| Date: 2010-07-19
Auteur: LSAP |
|
De Parteipresident, Alex Bodry ass vun der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber fir 2. Kéier an senger politescher Carrière als Budgetsrapporter designéiert ginn. Hien wäert domat den Rapport zum Budget 2011 Enn dës Joers an der Chamber presentéieren. Den Alex Bodry huet ënnerstrach, dat dësen Budget net einfach gëtt, well et drëm geet ze verhënneren dat den Staat sech weider verschold an doduerch déi zukünfteg Generatiounen iwwerméisseg belaascht. „Et ass wichteg fit een Equiliber tëschent enger gesonder Spuerpolitik an enger enger iwwerluechter Sozialpolitik ze fannen, déi net zu laaschten vun der Mëttelschicht oder vun deenen mat engem klengen Akommes geet“, so den Alex Bodry weider. De 5. Oktober 2010 wäert den Projet de Budget vum Finanzminister an der Chamber déposéiert ginn.














