| Date: 2010-07-16
Auteur: HAAGEN Claude |
|
Den Deputéierten Claude Haagen well gären an enger parlamentarescher Ufro un déi zoustänneg Ministeren wëssen firwat dat d’Douane net dierf Gefierer kontrolléieren déi manner wéi 3,5 t weien. An sengen Aen ass et onlogesch, dat Douane zwar dierf Camione unhalen déi iwwerlueden sinn, mä z. Bsp. net dierfen een Persounenauto mat enger Roulotte unhalen, wou et quasi offensichtlech ass, dat de véhicule déi maximal zoulässeg Masse bei wäitem iwwerschreit an domat eng grouss Gefor fir Verkéierssécherheet duerstellt.














