vun den Héichiewen ugeet, zimlech enner Zäitdrock. Et war demno an der Commissioun de Wonsch, sou schnell wéi méiglech d'Finanzéierung vun dene geplangte Moossnahmen ze garantéieren. Gläichzäiteg war d'Bedürfnis do, fir sech méi Zäit ze huelen, a sech aktiv mam Konzept fir den CNCI ausernaaner ze setzen. Fir béiden Interesse gerecht ze gin, gouf proposéiert. déi zwee Voleten ze trennen, an an zwee separaten projets de loi ze behandelen. Et war allerdings genau sou kloer, dass esou e Schrett nët géif bedeiten, dass de Projet CNCI a Fro gestallt get. An der Kommissioun ware mer eis eenz, dass d'Héichiewen an den CNCI zesumme gehéieren, och wann een sech fir den CNCI e besse méi Zäit ka loossen, wéi fir d'Héichiewen. Meng Fraktioun war domat d'accord, di zwee Volets'en vuneneen ze trennen, wat eis d'Geleenheet get, fir de Konzept vum CNCI färdeg auszeschaffen an am Detail ze diskutéieren. Zweetens as et méi wi acceptabel, wann an Zäiten vun der Kris Projeten aus budgetaire Grenn an der Zäit décaléiert gin, an drettens hale mer iwert eng Motioun, déi mär selbstverständlech matdroen kloer fest, dass de CNCI net vergiess as. Här President, D'Héichiewe sin d'Séil vun dem neie Quartier Belval an d'Industriekultur muss en zentralt Element vun der Valoriséierung vun dem Site bleiwen. Wéi et schon e puer mol erfirgestrach gouf, sin d'Héichiewen net nemmen Zeien aus enger Ära, déi ob en Enn gang as, mais si sin och e Symbol vum Innovatiounsgeescht, vun der Recherche a vum Fortschrett, déi heiandsdo hart erkämpft musse gin, mais déi zesummen de Wuelstand vun eisem Land begrennen. Wann et eis gelengt, déi Verbindung, mat der Hellef vum CNCI, sichtbar ze machen, dann hun d'Héichiewen hier Plaaz teschent de neien Unis-Gebaier, op engem Site, dée wéi kaum en aneren di ennerschidlechst Liewensberäicher matennee verbënnt an a méi wéi enger Hinsicht zukunftsorientéiert as. Studéieren, Schaffen, Wunnen a Fräizäit fannen sech am neie Quartier Belval erem, an de politesche Wellen, fir aus der Reconversioun vun der Friche Belval e Modellprojet fir d'Land ze machen, as weiderhin onverkennbar. Duerch d'Präsenz vun der Universitéit ensteht an denen nächste Joeren d'Masse critique déi ee brauch, fir esou e Projet all Daag mat Liewen ze fellen. D'Regierung hällt Wuert andem se vill Aspekter vun der Nohaltegkeet berücksichtegt a realiséiert. Dozou gehéiert enner anerem d'Dezentraliséierung vun Administratiounen, oder den Uschloss vun dem Site un eng modern Gare, fir dass e méiglechst gudde Modal-Split kann erreecht gin. Gläichzäiteg gouf no enger optimaler Komplementaritéit teschent privaten Träger an öffentleche Gebaier gesicht. D'Entwecklung vu Belval entsprecht enger Visioun, wéi mer an Zukunft welle plangen a Liewen : eng héich Liewensqualitéit an en effizienten Emgang mat Ressourcen. Kuerz Weer, den Obbau vun neie soziale Kontakter teschent denen, déi do wunnen, an denen déi do schaffen, oder hier Fräizäit do verbrengen. D'Héichiewen an den CNCI machen dobäi d'Breck teschent der Vergangenheet an der Zukunft. Si erenneren un déi hart kierperlech Arbecht, déi eis Pappen a Grousspappen an der Stolindustrie gelleescht hun, un d'Fundament ob dem de Wuelstand vun hiere Kanner konnt entstoen. Si erenneren och un den Iwergang vun enger duerch Landwirtschaft geprägter Gesellschaft an den Zäitalter vun der Schwéierindustrie, a méi rezent zu enger wëssensbaséierter Gesellschaft, déi Dengschtleeschtungen, nei Technologien, Innovatioun a recherche an de Mëttelpunkt stellt. Här President, Global gekuckt verlangt de Projet Belval en imense kollektiven Effort an héich Investitiounen. D'Héichiewen sollen eis virun Aen halen, dass esou Investitiounen, déi Courage, Vertrauen an d'Zukunft an en opene Geescht verlangen, spéider hier Friichten droen an e Garant vum Wuelstand sin. D'LSAP steet geschlossen hannert desem Projet a wärt och d'Motioun ennerstetzen, déi drun erennert, dass dese Projet de loi just eng Etappe duerstellt, déi ouni de CNCI net komplett as. Domat brengen ech den Accord vu menger Fraktioun a soen merci fir d'Nolauschteren. Informatiounen zu dësem Thema: La reconversion des friches industrielles dans le sud du Grand-DuchéDiscours Lydia Mutsch
Dir Damen an Dir Hären,
Dir Damen an Dir Hären,
Dir Damen an Dir Hären,
Dir damen an Dir Hären,














