| Date: 2010-02-04
Auteur: MUTSCH Lydia |
|
Nanotechnologie as en Trendwuert gin. En Trendwuert an deem di eng en Hoffnungsträger an Déi Erausfuerderung gesin fir eis Gesellschaft no vir ze bréngen, di aner awer e Risiko an eng Gefor däer mäer nët gewuess sin. D'Positioun vun der Europäescher Kommissioun spigelt e bëssen erëm, wi hin- an hirgerappt all déi sin, di de richtege Wee sichen bei hirer Aufgab, eng villverspriechend Zukunfts-Technologie ze förderen a gläichzäiteg dofir ze suergen, dass dës Technologie sëcher an ouni negativ Auswiirkungen fir de Mënsch a fir d'Natur agesat a genotzt ka gin. Ech hun direkt um Ufank vu ménger Interventioun vun engem Trend geschwat. Tatsach as, dass e neie Produit, mat all séngen Applikatiouns-méiglechkeeten, deen ëmmer mi populär, ëmmer mi erfollegräich a mi kompetitiv gët –en Trend eben- d'Diskussioun ronderem d'Sëcherheet an d'Risiken ëmmer méi an den Hannergrond drängt. Am Genre: Wann et konnt esou wäit kommen, dass Nanoprodukter haut schon den europäesche Mart iwerschwemmen ouni dass am Virfeld eng gréisser Diskussioun doriwerstattfond huet, da brauch een och après coup de Cortège nët méi verdiewen.. Mee dorems geet et eigentlech net. Beim Thema Nanotechnologien geet et em mikroskopesch kleng Deeler dofir awer milliouneschwéier Mäert. An zwar a ganz ville spezialiséierte Fachberäicher, di zum Deel aneneen iwergräifen: d'Physik fir Konstruktioun, Maschinebau Mechanik an Elektronik, d'Chemie fir op d'Struktur vum Material anzewierken, d'Medizin fir durch e gezielten Asaatz vu Nanopartikelen verschidde Krankheeten besser ze meeschteren, besser Diagnosen ze erstellen a mi efficace Therapien ze entwéckelen. Nano as also kee neie Produit mee Nano mëcht nei Produits'en méiglech! Mi Fonctiounen, besser Procédé'en, méi Effizienz a besser Ofsatzméiglechkeeten. Dementspriechend breet as d'Asatzpalett. Sie reecht vun de Fëllunge fir d'Zenn iwer de neie Lack fir den Auto bis hin zu speziellem Schigezei fir de Wantersport, neie Materialien zum Brandschutz fir eis Pompiers'en oder extra traitéierte Nano-Partikelen fir d'Waasserbehandlung an d'Buedemsanéierung. Dat ganzt an enger Gréissenuerdnung di een sech weder ka virstellen nach mam bloussen Aa gesin, am Genre 1000x mi kleng wi den Duerméisser vun engem mënschlechen Hoër. A vrun allem mat der formidabeler Méiglechkeet fir di elementar Eegenschaften vu Materialien ze änneren a se fir nei Produits'en oder Uwendungen anzesetzen, ze notzen, ze vermuarten. D'as wuel wouer, dass villes wourun d'Fuerscher haut am Beräich vun der Nanotechnologie schaffen, ënnert d'Rubrik Theorie oder Zukunftsvisioun fällt. Nët emsoss as dës Technologie jorzingtelaang mat Science Fiction a Verbindung bruecht gin. An awer wert dat meescht fréier oder spéider Realitéit gin a schon elo huet d'Nanotechnologie scho lues an onopfälleg Anzug an eisen Alldag geholl, wi iwernächst Woch d'Sonnecrèmen (mat UV-Protectioun aus Nano-Titandioxid zu Äerer Informatioun) an den Trousse fir mat an de Wantersport et erem enner Beweis werte stellen. Genee su beandrockend wi den Anzug vu Nano-Produits'en an eisen Alldag as di rasant Martentwécklung. A ganzen Industriezweiger wire Produits'en ouni Nanotechnologie scho laang nët mi konkurrenzfäheg. Och d'economescht Wettrennen em Déi Héichtechnologie vum 21. Jorhonnert as scho voll amgaang an zwar am Zäitalter vun der Globaliséierung weltwäit. Länner wi China mat Taiwan sin enorm aktiv a performant an investéieren enorm Sommenfir d'Entwécklung an d'Kommerzialiséierung vu Nanoproduits an an d'Ausbildung vu qualifizéiertem Nowuess dee mat dene neie Schlësseltechnologien eensgët. Och Japan investéiert massiv an d'Erfuerschung vu Nannotechnologie a lounge mat 525 Mio. am Joer 2008 nëmme knapps hannert den Amerikaner. Wat d'Umeldung vu Nanotech-Patenter ugeet stin d'USA mat 43% op éischter Plaz a Japan mat 27% op der 2. Plaaz. Op der 3. Plaz fënnt een d'EU mat 20% a China mat 17% vun de Patenter Well d'Nanotechnologie an de Beräich vun den innovativen Technologien fällt a sëch domat gréisstendeels tëscht der Entwécklungs- an der Vermartungsphase bewegt, as d'Fro vun der Finanzéierung vun allergréisster Bedeitung well sie d'Richtung vun der Fuerschung enorm beaflosst. Aleng tëscht Europa an Amerika bestin immens Ennerscheeder wat d'Hierkonft vun de finanzielle Fördermëttelen ubelaangt. Wuel leie béid Acteuren bei ca. 6 Mrd (op en Zäitraum vu 5 Joer berechent) Eent steet fest: Et gët e riesege Marché, et gët rieseg Besoins'en an et gët rieseg Erwaardungen. E Beispill dofir as di potentiell Contributioun di d' Nanotechnologie bei der Léisung vu schicksalträchtegen Zukunftsfroen kéint leeschten, ënner anerem bei der Fro vum Drénkwaasser oder bei der globaler Versuergung mat sëcherer a propperer Energie. Mee all Medaille huet 2 Säiten: Succès um Marché as dat eent an e verantwortungsvollen Ëmgang mat de neien Technologien as dat anert. Prinzipiell deckt den europäesche Rechtskader di mat Nano-Materialien verbonne potenziell Gesondheets-, Sëcherheets- an Ëmweltrisiken of. D'Betounung heibäi läit awer op „prinzipiell". Partikelen an däer Gréissenuerdnung kënne nämlech chemesch a physikalesch Prozesser ausléisen, di een nët ka virausgesin. Grat dofir as eng déifgräifend Risikofuerschung an eng gezielten Upassung vun de gesetzleche Virschrëften a Kontrollmechanismen noutwendeg. Och zu Lëtzebuerg gëlt dat Wurt „prinzipiell" well gesetzlech Regelungen, di sëch speziell op d'Nanotechnologie an hir Applikatioun bezéien hu mär hei am Land nët. Et gët och bei eis nët a Fro gestallt, wéi eng erhieflech Potenzialer fir d'Competitivitéit, fir de medizinesche Fortschrëtt a fir d'Entwécklung vun innovativen Emwelttechnologien mat de Nanotechnologien verbonne sin. Et muss een awer gläichermoossen d'Risiken, di se méiglecherweis fir de Mënsch a fir d'Emwelt duerstelle kënnen, erkennen a se mat der Hëllef vu Fuerschung a Reguléierung su wäit wi méiglech verhënneren. An deem Zesummenhang as et ze begréissen, dass d'EU-Mëttelen fir d'Fuerschung ronderem d'Risikobewertung an de Risiko Management aleng fir den Zäitraum 2007-2008 op méi wi 50 Milliounen opgestockt goufen. Di gréisste Bedenken enstin verständlecherweis beim Asetzen vu Nanomaterialien bei Liewensmëttelen, wou elo schon op Nanomaterialien zeréckgegraff gët fir de Goût oder d'Textur vun engem Liewensmëttel ze veränneren oder eng beser Handhabung bei der Qualitéit oder bei der Durée de consommation ze kréien. Dat erennert mëch un d'Diskussiounen di mer och schon an dësem Haus gefouert hun ronderem genmanipuléiert Organismen, hir Asatzméiglechkeeten, hir Risquen an di elementar Regelen fir d'Informatioun an d'Protectioun vun de Consommateuren. Mat enger korrekter Kennzeechnungspflicht kann all Verbraucher fräi entscheeden op en de Produit keeft oder nët. Wann een d'Akzeptanz vun de Bierger erreeche wëll –an di Bereetschaft sollte mer durchaus hun- da gëlt et also prioritär ze klären, a wéi enger Form Nanomaterialien opgrond vun hirem Hirstellungsprozess, bei der Utilisatioun vum Produit an de mënschlechen Organismus gelaange kënnen a wéi eng Schied se méiglecherweis bewiirke kënnen. Eng transparent, vun der Industrie, der Recherche an den Administratiounen gläichermoossen unerkannte Bewertung vun den Hirstellungsprozesser a vun de Produits'op hir Risiken fir Emwelt a Gesondheet hin as dofir absolut noutwendeg. Déi selwescht Iwerléungen sollen iwregens och am Zesummenhang mat verlässlechen Analysen, Daten an Informatiounen ronderem di verschidden Ökosystemer gëllen. Och a grat am Beräich vun der Ecologie brauche mer an der zukunft eng sérieux Grondlagefuerschung, sëf et fir Solarzellen, nei Materialien am Energiesecteur, de Stroumtransportfir oder fir Liechtbaumaterielien. Wann et eis gelént, mat der Hëllef vun der Fuerschung di grouss Zesummenhäng am Emwelt- an Energieberäich ze erfaassen an ze begräifen, dann erreeche mer mat der Hëllef vun de Nanotechnologien e globale Notzen fir d'Mënschheet. Wann eng nei Technologie en Trend duerstellt, da sin onkonventionell a nei Asätz mat am spill an da kann eng ganz Economie dovunner profitéieren. Wann sëch, wi eis Nopeschlänner eis dat weisen, e neie Wirtschaftspilier ronderem Start-up'en, innovativ kleng- a mëttelstänneg Betrieber (di musse mer och bei eis am Land onbedingt mat an d'Boot kréien!!), mat akademesche Spin-offen, mat dynameschen Acteuren aus dem öffentlechen an aus dem private Secteur da kënnen d'Nanotechnologien och zu Lëtzebuerg deen Innovatiounsschub duerstellen dee mär fir d'Zukunft vun eisem Land brauchen. An deem Zesummenhang wert der zukünfteger Cité des Sciences um Standuert Esch-Belval, mat der Universitéit, de Centres de recherche (ech denken do virrangeg un de Centre Gabriel Lippman an un de CRP Tudor mam Technoport Schlassgoart) an der Pépinière d'entreprises vum Ministère de l'Economie eng zentral Bedeitung zoukommen. An zwar suwuel fird'Mise en place vun enger Plate-forme d'échange, di mäer grat am Beräich vun de neien Technologien fir d'Zesummewiirken vun allen Acteuren onbedingt brauchen, wi och als Grondlag fir eng technologesch Offensiv, op di eist Land nët verzichten kann. Ofschléissend wielt ech gär dem Interpellant merci soen fir mat Wäitsiicht an in weiser Voraussicht dës Debatt scho virun 3 Joër ugefrot ze hun. Dat beweist, dass de Legislateur sëch och an der Zukunft nach weider steigere kann a séngem Beméien, mam gesellschaftlechen an technologeschen Fortschrëtt Schratt ze halen. Deem Beméien, wat scho bal en Dauerkampf duerstellt, wëll ech mëch zesumme mat de Memberen vun der Gesondheets-kommissioun gäeren uschléissen fir de gesellschaftlechen Débat dee mäer ronderem d'Nanotechnologien werte kréien, aktiv mat ze begleeden. Lydia Mutsch Discours de Mme. la Députée du LSAP Lydia Mutsch














